Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Digital oder Pabeier: E Buch ass e Buch!
Neiegkeeten

Digital oder Pabeier: E Buch ass e Buch!

Déi lescht Woch huet den ECOFIN-Rot der Propose vun der

Breaking News – CFL Linn 60 am Nomëtteg gestéiert!
Neiegkeeten

Breaking News – CFL Linn 60 am Nomëtteg gestéiert!

Aus operationelle Grënn muss op der Linn 60, d‘Streck tëscht

Auszeechnunge fir Nationalfeierdag 2019
Neiegkeeten

Auszeechnunge fir Nationalfeierdag 2019

Am Kader vun Nationalfeierdag huet um vergaangenen Dënschdeg d’Familljen- an

Dossier Bettel: Eng Staatsaffär!

Dossier Bettel: Eng Staatsaffär!

déi lénk huet Kenntnis iwwert d‘Uerteel vum 28. Mee 2019 vun der Kummer vum Rot vum Appellsgeriicht erhalen, aus deem ervirgeet, datt engem Deputéierten seng Immunitéit garantéiert ass, am Fall wou dësen Dysfonctionnementer vum Staat präisgëtt, déi him vu Beamten zougedroe goufen, an domadder géint d‘Beruffsgeheimnis verstouss hunn.

Dëst Uerteel bestätegt an bestäerkt d‘Muecht vun der Kontroll vun der Regierung duerch d‘Deputéiert, an enthält d‘Recht d‘Quellen aus deenen d‘Informatioune stamen ze schützen. E Recht dat esou och bei der Press ugewannt gëtt.

Den ADR-Deputéierte Gast Gibéryen war a senger Roll, wéi hie sech dem Regierungschef Xavier Bettel entgéintgestallt huet, wéi dësen den Deputéierten zwénge wollt seng Quellen ze ernimmen. Dat am Kontext vun enger Informatioun zu illegalen Ecouten déi et beim SREL ginn huet. Als Drockmëttel war mat enger Plainte beim Parquet gedreet ginn.

Et wier angeblech op direkten Uerder vum politesche Chef vum SREL, dem Xavier Bettel, datt d‘Direktesch Doris Woltz, fréier Magistratin, amplaz eng Plainte am Zesummenhang mat den illegalen Ecouten, dunn eng Plainte géint onbekannt deposéiert huet, datt awer am Bezuch op de „Verstouss géint d‘Beruffsgeheimnis“.

D‘Uklo ass schlussendlech vun engem Untersuchungsriichter géint den Deputéierte gefouert ginn, dat wéinst Hehlerei vum Verstouss géint d‘Beruffsgeheimnis. D‘Doris Woltz hätt sech virum Untersuchungsriichter drop behaapt, datt en Deputéierte misst veruerteelt ginn, wann dësen seng Quellen net ernimmt. De Parquet huet bis zu lescht seng Requisitioune bäibehalen. Den Handy vum Deputéierte war Géigestand vun der Instruktiounsmoossnam, fir dësem seng Gespréichspartner novollzéien ze kënnen, wat ganz schlëmm an ze veruerteelen ass.

All dës Poursuitte sinn duerch dat genannten Uerteel als „irrecevabel“ deklaréiert ginn, well se géint den Artikel 68 vun der Verfassung verstoussen, a deem festgehale gëtt, datt „keng Aktioun, net Zivilrechtlech an net Penal géint en Deputéierte ka geriicht ginn, wéinst Meenungen a Votten déi dësen am Kader vun der Ausübung vu senger Funktioun zum Ausdrock bruecht huet“.

Dat heiten ass eng Staatsaffär! Den Äifer vun den Autoritéiten huet sech an der Saach géint d‘Whistleblower op alle Niveaue vum Staat dirigéiert, an hat et op d‘Muecht vun der Kontroll vun den Deputéierten an der Chamber ofgesinn, am Bezuch op dës Informatiounen. Scho bei der Geleeënheet vun der Affär „Luxleaks“ hat deeselwechte Xavier Bettel, ganz oppen an engem Interview, penal Poursuitten agefuerdert. D‘Onofhängegkeet vum Parquet an dëser Affär, wéi och an anere Staatsaffären, muss och a Fro gestallt ginn.

déi lénk ass der Usiicht, datt d‘Chamber sech mat de Konsequenze vun dëser Affär ze befaassen huet.

Matgedeelt vun déi lénk, fräi aus dem franséischen iwwersat vum Laure Schlesser

Foto: © Thierry Monasse/SIP

Ähnlech Sujeten adr, déi lénk, DP, Gast Gibéryen, Staatsaffär, Xavier Bettel
Nächsten Artikel Virrechten Artikel