Search

You may also like

Le Petit Chef: Ee virtuellt a kulinarescht Erliefnis waart op Iech!
Neiegkeeten Sport

Le Petit Chef: Ee virtuellt a kulinarescht Erliefnis waart op Iech!

Bei ELCH Restaurant spillt een net nëmme beim Iessen äre

Ouschteren am Préizerdaul – Hei leeft den Hues!
Neiegkeeten Sport

Ouschteren am Préizerdaul – Hei leeft den Hues!

Wien kennt schonn net déi legendär Beachparty am Préizerdaul oder

Vereedegung vum Préizerdauler Schäffe Marc Rehlinger
Neiegkeeten Sport

Vereedegung vum Préizerdauler Schäffe Marc Rehlinger

Um Freideg, de 27. September 2019 ass de Marc Rehlinger

Doppingverdacht beim Spiller vum CS-Fola bestätegt

Doppingverdacht beim Spiller vum CS-Fola bestätegt

Déi Lëtzebuerger Antidopping-Agentur (ALAD) huet um Méindeg d‘Virwërf géint den Fussballspiller Emmanuel Françoise vum CS-Fola Esch bestätegt. De Fussballer, deen d‘Faiten net bestridden huet, ass mat enger Verwarnung ouni Suspensioun dervu komm.

Mat enger Urinprouf nom Championnatsmatch tëscht dem F91 an der CS-Fola de 14 Mee, war de Ball un d‘Rulle komm. D‘Analys war positiv ausgefall. Am Urin war Terbutalin nogewise ginn. Eng Substanz déi vun der Weltantidopping-Agentur (WADA) op der Lëscht vun de stänneg verbuedene Substanzen agedroen ass.

Domadder huet de Spiller vum CS-Fola (elo Progrès Nidderkuer)  géint d‘Antidopping-Reegelen no Artikel 21 verstouss. An der Audienz beim Disziplinarrot géint den Dopping (CDD) huet de Concernéierten d‘Vergoen net kontestéiert. Den Disziplinarrot huet d‘Prozedur validéiert a festgestallt, op Grond vun den Ëmstänn, datt de Spiller kee signifikative Feeler gemaach huet.

Esou konnt eng Verwarnung ausgeschwat ginn, déi keng Konsequenze fir de Spiller oder Veräin hunn. Géint d‘Entscheedung kann zwar Appell erhuewe ginn, wat awer unhand der Verwarnung éischter net de Fall dierft sinn.

Wat ass Terbutalin?

Den Terbutalin ass e Mëttel dat een an der Medezin als „Sympathomimetikum“ ëmschreift. Dëst gëtt primär an der Akutbehandlung bei Forme vun der Otem-Nout agesat. Terbutalin wierkt sech awer och op déi glat Muskulatur aus. Et gëtt och am gynekologesche Beräich, beispillsweis der Gebuert genotzt.

Laut der WADA, notze Sportler dat Mëttel fir hir Otem-Kapassitéit ze erhéijen an esou e längeren Effort kënnen duerchhalen. D‘Sauerstoffopnam gëtt erliichtert. Terbutalin gëtt awer och éischter bei anere Sportaarten, wéi Schwammen oder Vëlo, entdeckt. Woubäi oft Onwëssenheet hei festgestallt gëtt. Meeschtens si jonk Sportler betraff, déi sech vun enger Bronchite oder enger ähnlecher Erkrankung erhuelen.

D‘ALAD warnt

Fir vill kleng Onpässlechkeeten gëtt et eng Pëll, Drëpsen oder ee Spray. Déi meescht si fräi verkeeflech an der Apdikt ze kréien. D‘ALAD weist awer drop hin, datt een als Sportler schlecht beroden ass, sech hei selwer wëllen ze hëllefen. Vill vun dëse Medikamenter enthalen och, no de Regele vun der WADA, verbuede Substanzen.

E Sportler muss also nach emol méi uecht di wéi e normale Mënsch, an deet gutt drun sech ze Informéieren. Dat mannst wier de Bäipackziedel ze studéieren, op kee verbueden Inhaltstoff dran ass. Er ass allerdéngs och eppes méi einfach, déi vun der ALAD publizéiert Lëscht mat den erlaabte Medikamenter ze Liesen.

Related topics Doping, Fussball, Sport
Next post Previous post