Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

cooltonguelove
De séieren Tram an de Süden, a 7 Punkten erkläert
International Neiegkeeten

De séieren Tram an de Süden, a 7 Punkten erkläert

Et ass net all Dag, wou en esou ambitiéise Projet

cool
D’Innovatiounskraaft vu Lëtzebuerg soll eis de Sëtz vun EuroHPC abréngen
International Neiegkeeten

D’Innovatiounskraaft vu Lëtzebuerg soll eis de Sëtz vun EuroHPC abréngen

Wéi et de Wirtschaftsministère déi lescht Woch bekannt ginn huet,

Stad Lëtzebuerg: Vun deem wat war, an deem wat elo kënnt…
International Neiegkeeten

Stad Lëtzebuerg: Vun deem wat war, an deem wat elo kënnt…

Beim Kaffi mam Stater Schäfferot, si vill Aktualitéitssujeten ugeschwat ginn.

Den Donald Trump torpedéiert dem Theresa May säi Brexit-Projet

Den Donald Trump torpedéiert dem Theresa May säi Brexit-Projet

Et kann ee soe wat ee wëll, mee dem Donald Trump säin diplomatescht Geschéck huet – zumindest an de Politik – e besseren Ënnerhalungswäert wéi d‘Fussballweltmeeschterschaft. Hien huet et dach tatsächlech nees fäerdeg bruecht, nach iert hien sech mat der britescher Premierministesch trëfft, där hire Brexit-Projet ze torpedéieren.

„Wann si esou en Accord ofschléissen, géife mir mat der europäescher Unioun verhandelen amplaz mat Groussbritannien“, esou den US-President géintiwwer dem englesche Boulevardblat The Sun. Dat nennt ee „keng Chance“, well et ass gewosst, datt d‘Theresa May ganz fest domatter gerechent huet, dem Milliardär säi Besuch ze notzen, fir et zu engem Fräihandelsaccord mat Washington ze bréngen, dee schonn am Mäerz 2019, wann d‘Scheedung geschwat ass, soll a Kraaft trieden.

Schwiereg, well den Donald Trump ënnerstrach huet: „Dat wäert wahrscheinlech de gewënschte Fräihandelsaccord ëmbréngen“. Esou sinn d‘Viraussetzunge fir e Gespréich op Aenhéicht, nach iert déi amerikanesch Presidentekoppel Bréissel verlooss huet, eppes beschiedegt ginn. Ass dem Monni aus Amerika awer egal, ëmmerhin huet hie schonn um NATO-Sommet mat der Fauscht op den Dësch geschloen a seng Partner op e neits virun sech hir gedriwwen.

Och dierf et net verwonneren, datt den US-President nach zu Bréissel, en éischte Schlag géint der britescher Premierministesch hire Projet vun engem Fräihandelsaccord mat der EU ausgefouert huet. Den Donald Trump huet affirméiert net sécher ze sinn, op dat wat d‘Theresa May mat der EU wëll verhandelen, nach am Aklang mam britesche Referendum zum verloosse vun der Unioun ass. Do ass et gutt, datt sech béid Länner op eng historesch gewuesse Partnerschaft beruffe kënnen…

Wéi en Elefant am Parzeläinsbuttek

Interessant a bestëmmt ee ganz bewosste Geste, dem Milliardär säi Wonsch, sech mat sengem Frënd Boris Johnson – dee virun e puer Deeg d‘Handduch geworf huet – wëllen ze ënnerhalen. Dat den Donald Trump dann och ganz oppen erkläert, datt de Boris Johnson „ee grousse Premierminister“ géif ausmaachen… Am The Guardian gëtt dat esou interpretéiert: „Dat seet villes iwwert seng perséinlech Preferenzen aus, an wéi eng Zort haarde Brexit hie sech fir Groussbritannien virstellt“.

Zu Washington ass een dann alt nees gezwongen, dem President seng net ganz esou diplomatesch Aussoen ze miniméieren. D‘Spriecherin vum Wäissen Haus, Sarah Sanders, huet dann och misse versécheren: „Den amerikanesche President ass immens Frou mam Theresa May a respektéiert si“, well – an dat ass e richteg gutt Argument – „hien a sengem Interview gesot huet, datt si e ganz gudde Mënsch ass, an hien ni eppes Schlechtes géint si gesot hätt“.

Vir d‘Theresa May awer, ass dem Donald Trump seng erneiten diplomatesch Glanzleeschtung, wéi wann se eng mat der flaacher Hand flatsch an d‘Gesiicht kritt hätt. Si war et, déi en Donneschdeg, wahrscheinlech nach iwwerzeegt et kéim e Frënd op Besuch, déi transatlantesch Bezéiung an den Himmel gelueft hat, a bei der Zesummenaarbecht eng ni do gewieschten Opportunitéit wollt gesinn hunn. An dat huet déi britesch Premierministesch dann och nach emol betount.

„D‘USA a Groussbritannien sinn net nëmmen déi enkste Partner, mee och déi beschte Frënn“, esou d‘Theresa May beim Empfang vun der Presidentekoppel am Palais Blenheim. Hei huet den Donald Trump un engem Owesiesse mat wichtege Vertrieder aus der Industrie a Wirtschaft deel geholl. E Freidegmuere gëtt et virun de bilaterale Gespréicher, e Besuch op der Sandhurst-Militärakademie an e Mëttegiessen zu Chequers, dem Landsëtz vun de britesche Premierministeren.

Tea-Time mat der Queen

Bei de Gespréicher, esou déi offiziell Informatioun, soll et an éischter Linn ëm d‘Aktualitéit am Noen-Oste goen, an iwwert den Ëmgang mat Russland. Russland, dat Land mat deem d‘Theresa May esou hir Problemer huet, nodeems et zu Virfäll komm ass, bei deenen Nervegëft agesat gi wier, dat aus sowjetescher Produktioun staamt. En interessanten Dagespunkt, well dësen am Kontext vun der Entrevue tëscht dem Trump an dem Putin zu Helsinki, sécher nees zum droe kënnt.

Nom Tête-à-Tête mam der Premierministesch ginn d‘Melania an den Donald Trump am Schlass vu Windsor erwaart. Hei ass d‘Hoffnung grouss, datt sech den US-President beim „Tea-Time“ mat der Queen wäert behuelen. Fir dat sécherzestellen, gëtt de Milliardär „laanscht“ d‘Manifestatioune vum Trafalgar Square geleet, wou sech dausende Mënschen opgestallt hunn, fir dem Amerikaner seng Migratioun- a Klimapolitik, mee och säi Sexismus ze denoncéieren.

Schonn um Muere flitt iwwert dem britesche Parlament e Ballon, deen den US-President mat enger Wëndel duerstellt. D‘Manifestatioune géint den Donald Trump haten och schonn en Donneschdeg ugefaangen, dat mat engem Rassemblement virun der US-Ambassade. Am Chouer huet d‘Militante géint de Besuch vum Trump Protestéiert: „Den Donald Trump ass net wëllkomm“ hunn déi puer Honnert Aktivisten, virum Winfield House, bis an de spéiden Owend gejaut.

mam Ouerdya Aït Abdelmalek/AFP

Foto: Den Donald Trump an d‘Theresa May am Gespréich op den Trape vum Palais Blenheim, während enger militärescher Zeremonie. Uschléissend hunn sech béid Staatscheffe beim engem Owesiessen, mat Vertrieder aus Industrie a Wirtschaft ënnerhalen. Déi britesch Premierministesch géif de Besuch vum Milliardär gären notzen, fir et mat den USA zu engem Fräihandelsaccord ze bréngen. © Will Oliver/pool/AFP

Ähnlech Sujeten Brexit, Donald Trump, Noen-Osten, Russland, Theresa May
Nächsten Artikel Virrechten Artikel