Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Fit4Start: 10 jonk Start-Ups goufen ausgewielt!
International Neiegkeeten

Fit4Start: 10 jonk Start-Ups goufen ausgewielt!

Et ass ewell déi 8. Editioun vu Fit4Start säit dësen

Éischte Ministerrot fir de Macron
International Neiegkeeten

Éischte Ministerrot fir de Macron

Haut um 11.00 Auer presidéiert de franséische President Emmanuel Macron

Groussregioun: Et steet villes op der Lee
International Neiegkeeten

Groussregioun: Et steet villes op der Lee

De Presidencewiessel tëscht Lëtzebuerg an dem Saarland steet elo un,

Washington: Dem Donald Trump säin éischte Veto

US-Senat erkläert de Noutstand fir beendegt an den US-President stellt sech queesch

Washington: Dem Donald Trump säin éischte Veto

Am Sträit ëm d‘Grenzmauer tëscht den USA a Mexiko, gëtt et nei Revirementer. Mat sengem Veto huet den US-President Donald Trump, de Beschloss vum Kongress gekippt, mat deem seng Noutstandserklärung zur Finanzéierung vun der „Mauer“ opgehuewe gi war. Et ass dem President säin éischte Veto an dëser Legislaturperiod.

Wann en Donald Trump „veriergert“ ass, oder säi Wëllen net esou duerchgesat kritt wéi hie sech dat virgestallt huet, da muss Twitter leiden an eng „Show“ fir d‘Weltpress gëtt et als extra uewendrop. Esou huet de 45. US-President d‘Ënnerschrëft ënnert säi Veto nees no alle Reegele vun der Tëleerealitéit inzeenéiert, wat bei den Unhänger ëmmer gutt ukënnt, d‘Saach awer net besser mécht.

Hien hat sech mat Polizisten ëmginn, an huet eng Famill fonnt, där hir Kanner sollen duerch illegal Awanderer ëmbruecht gi sinn. En esou huet den Donald Trump gemengt: „Onse Migratioun- a Awanderungssystem ass iwwert d‘Belaaschtungsgrenz ewech ugespaant. D‘Ofstëmmung géint meng Noutstandserklärung am Kongress ass geféierlech an onverantwortlech“.

Wéi geet dëst politescht Koméidistéck weider? Nodeems – erwaardungsgeméiss – d‘Demokraten am Representantenhaus d‘Noutstandsgesetz gekippt haten, an dunn och de Senat – an deem dem Donald Trump seng Republikaner d‘Majoritéit hunn – och géint dëst ominéist Gesetz gestëmmt huet (59 zu 41) stoung de Milliardär mat Réck zur Wand, an net wierklech vill Optiounen.

Donald Trump

Elo verhält et sech dann esou, datt sollt et de politesche Wëlle ginn dem US-President säi Veto och ze „iwwerstëmmen“, dat nëmmen a béide Kummere vum Kongress (Representantenhaus a Senat) méiglech ass, an et do och ëmmer eng zweedrëttel Majoritéit muss ginn. Eng Méiglechkeet déi een ausschléisse kann, wat eis dozou bréngt ze behaapten, datt sech elo Geriichter musse „këmmeren“.

mat indymedia/was

Foto: Grenzsécherung ass wichteg a Sënnvoll, mee eng Mauer kann d‘Léisung net sinn, esou zumindest d‘Meenung vun enger Majoritéit am US-Kongress. Dat huet den Donald Trump gezwongen säin éischte Veto anzesetzen. Elo wäerten sech d‘Geriichter musse mam „Noutstand“ beschäftegen. © Yesica Uvina/US-Customs

Ähnlech Sujeten Demokraten, Donald Trump, Grenzmauer, Kongress, nationalen Noutstand, Republikaner, Veto
Nächsten Artikel Virrechten Artikel