Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Vakanzeland Lëtzebuerg
fibromyalgia dating feminist online dating

what to do when your best friend is dating your brother

Dat sech Lëtzebuerg net eleng op seng Haaptstad an d‘Finanzplaz

https://moien.lu/sugar-baby-dating-profile-examples/
fibromyalgia dating feminist online dating

Egypten: Staatstrauer no Moschee-Massaker am Sinaï

Egypten begeet ab haut dräi Deeg Staatstrauer, aus Respekt fir

Tacheles: Wéi soll een dat bezuelen?
fibromyalgia dating feminist online dating

Tacheles: Wéi soll een dat bezuelen?

Wat waren dat nach Zäiten, wou een mat sengen Suen

Editorial: Den Dossier „Brexit“ zitt sech…

Editorial: Den Dossier „Brexit“ zitt sech…

Déi fënneft Verhandlungsronn tëscht der EU a Groussbritannien ass alt nees ouni wierklech Resultater op en Enn gaangen. Nach ëmmer gëtt sech iwwer d‘Rechter vun den EU-Bierger an d‘Geld fir d‘Scheedung gestridden.

Gutt den Drock op London hëlt wuel zou, mee op mech dës Erkenntnes elo berouegt… jo also éischter nee. Wat méi Zäit drop gewichst gëtt, ouni datt och emol nëmmen den Usaz vun enger gemeinsamer Approche ze erkenne wier, wat ech méi nervös ginn. Stänneg wëll een deem aneren de Dicks béien. Wou do op Aenhéicht matenee soll geschwat ginn ass mir e Rätsel.

Nach virun ee puer Deeg huet d‘Knetzel aus der Downing Street – also dat ass déi Damm, déi als Premierministesch am Telefonsbuch steet – tatsächlech op e neits versicht d‘EU op d‘A ze drécken. Si wollt ouni sech dobäi ze schummen, den Androck erwächen, datt Groussbritannien och ganz gutt ouni eng Eenegung kéint eens ginn. Si huet och direkt d‘Pläng fir den „ongereegelten“ Ausstig aus der EU virgeluecht.

Méi brauch et net fir den EU-Rotspresident Donald Tusk op déi berühmte Palm ze dreiwen. Woubäi den u sech dat ganzt éischter Pragmatesch ugeet. Sollt et bis Dezember keng signifikativ Fortschrëtt an der Causa Brexit ginn, misst een dann emol mat de „britesche Frënn kucken“ wouhinner d‘Rees kéint goen.

Dat kléngt net verkéiert, mee erlaabt en Ausbléck op den EU-Sommet vun der nächster Woch. Mam Tusk senger Ausso, dierft ersiichtlech sinn, datt bei ebe grad dësem Sommet muss festgestallt ginn: „keng zefriddestellend Fortschrëtter an der éischter Phas vun de Gespréicher“. Dat awer haten sech d‘Brite gewënscht, well si et dach sinn déi esou schnell wéi méiglech an d‘Phas zwee, wëllen iwwerwiesselen. Heibäi geet et dann och virun allem ëm d‘Handelsofkommes.

Mee bon esou ass dat bei enger Scheedung. Am ziville wéi am politesche Liewen, wann ee sech vu Fakten net wëll duerchenaner brénge loossen, well déi eege Meenung feststeet, da kann et net viru goen. A beim Goss ass et och egal op et eng „Koppel“ ass déi sech géigesäiteg d‘Aaxt op de Kapp schléit, oder sech Länner an Institutioune géinteniwwer stinn.

Ronn 100 Milliarden Euro, datt ass et wat leschte Schätzungen no, Groussbritannien un d‘EU misst iwwerweisen, fir „quitt“ ze sinn. Dat gesäit London natierlech anescht an esou trëppelt een hei op der Plaz. Hei brauch et awer eng Eenegung fir dann endlech op anere Sujete weiderzekommen. Och wéi et zukünfteg op de Grenze soll oder kann ausgesinn – hei ass besonnesch d‘Grenz zu Nordirland gemengt – kee weess et.

Elo muss een sech da beim Brexit iwwert déi kleng Saachen erfreeën. Keen huet bis ewell deen aneren „Rëndvéi, Kallef, Aarschlach“ vernannt. Iwwert eng Transitiounsperiod, wéi vu London an d‘Gespréich bruecht, kéint ee sech dann och mat Bréissel eens ginn. Et géif fir d‘Briten allerdéngs bedeiten, datt d‘Flichte bleiwen d‘Rechter sech awer änneren.

Mat der Scheedung ass et also nach net gedoen. Zemools wou och d‘May-Regierung sech intern net wierklech eens ass wouhinner et soll goen. Mee et war de Briten hire Referendum an si hunn sech entscheet der EU de Réck ze dréinen. A vun deem Standpunkt aus gesinn, ass wéinstens eppes 100% sécher: Enn Mäerz 2019 heescht et „Good bye!“.

Ähnlech Sujeten Brexit, Donald Tusk, EU-Kommissioun, Groussbritannien, Theresa May
Nächsten Artikel Virrechten Artikel