Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Mam Tram op Bouneweg – d’Bréck fir den Tram gëtt gebaut
Meenung Neiegkeeten

Mam Tram op Bouneweg – d’Bréck fir den Tram gëtt gebaut

De François Bausch, Minister fir Mobilitéit an ëffentlech Aarbechten huet

Kanadescht Parlament stëmmt e Gesetz fir Bréifdréierstreik ze beendegen
Meenung Neiegkeeten

Kanadescht Parlament stëmmt e Gesetz fir Bréifdréierstreik ze beendegen

D‘Service vun der Post sollten op dësem Dënschdeg nees „normal“

Sech teste loossen als Zeeche vu kollektiver Responsabilitéit
Meenung Neiegkeeten

Sech teste loossen als Zeeche vu kollektiver Responsabilitéit

Am fréie Mëtteg hunn d’Gesondheetsministesch Paulette Lenert an de Fuerschungsminister

D’Justiz am Déifschlof…

… oder wéi geet et weider mat eise Geriichter, Madamm Tanson?

D’Justiz am Déifschlof…

Zënter dem 16. Mäerz leeft net méi vill op eise Geriichter, fir net ze soe guer näischt méi. Schonn den 12. Mäerz sinn d’Affekoten informéiert ginn, datt de Gros vun de Sëtzunge vum 16. Mäerz un annuléiert gëtt. Aner Circulairen an natierlech d‘Drénglechkeet-Reglementer (Règlements d’urgence) sinn nokomm, mam Resultat, datt zënter Ufank vum Confinement de Fonctionnement vun eise Geriichter op Null erofgeschrauft ginn ass.

Wat bedeit dat fir de Justiziabelen?

Ma déi Situatioun ass einfach onméiglech a carrement net ze justifizéieren.

Et gi Leit, déi waarden op hiert Urteel, dat heescht, dat sinn Affären, déi schonn am Délibéré sinn, wou näischt déi zoustänneg Riichter drun hënnert, dat Urteel ze schreiwen an ze verschécken. An trotzdeem sinn d’Prononcéë vun deenen Affäre bis op Weideres ausgesat ginn. Firwat? Kee weess et, a kee versteet et.

Et gi Leit, déi waarden drop, datt hir Affär drukënnt. Och hei ass alles am Vagen. Affären, déi fixéiert waren, net nëmmen am Mäerz, net am Abrëll, mee carrement am Mee, sinn entretemps ofgesot ginn, ouni datt een neien Datum kommunikéiert ginn ass. Déi Justiziabel wëssen einfach net, wat geschitt.

Net ze schwätze vun deene Leit, déi elo eng nei Affär wéilte beim Geriicht areechen. Och do kritt ee keen Datum genannt. Dat heescht, et gëtt och keng Sëtzung fixéiert, mam Resultat, datt de Schued vun deem, dee kloe wëllt, ëmmer méi grouss gëtt.

Et ass schonn zënter ëmmer bekannt, datt Retarden op eise Geriichter bestinn, mee mat deem „Stau”, deen am Moment geschafe gëtt, gëtt de bekannte Problem just nach méi schlëmm.

Firwat ginn eis Geriichter net erëm op? Natierlech mat den néidege Moossname vun Distanz an Oppassen. Oder, falls dat net méiglech ass, firwat schaffen eis Geriichter, wéi wa si nach net am 21. Joerhonnert ukomm wären? Firwat ginn d’Sëtzungen net iwwert Skype, Facetime, Teams, oder aner Dispositiver gehalen? Firwat ginn déi Affären, déi ënner schrëftlecher Prozedur lafen, net einfach iwwer Mail a Berodung geholl?

Madamm Minister, d’ADR constatéiert, datt Dir Iech ganz rar gemaach hutt an der leschter Zäit. Är Ënnerschrëft daucht zwar wuel niewent där vun eisem Grand-Duc op de Règlements d’urgence op, mee soss héiert a gesäit een net vill vun Iech. D’ADR mengt, datt et héich Zäit wier, datt Dir Iech ëm d’Geriichter an d’Riichter këmmert, fir datt d’Justiziabel zu hirem verdéngte Recht kommen. Mat oder ouni Coronavirus, et kann net sinn, datt e Service public wéi d’Justiz quasi net méi funktionéiert.

Matgedeelt vun der ADR, déi politesch Meenunge vun de Partien sinn hir eegen

Illustratioun: © Cris Saur / unsplash

Ähnlech Sujeten adr, Coronavirus, Justiz, Justizministesch, Sam Tanson, Sanitär Kris
Nächsten Artikel Virrechten Artikel