Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Wéi a firwat fonctionnéieren Shared Spacen?
mobile home propane hookup

Wéi a firwat fonctionnéieren Shared Spacen?

Och zu Lëtzebuerg gëtt ëmmer mi oft dovunner geschwat: sougenannten

is cyrus dating jasmine
mobile home propane hookup

find love asian dating

Dem chineseschen Technologie-Konzern Huawei ginn zolidd Virwërf gemaach: Industriespionage, Geldwäsch

Wéinst dem Verkéiersreglement gouf et kuerzzäiteg Zoff am Escher Gemengerot
mobile home propane hookup

Wéinst dem Verkéiersreglement gouf et kuerzzäiteg Zoff am Escher Gemengerot

Et vergeet a grousse Gemenge kaum eng Rotssëtzung ouni datt

Dokteren ouni Grenzen: Wou Liewen ass, ass Hoffnung

Dokteren ouni Grenzen: Wou Liewen ass, ass Hoffnung

Zu Mossul am Irak stinn sech d’Kräfte vun der Koalitioun an de Recht vum islamesche Staat (IS) géinteniwwer, an ee puer honnertdausend Ziviliste mattendran, oder wéinstens dertëschent. Direkt hannert der Front dann och d’Equippe vun Dokteren ouni Grenzen (MSF) déi op der Plaz alles mënscheméigleche maache fir Liewen ze Retten an dat mat enger stoescher Neutralitéit déi se auszeechent.

D’Al Salam Spidol gouf bei de Kämpf ëm Mossul ganz zerstéiert (Foto MSF)

Fir sech ee méi kloert Bild vun der Lag kënnen ze maachen an och op d’Situatioun wéi se vir Uert tatsächlech ass hinzeweisen, hat MSF um Dënschdeg op eng Pressekonferenz agelueden. De Paul Delaunois, Direkter vun MSF zu Lëtzebuerg a mëttels Videokonferenz zougeschalt de François Dumont, Direkter fir Kommunikatioun bei MSF an Italien a grad eréischt aus dem Irak zréck, hunn déi aktuell Situatioun presentéiert.

An der Emprise vum Krich

Wéi de Paul Delaunois et resuméiert, hunn säit Februar 425.000 Mënschen d’Stad Mossul verlooss an et gëtt wéinst den undauernden Ausernanersetzungen, déi den 17. Oktober 2016 ugefaangen hunn, bis haut méi ewéi 730.000 Leit déi hiert Heem verluer hunn an deels an Opfanglager ënner Dach komm sinn. All dëse Mënsche feelt et awer, wéi ëmmer an esou enger Situatioun, un allem an besonnesch un enger medezinescher Infrastruktur.

An deem ganze Gewulls huet MSF dann och ee grouss gestreeten Operatiounsfeld. Engersäits stinn se mat klengen Eenheete ganz no um Geschéien, fir déi am Kampf blesséiert Combattanten zäitno kënnen ze verpléischteren an un besser equipéiert Lazarette weiderzeleeden. Mee och fir den Zivilisten, deenen et engersäits gelongen ass dem IS ze entfléien, awer esou tëscht d’Fronte geroden a vu béide Säite beschoss ginn an, anersäits deene wou duerch d’Bomme vun der Koalitioun getraff goufen, éischt Hëllef ze leeschten.

Wéinst feelenden Infrastrukturen kann oft nëmmen eng erweidert éischt Hëllef geleescht ginn (Foto: MSF)

D’Zuelen déi de François Dumont dann och presentéiert sinn zimlech Aussokräfteg. Mat 516.582 „displaced people“ sinn zum 19. Februar esouvill Mënschen ënnerwee gewiescht wéi der hei am ganze Land wunnen. Tëscht dem 15. an 21. Mee waren et mat ronn 80.000 nach emol esouvill wéi d’Stad Lëtzebuerg Awunner huet, fir sech aus dem ëmkämpfte Quartieren op de Wee an eng relativ Sécherheet ze maachen.

Wann et un allem feelt

Säit der Entscheedung Mossul dem IS ofzeknäppen, wat och am Ament zimlech erfollegräich geschitt, si vill Deeler vun der Stad esou zerstéiert ginn, oder och einfach onbewunnt, wëll nach ze no un der Front, datt ee Liewen net wierklech méiglech ass. D’Feststellung awer, mat där eis MSF konfrontéiert, ass datt déi ganz medezinesch Infrastruktur zerstéiert ass. Net ee Spidol, nach net emol en Behandlungsraum, deen een als funktionell kéint bezeechnen.

All Lazarett dat chirurgesch Agrëffer kann iwwerhuelen ass Mobil. De François Dumont erkläert, datt an nëmmen dräi Méint an engem „Spidol“ vun MSF iwwer 2.600 Patienten ugeholl gi sinn. Iwwer d’Hallschent ware Kanner a Fraen an zwee Drëttel vun hinnen hate Krichsverletzungen. Dat ass dann awer och nëmmen d’Spëtzt vum Äisbierg. An der zweet gréisster Stad vum Irak, mat iwwer enger Millioun Awunner, mussen och all aner Pathologië berécksiichtegt ginn. Esou beispillsweis d’Schwangerschaften a chronesch Krankheeten.

 

Eng Mobil Eenheet leescht éischt Hëllef (Foto: MSF)

Zu all deem kënnt, datt grouss Nout fir all déi Traumatiséiert besteet, an natierlech och fir all déi wou schonns virdru psychesch ugeschloe waren. No elo gutt aacht Méint huet den IS nach d’Alstad an en Deel vum Osten a senger Gewalt. Mat senge siwe Strukture leeschten d’Dokteren ouni Grenze mat enger Ronn 700 Leit Personal hiert bescht. Wou awer och hinne Grenze gesat sinn, ass beim besuerge vun Iessen, propperem Waasser an eben enger Alldagsmedezin, vu dat am Ament den Akzent op der Kirchschirurgie läit, wat ugesicht den Ëmstänn ze verstoen ass.

Ee wichtege Punkt betrëfft déi jéngste Kanner, déi vun enger besonnescher Hongersnout getraff ginn. Vill Mamme kënnen hir Bëbeeën net méi nieren an bis zu véierzeg nei Fäll ginn all Woch, just vun MSF gezielt. Dat huet MSF gedrongen een Nutritiounszenter anzeriichten. Leider feelt et hei, wéi eigentlech am ganze Krisegebitt u „Mammemëllech“ a vill Kanner kënnen sech och net selbststänneg ernieren. D’Situatioun ass deemno batter Eescht an MSF kann all Hëllef an Ënnerstëtzung gebrauchen, besonnesch wëll MSF, fir sech seng Neutralitéit de erhalen, keng Sue vu staatlecher Säit unhëlt.

 

Ähnlech Sujeten Dokteren ouni Grenzen, Irak, IS, Mossul, MSF
Nächsten Artikel Virrechten Artikel