Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Coronavirustestflicht fir d‘Arees an Däitschland
International Neiegkeeten

Coronavirustestflicht fir d‘Arees an Däitschland

Datt ee sech sollt teste loosse wann een aus der

What the Fakt – Presidenten, déi an den USA un dësem Dag an der Vergaangenheet gewielt gi sinn
International Neiegkeeten

What the Fakt – Presidenten, déi an den USA un dësem Dag an der Vergaangenheet gewielt gi sinn

Abraham Lincoln, John F. Kennedy, George Bush oder Donald Trump:

What the Fakt – internationale LEGO-Dag
International Neiegkeeten

What the Fakt – internationale LEGO-Dag

Den haitegen Dag steet ganz am Zeeche vun de faarwege

Den Donald Trump denoncéiert eng politiséiert Justiz

De President an de Chef vum ieweschte Geriichtshaff geroden sech an d‘Hoer

Den Donald Trump denoncéiert eng politiséiert Justiz

E Mëttwoch huet den US-President Donald Trump d‘Existenz vun enger politiséierter Justiz an den USA denoncéiert, wat zu enger „explosiver“ Polemik mam President vum ieweschte Geriichtshaff, John Roberts, gefouert huet.

De Riichter John Roberts, géintiwwer deem den Donald Trump den Eed ofgeluecht hat, wéi hien an dat Wäisst Haus agezunn ass, hat sech am Virfeld vun dësem Wutausbroch vum Milliardär erlaabt, dësen op d‘Plaz ze setzen, andeems hien d‘Onparteilechkeet vun de Magistraten ervirgehuewen hat.

„Et deet mir leed Här President John Roberts, mee et existéieren tatsächlech pro-Obama Riichter“, esou dem Donald Trump säin Tweet. Hie beschëllegt dës Magistraten „schockant“ Decisiounen ze huelen, déi Contraire zu senger anti-Immigratioun Politik sinn, an dës behënneren.

Interessant Ausenanersetzung, wann ee bedenkt, datt de Chef vum ieweschte Geriichtshaff, ee strikt konservative Riichter ass, dee sengerzäit nach vum fréieren US-President, George W. Bush, fir den ieweschte Geriichtshaff nominéiert ginn ass. Béid Kontrahente stinn am selwechte Lager…

Mee elo huet den US-President, ënnert anerem, déi 9. Federal Juridiktioun vun den amerikanesche Cours d‘Appellen (Kalifornien ageschloss) beschëllegt „geféierlech an onvernënfteg“ Decisioune geholl ze hunn. Si géifen op hir eegen Aart a Weis, seng Immigratiounspolitik sabotéieren.

Tatsächlech huet e Riichtera Kalifornien, e Méindeg en Dekret vum Donald Trump suspendéiert, deen den automatesche Refus fir all Asyl-Demande instauréiert, wann d‘Leit illegal iwwert d‘Grenz agereest sinn. Am Mee sollten, bei illegaler Arees, d‘Kanner och nach vun den Eltere getrennt ginn.

Hie wëll se net gewäerde loossen

„Et ass eng Schan“, huet sech den Donald Trump en Dënschdeg geiergert. Kann ee verstoen, well seng Immigratiounspolitik ass an de leschten zwee Joer, ganz oft erfollegräich virun de Geriichter kontestéiert ginn. Mee et schéngt, hien huet net wëlles sech vun de Riichter virféieren ze loossen.

„Dat ass ee pro-Obama Riichter an dat kënnt net méi vir“, esou den US-President weider, deen e Geriicht denoncéiert, dat senger Usiicht no, eng Näipung fir seng politesch Géigner hunn. Deem entgéint de John Roberts: „Mir hu keng Riichter déi pro-Obama, oder Trump, oder Bush sinn“.

„Mir hunn en aussergewéinlecht Ensembel vu treie Riichter, déi hiert Bescht ginn, fir iwwert déi Leit déi virun hinnen erschéngen, gerecht ze uerteelen“, betount den John Roberts, deen am US-Volleksmond och emol gären „Chief Justice“ genannt gëtt.

„Mir sollten alleguerten Dankbar sinn, datt mir vun enger onofhängeger Justiz profitéiere kënnen“, füügt de John Roberts bäi. Hie Presidéiert eng Cour, an där 5 vun 9 Riichter „konservativ“ sinn, an där hiren Optrag et ass, uecht ze doen, datt d‘Gesetzer Verfassungskonform sinn.

Keng „Ënnerbriechung“ zum Erntedankfest

Eng ëffentlech Ausenanersetzung, déi de Chef vun der Exekutive an den héchste Magistrat vum Justizsystem géinteniwwer stellt, datt kënnt an den USA extrem seele vir. Dat besonnesch um Virowend zu „Thanksgiving“, wou eigentlech den nationale Konsens d‘Reegel ass.

De federale Riichter vu San Francisco, Jon Tigar, hat e Méindeg gemengt, datt den Dekret, deen den Donald Trump den 9. November ënnerzeechent huet, géint d‘Gesetz verstéisst, laut deem d‘Recht op d‘Virlag vun eng Asyl-Demande, op all Auslänner zoutrëfft deen an den USA ukënnt, onofhängeg vu sengem Statut. Eng Entscheedung um Fong, gëtt fir den 19. Dezember erwaart.

Mat dësem Dekret, sollen déi dausende Migranten aus Zentralamerika decouragéiert ginn, déi sech aktuell op der mexikanesch-amerikanescher Grenz ophalen. Eng Bewegung, déi den Donald Trump als „Invasioun“ bezeechent, a firwat hien och d‘Arméi un d‘Grenz beuerdert huet. Hien huet dann och d‘Gewëssheet, an dësem Kontext beim ieweschte Geriichtshaff, Recht ze kréien.

mam Sébastien Blanc an dem Cyril Julien/AFP

Ähnlech Sujeten Donald Trump, ieweschte Griichtshaff, Immigratioun, John Roberts, Migratioun, US-Justiz
Nächsten Artikel Virrechten Artikel