Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Déi zweet Staffel vu Glow kënnt am Juni!
speed dating dans le 44

Déi zweet Staffel vu Glow kënnt am Juni!

GLOW ass eng vun deenen aussergewéinlechste Serien, déi Netflix am

https://moien.lu/tempat-dating-kota-kinabalu/
speed dating dans le 44

https://moien.lu/dating-paper-watermarks/

Um véier Auer gëschter Nomëtteg huet den italienesche Regierungschef Giuseppe

Lëtzebuerger Lidder – Eis Kultur dierf net verluer goen!
speed dating dans le 44

Lëtzebuerger Lidder – Eis Kultur dierf net verluer goen!

Et muss sech méi fir eis Lëtzebuerger Traditioune, Bräich an

Doktere vun der Welt: Grippeimpfung fir d‘Leit vun der Strooss

Doktere vun der Welt: Grippeimpfung fir d‘Leit vun der Strooss

Wéi schonn 2016, mécht och dëst Joer keng Ausnam an d‘Doktere vun der Welt (MdM) lancéiert seng Campagne, fir gratis all déi géint d‘Gripp ze impfen, déi keen Zougang zum nationale Gesondheetssystem hunn.

De leschte Freideg ass déi éischt Persoun vun Doktere vun der Welt géint d‘Gripp geimpft ginn an huet domatter de Startschoss gi fir déi zweet Campagne vun MdM. Eng Campagne déi bis den 31. Dezember lafe soll a jidderengem deen eng Demande mécht zougänglech sinn.

Geimpft gi ka een an engem vun den MdM-Zentren, zu Esch Uelzecht oder zu Bouneweg. Duerchgefouert gëtt d‘Prozedur vu fräiwëllegen Dokteren déi dat am Kader vun den éischte Soinen all Dag ubidden. Besonnesch ugeschwat vun dëser Campagne, ginn all déi Leit zu Lëtzebuerg déi aus dem System gefall oder guer net dra sinn.

Wéi all Joer ginn all d‘Partnerorganisatiounen agelueden hir „Clienten“ an d‘Zentre vun MdM zwecks Impfung ze schécken. Et ass dat dann och kee banale Geste, mee een dee Liewe rette kann, erkläert eis d‘Sylvie Martin. Eng Offer déi gären ugeholl gëtt.

Preventioun richteg ëmgesat

„Mat der Campagne vum leschte Joer, huet de Fait, datt vill Leit sech géint d‘Gripp impfe gelooss hunn dozou gefouert, datt och no weider Impfungen, wéi Tetanus, nogefrot goufen“, esou d‘Catherine Convié, déi fir d‘Koordinatioun vun de nationale Projete verantwortlech ass.

„Mat der Grippeimpfung konnte mer de Volet an de Preventioun vergréisseren an esou de Leit e Soin zoukomme loossen, deen hinne soss versot wier. Déi Leit hunn, well dat wichtegst all Dag iessen a schlofen ass, net wierklech de Reflex un eng Impfung ze denken“, notéiert d‘Catherine Convié.

D‘Campagne vun Doktere vun der Welt gëtt integral duerch Done finanzéiert. 12 Euro sinn de Präis fir eng Persoun ze impfen. Maacht mat an ënnerstëtzt och dir dës Campagne mat engem Don op den IBAN LU75 0020 0100 0005 0700.

Ähnlech Sujeten Doktere vun der Welt, Grippeimpfung
Nächsten Artikel Virrechten Artikel