Search

You may also like

Sozialwahlen 2019: Syprolux stäipt sech géint d‘Gratuitéit vum ëffentlechen Transport
International Money Neiegkeeten

Sozialwahlen 2019: Syprolux stäipt sech géint d‘Gratuitéit vum ëffentlechen Transport

D‘Eisebunnergewerkschaft Syprolux, hat e Freideg an e Samschdeg, am Virfeld

Echsen-Merkel? Schulz-Zug? Deen heite Spot gesäis de leider net op der Tëlee
International Money Neiegkeeten

Echsen-Merkel? Schulz-Zug? Deen heite Spot gesäis de leider net op der Tëlee

Si mer eis éierlech: d‘Spots fir Wahle si meechtens décke

D‘Duettiste vun der Nuecht: de Mound an de Mars
International Money Neiegkeeten

D‘Duettiste vun der Nuecht: de Mound an de Mars

Et gëtt déi längste Mounddäischtert vum 21. Joerhonnert, an eise

money

Den Donald Trump schéngt et op en Handelskrich mat China ukommen ze loossen

Den Donald Trump schéngt et op en Handelskrich mat China ukommen ze loossen

Um Donneschdeg huet de Milliardär aus dem Wäissen Haus eng weider „diplomatesch Offensiv“ am Handelskrich mat China lancéiert. Hien dréit Peking mat der Aféierung vun neie Steieren op d‘Importer aus China. Dat ganzt mat engem Ëmfang vun 100 Milliarden US-Dollar, an als Äntwert op d‘Géigemoossname vu China.

Mee och wann den US-President sech entscheet huet den Drock op China ze erhéijen, am Ament sinn et nëmme Menacen. Den Handelsvertrieder Robert Lighthizer huet an engem Communiqué matgedeelt, datt d‘Mesuren déi den 3. Abrëll ugekënnegt goufen, eréischt no enger ëffentlecher Consultatioun a Kraaft trieden. D‘Aussiicht op en Handelskrich beonrouegt d‘Finanzmäert an d‘Investisseure. Och d‘Boursse weltwäit, hunn et a de leschte Wochen dowéinst net einfach.

„De President Trump proposéiert eng ugemoossen Äntwert op déi rezent Bedreeung vu China, nei Douanestariffer anzeféieren. No enger detailléierter Enquête, huet de Büro vum Handelsvertrieder (USTR) Beweiser fonnt, datt déi onsënneg Aktioune vu China, déi amerikanesch Wirtschaft bedreet“, erkläert de Robert Lighthizer.

D‘USTR denoncéiert dann op en Neits déi chinesesch Praktiken déi, esou d‘Siicht vun den Amerikaner, sech der intellektueller Proprietéit vun US-Entreprisen ermächtegt, déi gewëllt sinn oder scho Geschäfter a China maachen. „D‘Wirtschaften an der ganzer Welt – mat abegraff déi chinesesch Wirtschaft – géifen dovunner profitéieren, wa China eng Politik vun der Belounung géif aféieren, déi der Aarbecht an der Innovatioun zerguttst kënnt“.

US-Kapitalismus versus China-Sozialismus

„Leider huet China sech entscheet, mat enger Bedreeung ze äntweren, woumatter onberechtegt Douanestaxen op Milliarden US-Dollar vun US-Exporter erhuewe ginn, landwirtschaftlech Produkter abegraff. Dës Mesurë géifen eisen Aarbechter, Landwirt an Entreprisen nach méi schueden“, esou d‘USTR weider.

Als Äntwert op d‘Verëffentlechung en Dënschdeg, duerch d‘Trump-Administratioun, vun enger provisorescher Lëscht u Produkter, déi aus China importéiert ginn an neien Douanestaxen ausgesat sinn, huet Peking mat enger Lëscht vun amerikanesche Wueren entgéintgestallt. Produkter mat enger „strategescher Valeur“, wéi de Soja, de Loftfaart- an de Automobilsecteur. Och de Montant, dee Peking festgeluecht huet, orientéiert sech un den USA, a läit bei 50 Milliarden US-Dollar.

Peking huet sech beméit, déi vun Douanestaxe bedreete Wueren esou auszewielen, datt de wirtschaftleche Schued besonnesch déi Regiounen an den USA trëfft, déi den Donald Trump zum President gemaach hunn. China huet och eng Plainte bei der Welthandelsorganisatioun (WTO) agereecht, fir sech géint d‘Moossname vun den USA ze wieren.

Den Donald Trump huet sech virgeholl dem US-Handelsdefizit mat alle Mëttel ze begéinen. En Defizit deen hien als Zeeche vu Schwächt bei senge Virgänger ausgemaach huet. Si hätten der ganzer Welt erlaabt vun den USA ze profitéieren. An natierlech ass China betraff, ëmmerhi läit den US-Handelsdefizit mat China bei 375,2 Milliarden US-Dollar. Den US-President huet Peking dann och onverhuelen opgefuerdert, dësen Defizit elo direkt ëm 100 Milliarden ze reduzéieren.

De „Krich“ war scho verluer, elo gëtt revoltéiert

Wat den Handelsdefizit betrëfft, esou erginn déi um Donneschdeg verëffentlecht Zuele kee schéint Bild. Zanter dem Ufank vum Joer, huet den US-Handelsdefizit ëm iwwer 20% zougeholl. An den Donald Trump ass ëm Propaganda beméit: „Mir sinn net an engem Handelskrich mat China, dëse Krich ass scho viru Jore verluer ginn, vu stupiden oder inkompetente Persounen déi d‘USA representéiert hunn“, erkläert den US-President.

Déi chinesesch Rhetorik ass net manner kämpferesch: „All Versuch China an d‘Knéien ze zwéngen, duerch Menacen oder Aschüchterung, sinn zum scheitere veruerteelt“, stellt de Spriecher vum chineseschen Ausseminister, Geng Shuang, bei engem Rendez-vous mat der Press fest.

De Minister op Visite zu Moskau, huet um Donneschdeg zu enger internationaler Mobilisatioun géint Washington opgeruff. „Déi international Communautéit muss sech geschlosse géint esou unilateral Aktiounen erhiewen. Déi opgestallte Reegele musse respektéiert ginn, de Wuesstem vun der Weltwirtschaft muss verdeedegt ginn, an deenen déi der Usiicht sinn datt hinnen alles erlaabt ass, muss gehollef ginn, nees de Verstand erëmzefannen“, betount de Wang Yi.

mat AFP

Foto: Op der Bourse zu New York kënnt d‘Ausenanersetzung tëscht Washington a Peking net wierklech gutt un. Den Dow Jones ass bei der Erëffnung um 4. Abrëll ëm 300 Punkten zréckgaangen. © Drew Angerer/Getty Images/AFP

Related topics China, Handelskrich, USA
Next post Previous post