Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

CNL: Renovatiounsaarbechten um Mëttwoch
International Neiegkeeten

CNL: Renovatiounsaarbechten um Mëttwoch

Wéi den nationale Literaturzenter matdeelt wäerten hir Dieren um Mëttwoch,

Coronavirus zu Lëtzebuerg: Gudde Rot ass Schwéier
International Neiegkeeten

Coronavirus zu Lëtzebuerg: Gudde Rot ass Schwéier

Alles ronderëm de Coronavirus Covid19 evoluéiert séier. Esou séier, datt

Omar al-Bashir: en Diktator mat beschte Bezéiungen
International Neiegkeeten

Omar al-Bashir: en Diktator mat beschte Bezéiungen

Am Sudan stinn zanter Wochen d‘Zeechen op Stuerm, an d‘Vollek

Den Donald Trump an d‘Mënscherechter

Zweeërlee Mooss, mee datt gëtt voll assuméiert

Den Donald Trump an d‘Mënscherechter

Et kritiséiert ee seng Alliéiert net! Wéi keng aner US-Regierung virdrun, assuméiert dem Donald Trump seng Administratioun, mat Perfektioun d‘Uwennung vun „zweeërlee Mooss“ wann et ëm d‘Verdeedegung vun de Mënscherechter geet. D‘Gestioun vu senge Relatioune mat Saudiarabien ass de beschte Beweis dofir.

Säit de saudesche Journalist, Jamal Khashoggi, sech schéngt a Loft opgeléist ze hunn, a während et ëmmer méi Grënn gëtt unzehuelen, datt hien ëmbruecht ginn ass, konzentréieren sech d‘Recherchen op déi saudesch Ambassade an der Tierkei, Ryad an op d‘Ëmfeld vum Ierfprënz, Mohammed ben Salmane. Gläichzäiteg ass Washington beméit, dësem wichtegen Alliéierten de Réck fräizehalen.

Dat muss een an sengem Kontext betruechten. Saudiarabien ass ee „gudde Client“ (besonnesch fir d‘US-Waffenindustrie), schafft zesumme mat den USA am Beräich vun der Terrorbekämpfung, an ass den Äerzfeind vum Iran (wou den Trump e Regimewiessel wëll erbäiféieren). A Washington, dat den „nationalen Interessen“ déi absolut Prioritéit gëtt, muss „Partei ergräifen“.

„All d‘Regierunge sinn op der Sich nom Equiliber tëscht: nationaler Sécherheet a Mënscherechter“, erkläert d‘Sarah Margon, Direktesch vun der ONG „Human Rights Watch“ zu Washington. An esou wéi si et zum Ausdrock bréngt, huet nach keen déi perfekt Léisung fonnt. Si betount allerdéngs géintiwwer der AFP: „Mee den Trump a seng Minister hunn de Sujet einfach fale gelooss“.

Déi däischter Säit vun der US-Politik

Fir de Rob Berschinski vu „Human Rights First“ ass et esou: „an deem versicht gëtt d‘Fonge fir d‘Promotioun vun der Demokratie an de Mënscherechter am Ausland ze kierzen, an deem ganz däitlech d‘Frëndschaft zu den Diktatoren affichéiert gëtt, an deem d‘Journalisten als ‚de Feind‘ genannt ginn, huet den Trump wësse gelooss, datt hien net der Meenung ass, datt d‘USA e Profit dovunner hunn, als ‚d‘Muecht vum Gudden an der Welt‘ betruecht ze ginn“.

Ee vun de ganz wéinege Sujeten, deen nach vun der republikanescher Administratioun gedroe gëtt, ass d‘Verdeedegung vun der Reliounsfräiheet. En Thema deen dem Vizepresident Mike Pence um Häerz ze leie schéngt, wat sech duerch dësem seng Proximitéit zu evangelesche Kreesser erkläert. Mee och hei, kann ee sech drop verloossen, datt et keng Kritik géintiwwer Ryad wäert ginn. Dës Politik geet op eng Aart a Weis assuméiert, datt se theoretiséiert ginn ass!

Wann een da bedenkt, datt de fréieren US-Ausseminister Rex Tillerson, am Mee 2017 fir „Kaméidi“ gesuergt hat, well hien der Usiicht war, datt „demokratesch Wäerter en Obstakel fir d‘Verdeedegung vun den US-Interessen“ sinn, weess een a wéi Richtung et geet. Net ze vergiessen, datt seng „Riets Hand“ de Brian Hook, eng Note redigéiert hat, an där et eng Ligne Directrice ginn huet déi beseet: „Alliéiert mussen ëmmer differenzéiert behandelt ginn, an ëmmer besser wéi d‘Géigner“.

Esou huet de Brian Hook geschriwwen: „Am Fall vun den US-Alliéierte wéi Egypten, Saudiarabien an d‘Philippinnen, ass d‘Administratioun a sengem gudde Recht, wann si den Accent op déi gutt Bezéiunge leet, a schwiereg Kompromësser am Kontext vun de Mënscherechter éierlech ugeet“. Hien erkläert, datt sech den Donald Trump voll a ganz an déi „realistesch Traditioun“ aschreift, am Kontrast zu de „liberalen“ oder „idealisteschen“ Optiounen, déi et säit Enn vum „kale“ Krich gëtt.

U Mënscherechter mussen sech just déi “aner” halen

Interessant wann och net verwonnerlech, de Brian Hook ass, wann et dann ëm Mënscherechter geet, „konsequent“. Esou steet hien, wéi och de Recht vun der US-Administratioun an der éischter Rei, wann et drëms geet, d‘Verstéiss géint Mënscherechter ze denoncéieren. Allerdéngs nëmmen dann, wann dës Verstéiss vu China, Russland, Nordkorea oder dem Iran begaange ginn.

De Brian Hook ass dann den „Auserwielten“, dee mat der Campagne géint Teheran beoptraagt ginn ass. Den „Ennemi Nummer 1“ vun den USA. Hien huet och kierzlech e Rapport verëffentlecht, fir all déi „Béisaartegkeeten“ vun der islamescher Republik opzelëschten, am Aus- wéi am Inland, mat engem Kapitel zur Ëmweltverschmotzung. Erstaunlech, ugesiichts der US-Klimaschutzpolitik.

Engagéiert an enger „Offensiv“ géint China, huet Washington eng „nei Front“ opgemaach, fir sech der massiver Diskriminatioun unzehuelen, déi d‘moslemesch Communautéit vun den Uiguren an aner reliéis Minoritéite mussen erdroen. Eng ähnlech Haltung hat den US-President och géintiwwer Nordkorea, a senger Ried zur Lag vun der Natioun Ufank 2018 demonstréiert. Dat huet sech ginn.

Am Fall vu Nordkorea huet den Donald Trump eng nei Positioun ergraff, a Mënscherechter spillen den Ament op diplomateschen Niveau keng Roll méi. Dat och wann den Ausseministère a sengem Joresbericht, de Regime vu Pyongyang, als „schiedlech fir d‘Bierger“ bezeechent. Dat muss ee mat der Tatsaach verbannen, datt de Kim Jong-un an den Donald Trump elo „Frënn“ sinn.

E Milliardär dierf op Moral verzichten

Laut dem Rob Berschinski, deen ënnert der Obama-Administratioun mat dësen Theme beoptraagt war, ass den „Donald Trump fundamental onmoralesch, an esou ergëtt et sech, datt d‘Repressioun a Saudiarabien, oder d‘Verbrieche vun de Saudiaraber am Jemen-Konflikt, kee politesche Sujet dierfe sinn“. Dat mécht däitlech, datt national Interessen iwwer Mënscherechter gestallt ginn.

Op Twitter schreift de President vum „Council on Foreign Relations“ – eng an den USA aflossräich Denkfabrick – Richard Haass: „Et kënnt den Ament, wou eng amoralesch Politik, onmoralesch gëtt, a genee datt ass de Fall mam Donald Trump senger Aussepolitik“. Domatter wier dann och alles gesot…

mam Francesco Fontemaggi/AFP

Foto: Den Donald Trump (hei um Meeting vun „Make America Great“ zu Missoula am Montana, am Kader vun de Midterm-Elections) hält séier wéineg vu Mënscherechter, ausser natierlech et ass en Amerikaner vun engem Verstouss betraff. © Nicholas Kamm/AFP

Ähnlech Sujeten Donald Trump, Jamal Khashoggi, Mënscherechter, Saudiarabien, USA
Nächsten Artikel Virrechten Artikel