Search

You may also like

Lëtzebuerger Danzpräis 2019: D’Jill Crovisier huet iwwerzeegt!
International Neiegkeeten

Lëtzebuerger Danzpräis 2019: D’Jill Crovisier huet iwwerzeegt!

Gëschter huet de Jury vum Lëtzebuerger Danzpräis 2019 säi Laureat

Nationalfeierdag a Klimawandel
International Neiegkeeten

Nationalfeierdag a Klimawandel

Nodeems de Xavier Bettel (DP) e Freideg enttäuscht vum EU-Sommet

Buschaufferen: nach kee Kollektivvertrag mee schonn e klenge Fortschrëtt
International Neiegkeeten

Buschaufferen: nach kee Kollektivvertrag mee schonn e klenge Fortschrëtt

Iwwert de Misär vun de Buschaufferen an aus dem Privatsecteur

Den Donnie an d‘Melania a Quarantaine

Den Donnie an d‘Melania a Quarantaine

Zwou Stonnen nodeems offiziell bekannt gouf, datt d‘Conseillère Hope Charlotte Hicks positiv op de Coronavirus Covid19 getest ginn ass, huet déi presidentiell Koppel matgedeelt, datt si sech, bis hir Resultater feststinn, a Quarantaine beginn.

Dat mécht Sënn, schliisslech war d‘Hope Hicks en Dënschdeg mam President zesummen an der „Air Force One“, woubäi elo net gewosst ass, ob all déi aner Gäscht u Bord vum Fliger, och ënner Quarantaine gestallt goufen. Dem President seng Conseillère war natierlech ee Mëttwoch och u Bord vu Marine One, dem presidentiellen Helikopter, wou si weider „wichteg“ Leit begleet huet.

Als wichteg gëllt alles wat dem Milliardär brauchbar Rotschléi ënnerbreede kann, fir datt dësen en zweet Mandat an Ugrëff huelen dierf. Esou sinn also och de Stephen Miller, den Dan Scavino an den Eedem Jared Kushner – déi laut gesécherten Aussoen natierlech keng Mask gedroen hunn – ugehalen sech ze isoléieren. Dat stellt elo natierlech emol déi ausstoend Debatten a Fro.

QuarantaineUpdate 08.55 Auer: elo wier et da confirméiert. Mee natierlech ass d‘Welt nees an zwee Lager gedeelt. Déi wou hoffen datt den Donald Trump mat 74 Joer de Virus tatsächlech huet, an déi wou mengen, datt et sech hei ëm eng propagandistesch Aktioun handelt.

Offiziell heescht et: „De President hëlt d‘Gesondheet an d‘Sécherheet vu sech selwer a jidderengem déi fir hie schafft, wéi och déi vun den Amerikaner ganz eescht“, esou de Spriecher vum Wäissen Haus, Judd Deere. Et géif gutt tëscht dem Dokter vum President an dem militäresche Büro vum Wäissen Haus kollaboréiert, fir sécherzestellen, datt all déi appropriéiert Mesuren och agehale ginn.

Am Gespréich mam Sean Hannity vu Fox News huet den Donald Trump preziséiert: „Si ass positiv getest ginn an ech hunn elo grad eréischt matkritt. (…) An dobäi hat ech selwer grad eréischt mat der First Lady en Test. Mir mussen elo ofwaarde wat sech ergëtt. Hale mir eis un d‘Quarantaine oder hu mir et? Mir wëssen et net. (…) Muer de Moie sollten eis Resultater awer virleien“.

Ob sech den US-President dann elo, esou wéi dat vun der CDC (Center for Disease Control) gerode gëtt, un déi implementéiert Richtlinnen hält? Zumindest heescht et vun offizieller Säit, datt de Kontakt-Tracing gemaach ginn ass, an och déi noutwenneg Notifikatiounen a Recommandatiounen un déi zoustänneg Persounen an Autoritéite weidergeleet goufen. An nee d‘Wahl gëtt net verluecht.

mat indymedia/was

Related topics Covid19-Positiv, Donald Trump, Hope Hicks, Marine One, Melania Trump, Quarantaine, USA
Next post Previous post