Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Editorial: Wann se dir um Autofestival eng vun der Gees erzielen
Kultur Neiegkeeten

Editorial: Wann se dir um Autofestival eng vun der Gees erzielen

Wéi domm dierf e Mënsch sinn? Dat ass am Kontext

Idles um Siren’s Call 2019
Kultur Neiegkeeten

Idles um Siren’s Call 2019

Den 29. Juni 2019 fënnt déi 3. Editioun vum Siren’s

6 Saachen, déi s de net iwwert den Hugh Hefner wousst
Kultur Neiegkeeten

6 Saachen, déi s de net iwwert den Hugh Hefner wousst

Haut ass de Grënner vum Playboy, den Hugh Hefner, am

Hip Hop/Reggae: Kommt och dir op dem „Don gio“ seng release Party

Den 20. Abrëll gëtt d‘KuFa iech e Rendez-vous vir eng „Good Vibes“ Soirée

Hip Hop/Reggae: Kommt och dir op dem „Don gio“ seng release Party

Um Programm: Den Don gio dee sech eng Freed wäert maachen säin éischten Album „Educate Yourself“ virzestellen. Dësen Album ass däitlech vun de Wuerzele vum Hip Hop an der Reggae-Musek beaflosst ginn, woubäi de Kënschtler datt ganzt mat Elementer aus der „Dancehall“ ze mësche wousst.

Komponéiert ginn ass den Album vum Olivier Roda (R.I.C.) deen dann och d‘Opnam am eegene Studio (Studio Uno Don Roda) realiséiert huet. Gemastert gouf dat ganzt am „Dubwise Factory Studio“ vum Serge Gueulon (Serial P). Fir de Live-Optrëtt an der Escher Kulturfabrik, gëtt den Don gio vun der „Roots Intention Crew“ (R.I.C.) begleet.

Don gio

RIC gëllt als eng vun de renomméiertste Gruppen am Segment Reggae/Dancehall, an ass bekannt fir seng „energesch“ Show-Akten. Si loossen dann och kaum ee vun de Genren aus, bréngen dofir zolidd Beweegung an d‘Haiser an deenen si optrieden. Et dierf een dann och ganz frech behaapten datt si fir d‘Fans vun dëser Musek, onëmgänglech sollte sinn.

Fir de „release“ huet den Don gio eng Rei „Frënn“ agelueden, déi op hir eegen Aart a Weis, an oft ganz eegewëlleg, zu Lëtzebuerg an der Zeen present sinn. Fir waarm ze ginn, gëtt den Owend (19.30 Auer) mat DJ Funkstarr agelaut. Wann et da mat der Stëmmung klappt, gëtt et nach eng „De Läbbel Session“ mat ënnert anerem: Maka MC, BC One an Edel Weis.

Den Ticket kascht am Virverkaf 15 Euro (inkl. Fraisen) um Owend selwer 18 Euro. Ticketen gëtt et an der Kulturfabrik (KuFa) ënner www.kulturfabrik.lu

Ähnlech Sujeten Don gio, Educate Yourself, KuFa, Kulturfabrik, Olivier Roda
Nächsten Artikel Virrechten Artikel