Search

You may also like

CONGÉS ANNULÉS mat Autumn Sweater an dem Bartleby Delicate!
International Neiegkeeten

CONGÉS ANNULÉS mat Autumn Sweater an dem Bartleby Delicate!

Nodeems e Samschdeg de summerleche Festival CONGÉS ANNULÉS seng Opening

natur&ëmwelt: Video Projet „E staarkt Benevolat am Naturschutz“
International Neiegkeeten

natur&ëmwelt: Video Projet „E staarkt Benevolat am Naturschutz“

„E staarkt Benevolat am Naturschutz“ ass ee vum Ministère fir

Dossier Khashoggi: Frankräich diskreditéiert d‘Tierkei
International Neiegkeeten

Dossier Khashoggi: Frankräich diskreditéiert d‘Tierkei

E Méindeg sinn se zu Ankara eppes „aus der Këscht

Den Donald Trump huet Immigranten de Kampf erkläert – 800.000 Dreamers mussen dowéinst em hier Zukunft fäerten

E Schrëtt dee vu ville Säite kritiséiert gëtt

Den Donald Trump huet Immigranten de Kampf erkläert – 800.000 Dreamers mussen dowéinst em hier Zukunft fäerten

Um Dënschdeg huet den Donald Trump den Dreamers-Programm vum Barack Obama ofgebrach. E Programm deen et e puer honnert dausend jonken ouni Openthaltsrecht erlaabt huet an den USA ze bleiwen. D‘Entscheedung vum amerikanesche President huet op e neits vill Opreegung an der politescher a wirtschaftlecher Gesellschaft ausgeléist.

D‘Zukunft vun de ronn 800.000 „Dreamers“ (Dreemerten) déi aktuell en temporäre Statut hunn, deen et hinnen erlaabt ze studéieren an ze schaffen, ass a Fro gestallt. D‘Wäisst Haus huet de Kongress opgeruff innerhalb vu sechs Méint e Gesetz ze schafen. E Kompromëss zur Awanderung ze fannen, e Sujet deen zu Washington zanter Joerzéngte ganz ënnerschiddlech gesi gëtt, dierft net einfach ginn.

Säi Choix huet den Donald Trump net erkläert. De President huet just an engem Communiqué insistéiert, datt een dem amerikaneschen Aarbechter misst d‘Prioritéit ginn. Dat war och en zentraalt Thema vu sengem Wahlkampf. „Mir mussen eis erënneren, datt och déi jonk Amerikaner Dreem hunn“, esou den Trump.

D‘Verantwortung ofginn

Ee puer Stonne méi spéit, verséchert den Trump aus dem Oval Office, datt hie „ganz vill Léift“ fir dës jonk Mënschen hätt. Trotzdeem huet hien d‘Verantwortung un de Kongress weidergeleet. Dat bedeit, datt vun haut un, keng nei Demande ugeholl oder beaarbecht gëtt.

D‘Recht ze schaffen hunn se dann net méi, an se dierften zudeem aus dem Land verwise ginn.

D‘Permisen déi et scho gëtt an zwee Joer gülteg sinn, bleiwen onberéiert, bis zum Oflafdatum. Dann allerdéngs kann et schnell goen. D‘Recht ze schaffen hunn se dann net méi, an se dierften zudeem aus dem Land verwise ginn.

Eng Entscheedung déi net wierklech gutt ukomm ass. Bei den Demokrate selbstverständlech, mee och eng ganz Partie Republikaner hunn sech ëffentlech dogéint ausgeschwat. Aus der Wirtschaft an dem Ausland huet och ee sëlleche Reaktioune ginn. Hei gëtt dës Entscheedung fir eng „nationalistesch“ Moossnam gehalen.

Net all Mënsch ass gläich

Mexiko, vu wou déi grouss Majoritéit vu Kanner a jonken Erwuessenen hierkommen, huet sech besonnesch besuergt gewisen. Hei gëtt eng „schnell“ Léisung gefuerdert. Déi juristesch Onsécherheet, an där sech déi jonk Leit an de nächste Méint befanne wäerten, wier inakzeptabel.

Et ass en trauregen Dag fir onst Land

Mark Zuckerberg, Grënner vu Facebook

„Et ass en trauregen Dag fir onst Land“, esou de Mark Zuckerberg, Grënner vu Facebook. Vu Microsoft ass och Enttäuschung ze héieren: „Dat ass ee Réckschrëtt fir d‘ganzt Land“, esou de Informatik-Ris an engem kuerze Statement.

Och de Barack Obama huet sech gemellt: Hien denoncéiert eng kontraproduktiv Entscheedung, déi zudeem grausam wier – Ongerecht an net ze rechtfäerdegen, eng Mesure déi Kanner trëfft déi an de Schoule fir hir Zukunft léieren, jonk erwuessener hir berufflech Carrière a Fro stellt. „Et ass eng Fro vun elementarer Mënschlechkeet. Et geet drëms ze wësse wien mir sinn, a wien mir wëlle sinn“, esou den fréieren US-President.

De Problem war eigentlech vum Dësch

Well et um legislative Wee net viru gaangen ass, eng Léisung sech awer imposéiert huet, hat de Barack Obama 2012 en Dekret erlooss. Mam Programm „DACA“ (Deferred Action for Childhood Arrivals) sollten déi Kanner, déi mat hiren Elteren illegal an den USA ukomm sinn, eng realistesch Chance erhalen sech an d‘Gesellschaft ze integréieren.

Wann de Kongress op e neits net amstand wier eng „Léisung“ ze fannen, datt banne sechs Méint, „dann huelen ech mer der Saach un“ warnt den Donald Trump um Dënschdegowend an engem Tweet.

De Justizminister Jeff Sessions huet sengersäits en Dënschdeg gemengt, dat déi vum fréiere President eesäiteg agefouert Moossnam „honnert dausenden Amerikaner d‘Aarbechtsplaz kascht hätt, well et illegalen Awanderer erméiglecht hätt, sech um Aarbechtsmaart duerchzesetzen“. An de Justizminister leet nach eng drop: „Mir kënnen net all déi unhuelen, déi heihinner wëlle kommen, esou einfach ass et“.

Am Texas, ass et den Ken Paxton, dee „Victoire“ jäizt. De Justizminister vun Texas war och de Leader vum konservative Mouvement, dee sech géint dem Obama säi Programm ausgeschwat hat.

New York wëll kämpfen

E puer honnert Leit haten sech virum Wäissen Haus afonnt, fir eng Mesure ze veruerteelen, déi jonk Mënsche bestrooft. Jonker déi säit Joren do sinn, schaffen, Steiere bezuelen an hire Bäitrag um wirtschaftlechen Niveau leeschten.

Vill wirtschaftlech Acteuren, besonnesch aus dem Silicon Valley, ginn op d‘Barrikaden.

Vill wirtschaftlech Acteuren, besonnesch aus dem Silicon Valley, ginn op d‘Barrikaden. Et kéint net sinn, datt en Dekret a Fro gestallt gëtt, dee jonke Mënschen, wou nach net 16 Joer al sinn, an deene keng Strofdot nozeweisen ass, Hoffnung op eng sécher Zukunft bitt. De Bill di Blasio, Buergermeeschter vu New York huet ugekënnegt: „New York wäert fir seng Dreamers kämpfen“.

Zwee Senateure, deen een Republikaner (Lindsay Graham), deen aneren Demokrat (Dick Durbin) hu bei enger gemeinsamer Pressekonferenz verlaangt, datt den Debat esou schnell wéi méiglech opgemaach gëtt.

„Et kann net sinn, datt dës Kanner d‘Affer vun engem absurde politesche Prozess sinn“, esou de Graham, deen nach ënnersträicht, datt schnell muss gehandelt ginn, fir d‘Ausweisung vun den Dreemerten ze verhënneren.

mam Jerome Cartillier/AFP

Foto: Zu New York sinn d‘Leit op d‘Strooss gaange fir den „Dream Act“ ze verdeedegen, deen den Donald Trump um 5. September nees a Fro gestallt huet. (© Brian R.Smith/AFP)

Related topics Barack Obama, DACA, Donald Trump, Dream Act, Immigratioun, Jeff Sessions, USA
Next post Previous post