Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Editorial: Chamberwahlen – Wat ass dat dann?
International Neiegkeeten

Editorial: Chamberwahlen – Wat ass dat dann?

D’Chamberwahle sti virun der Dier. Schonn e Sonndeg muss ee

Aarbechtslosenzuele an Europa sou déif wéi säit 2009 net méi
International Neiegkeeten

Aarbechtslosenzuele an Europa sou déif wéi säit 2009 net méi

Et si gutt Noriichten, déi Eurostat bréngt: An den Euro-Länner

Déi Stroossener Koalitioun mat onelegantem Gesetzesverstouss
International Neiegkeeten

Déi Stroossener Koalitioun mat onelegantem Gesetzesverstouss

Och zu Stroossen sinn d‘Gemengewahle „passé“ an laut dem Gemengegesetz

Leeft den Donald Trump nieft der Spur?

Wéinst dem Sträit ëm d‘Grenzmauer rifft den US-President den Noutstand aus

Leeft den Donald Trump nieft der Spur?

Alles kann ee mat engem US-President dann awer net maachen. De Kongress hat vum Locataire aus dem Wäissen Haus eng Ënnerschrëft ënnert „e Kompromëss“ beim Haushalt erhalen, an déi war schonn éischter widderwëlleg geleescht ginn. Den Donald Trump hat gewarnt, datt wann et net anescht méiglech ass, hie seng Mauer noutfalls mat engem Noutstandsgesetz opriichte géif.

5,7 Milliarden US-Dollar wollt den US-President an de Haushalt asetzen, fir Amerika virun de Mexikaner an anere südamerikanesche Kriminellen an Drogenhändler ze schützen, a gläichzäiteg illegale Migranten de Wee an d‘Land vun den onbegrenzte Méiglechkeeten ze verspären. Esouvill Geld wollten d‘Demokraten dem Donald Trump dann awer net zougestoen. Et gëtt sech gestridden.

Donald Trump

Beim éischten Zesummestouss war d‘Konsequenz eng Haushaltsspär (Shutdown), an déi huet mat 35 Deeg en neie Rekord opgestallt. Eng Widderhuelung konnt och de Milliardär an Tëleerealitéit-Star net riskéieren, an esou huet hien sech deem Kompromëss deen d‘Republikaner mat den Demokraten am Representantenhaus fonnt hunn, ënner gréisste Schmäerzen ënnerschriwwen.

Den USA géif eng Invasioun bevirstoen

Gefall hat et dem Donald Trump, déi Aart a Weis mat där d‘Demokraten hie mam Shutdown virgefouert haten, an esou gouf scho wäit virum Kompromëss vum Donneschdeg, vun der Méiglechkeet geschwat, d‘Grenzmauer zu Mexiko mat engem Noutstandsgesetz, also ouni „demokratesche Prozess“ awer ze bauen. D‘Geld géif dann aus anere Budgeten „ofgezweigt“.

Begrënnt huet den Donald Trump d‘Erklärung vum nationalen Noutstand, mat de Gefor vun enger Invasioun. Hien huet nach emol betount, datt opgrond vun der onhaltbarer Situatioun un der Grenz zu Mexiko, eenzeg eng Mauer 100% Sécherheet ka bréngen. Den US-President huet ugefouert, datt d‘Douanieren an de Grenzschutz dausende Verstéiss an illegalen Awanderungen ze erwieren hätt.

Donald Trump

E „fette Batz“ dierft aus dem Verdeedegungsetat zweckentfriemt ginn (3,5 Milliarden US-Dollar) wat elo bei de Republikaner net appreciéiert gëtt. Hei ass een der Usiicht et kéint een op Mëttel aus dem Projet „Port Santiago“ (Puerto Rico) zréckgräifen, wou d‘Lager vun der Nationalgard sollt nei opgebaut ginn, an och de Bau vun engem Militärspidol an Däitschland kann ee spéider ugoen.

De juristesche Volet vum Noutstand

Wann et richteg ass, datt den US-President genuch Muecht huet, fir esou ee Noutstand auszeruffen, esou huet et och nach ee puer „Sicherungen“. D‘Entscheedung vum Donald Trump kann ugefecht ginn, an genee dat wäerten d‘Demokraten och maachen. D‘Spriecherin vum Representantenhaus, Nancy Pelosi, huet entspriechend annoncéiert, datt derzäit gepréift gëtt wat juristesch méiglech ass.

Fir d‘Demokrate wier d‘Situatioun un der mexikanescher Grenz bedenklech, mee beschtefalls eng humanitär Erausfuerderung. De Bundesstaat New York, ass den éischte Kläger deen d‘Geriichter beméit. D‘Procureure vum Bundesstaat, Letitia James: „D‘Ausruffe vum Noutstand ouni legitimme Grond, kann zu enger Verfassungskris féieren. Esou e Muechtmëssbrauch dierf net toleréiert ginn“.

Donald Trump

Dat den nationalen Noutstand e juristescht Nospill géif kréien, dees war sech den US-President vu vireran bewosst, an hie hat et och gesot. Hien ass awer, wëll et hei ëm d‘Wuel vun der ganzer Natioun geet, decidéiert bis virun den ieweschte Geriichtshaff ze zéien, fir d‘Land ze schützen. Net ze vergiessen, datt d‘Mauer versprach war. Allerdéngs gëtt se net vun de Mexikaner finanzéiert…

E Kommentar

Den Donald Trump, ee Mann mat Qualitéiten déi ee senge Kanner net wënscht, huet sech elo drop agestallt, de Goss fir seng Mauer mat „politescher Gewalt“ erbäizekréien, an huet zu dësem Zweck den nationalen Noutstand ausgeruff. Dat ganzt fir eenzeg an eleng senge Supporter ze weisen datt hien, de 45. US-President seng Verspriechen hält. A wann et muss sinn da mat der Briechstaang…

Seng „Invasioun“ gëtt et nëmmen am Kapp. Zanter Jore sinn d‘Zuele vun der illegaler Migratioun réckleefeg. Hätt sech zudeem d‘Trump-Administratioun eng Flüchtlingspolitik gegënnt déi den Numm och verdéngt huet, géif een elo net misse fäerten, datt et op der Grenz zu Mexiko zu enger humanitärer Kris ka kommen. De Locataire erfëllt all d‘Konditioune vum Populismus, hie litt.

Donald Trump

Wann eis an Europa de „Grenzproblem“ éischter dierft „hanne laanscht goen“, esou sollt ee vläicht bedenken, datt den Donald Trump hei d‘Gewaltentrennung mëssuecht. E wierklech geféierleche Prezedenzfall, an datt wëssen dem Trump seng Republikaner nëmmen all ze gutt. Anersäits, wann den US-President „verléiert“, kann et him bei de Campagne zum 2. Mandat entgéint kommen…

mat indymedia/was/nyc

Ähnlech Sujeten Demokraten, Donald Trump, Grenzmauer, Grenzschutz, Mexiko, nationalen Noutstand, Republikaner
Nächsten Artikel Virrechten Artikel