Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

No der Faillite vu „Mille-Services Sàrl“
Neiegkeeten

No der Faillite vu „Mille-Services Sàrl“

Den Elektriker-Betrib Mille-Services Sàrl ass den 22. Juni Offiziell als

Human Rights Watch Film Festival 2020 – Wou Mënscherechter ënnert d’Lëns geholl ginn
Neiegkeeten

Human Rights Watch Film Festival 2020 – Wou Mënscherechter ënnert d’Lëns geholl ginn

New York – Den Human Rights Watch Film Festivals (HRWFF)

USA: Familljen ausenanerrappen, dat geet guer net!
Neiegkeeten

USA: Familljen ausenanerrappen, dat geet guer net!

An dat huet elo och den Trump verstanen, deen an

Dokteren ouni Grenzen maache Campagne fir nei Donateuren ze gewannen

Dokteren ouni Grenzen maache Campagne fir nei Donateuren ze gewannen

Säit dem 27. November an nach bis den 22. Dezember, lancéiert Dokteren ouni Grenzen (MSF) eng Rekrutement-Campagne fir nei Donateuren ze gewannen. Dës Aktioune fanne statt an der grousse Geschäftszentren a Spidoler vu Lëtzebuerg. Wann d‘Prioritéit nach ëmmer op der Sensibiliséierung vun der Populatioun läit, esou ass dat erkläerten Zil vun der Campagne, nei Donateuren ze fannen.

D‘Campagne gëtt mat véier Partner duerchgefouert. Déi si liicht ze erkennen, well si entspriechend gekleet sinn, an en offizielle Badge vu MSF op siichtbar op sech droen. MSF verséchert, datt all dës Persounen intern forméiert gi sinn, wat e respektvollen Ëmgang mat de Leit deenen si begéine soll sécherstellen. Et gëtt och nach emol drop higewisen, datt MSF nimools Boergeld unhëlt.

Wie gewëllt ass MSF en Don ze maachen, erhält ëmmer e Formular, deen entspriechend ausgefëllt muss ginn. D‘Onofhängegkeet an d‘Onparteilechkeet vu MSF gëtt duerch dës Donen assuréiert. Tatsächlech verhält et sech esou, datt 96% vun den Done fir MSF, vu private Fonge kommen. Dës nei Campagne leescht en enorm wichtege Bäitrag zum Erhalt vun dëse Wäerter.

Dir kënnt d‘Aktiviste vu MSF op folgende Plaze begéinen:

  • vum 27. November bis 1. Dezember am Delhaize zu Alzeng a Jonglënster
  • vum 4. Dezember bis 7. Dezember am Spidol Kierchbierg an der Zitha-Klinik
  • den 8. Dezember am Lidl zu Stroossen a Beggen
  • vum 11. bis 14. Dezember am Spidol zu Ettelbréck a Wolz
  • den 15. Dezember am Lidl zu Stroossen a Beggen
  • vum 18. bis 21. Dezember am CHL an am CHEM
  • den 22. Dezember am Lidl zu Stroossen a Beggen
Ähnlech Sujeten Campagne, Dokteren ouni Grenzen, Donateur
Nächsten Artikel Virrechten Artikel