Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Fir Fridden a Solidaritéit – een Reseau an der Groussregioun
senior dating rules

Fir Fridden a Solidaritéit – een Reseau an der Groussregioun

Gëschter ass mat engem grenziwwerschreidenden Appell, a Form vum Programm

hook up alexa to cell phone
senior dating rules

What the Fakt – Ee gëllent Zäitalter mam an duerch de Rembrandt!

Als hollännesche Moler gehéiert de Rembrandt van Rijn wuel zu

Ass eng Legaliséierung vum medezinesche Cannabis ze kuerz gegraff?
senior dating rules

Ass eng Legaliséierung vum medezinesche Cannabis ze kuerz gegraff?

Op mannst gesinn dat d’Piraten esou. Fir si geet de

De „Casier-bis“ an eng „Geheim Datebank“ géif et net ginn

D‘Procureure Martine Solovieff spillt d‘Kaart vun der Transparenz

De „Casier-bis“ an eng „Geheim Datebank“ géif et net ginn

Wat méi driwwer geschwat gëtt, wat et méi Widderspréch gëtt. Nodeems engem Kandidat fir en Job bei der Justiz unhand senger „krimineller Vergaangenheet“ e Refus notifiéiert gouf, well et do soll en Dossier ginn, huet Lëtzebuerg säi „Summer-Skandal“.

D‘Oppositioun um Krautmart ass „not amused“ a mécht zolidd Drock. Déi juristesch Kommissioun, déi vum Charles Margue (déi gréng) presidéiert gëtt, hält eng Sëtzung no där anerer of bei där (wéi de Kolleg Guy Kaiser ze beriichte weess) et zimlech droleg zougeet. D‘Dateschutzkommissioun (CNPD) muss de „Virfall“ enger „Etüd“ ënnerzéien iert se sech zu engem Avis ka motivéieren…

Interessant och den „oppene Bréif un d‘Medien“ an deem déi gréng Ministere Felix Braz (Justiz) a François Bausch (Bannesécherheet) déi ominéis „Fichieren“ als essentiellt Instrument vun der Justiz beschreiwen, datt sech awer strikt un déi vun der EU bestëmmten Dateschutzrichtlinnen hält. Elo geet dann och d‘Justiz selwer – an dat kënnt seele genuch vir – an d‘Offensiv e bezitt Stellung.

„Et ass weder e Casier-bis nach eng geheim Datebank“

Si wiere vun der Polemik, déi sech ëm den Fall vun engem refuséierte Kandidat fir de Poste vum „Refendar-Bibliothekär“ opgedoen hätt, iwwerrascht a missten elo Stellung bezéien. Géintiwwer der Press huet d‘Procureure Martine Solovieff kloer gestallt, datt déi sougenannten „Ju-Cha“ weder „eder e Casier-bis nach eng geheim Datebank“ ass. Alles wat hei gemaach gëtt hätt eng legal Basis.

Den éischten Text den d‘Anträg an numeresch Datebanke gereegelt huet, féiert zréck an d‘Joer 1979 an ass regelméisseg ugepasst ginn. Haut wier et d‘Gesetz vum 1. August 2018 dee gülteg wier. Et hätt leedeglech tëscht 1991 an 1994 e puer „Onstëmmegkeete“ mat der Datebank ginn, esou den dréchene Constat vum Procureur-Adjoint Jeannot Nies. An un Erklärungen huet et net gefeelt…

Den nationale Fichier „Ju-Cha“ enthält vill wichteg Informatiounen

Gewosst ass elo, datt den nationale Fichier „Ju-Cha“, an deem zanter 2009 all bestoend Date vun den ënnerschiddleche Justizinstanzen zesummegefouert ginn, d‘Donnéeë vu 667.130 physesche Persounen enthält. Et sinn dat d‘Date vun 285.668 „Beschëllegten“ oder „Veruerteelten“, 20.650 Kläger, 40.544 Zeien, a 464.060 Assurancen an Affer. Woubäi een a méi Fichieren optauche kann.

Dës Datebank deckt de ganze Prozess vun engem penalen Dossier: vun der Informatioun iwwert den Delikt/Verstouss bis zum Uerteel. D‘Fichiere selwer wieren net Nominativ, alles géif sech ronderëm en „identifiant unique“ dréinen. Et wier dann och d‘Ju-Cha déi d‘Gestioun (elektronesch a strikt administrativ) mécht. 2018 soll et laut dem Jeannot Nies 63.572 nei Dossiere gi hunn.

Et dierf net egal wien op dës Datebank zougräifen

Bei der Justiz wier net all Mataarbechter autoriséiert op dës Datebank zouzegräifen. Nëmme 630 Persounen hätten en Accès, woubäi d‘Polizisten dovunner ausgeschloss sinn, an nëmmen op den zentrale Fichier vun der Police zougräifen dierfen. D‘Zuel vun den 2.000 Beamten déi Zougrëff op dëse Fichier hätte konnt de Procureur-Adjoint net confirméieren. Fält net a seng Zoustännegkeet.

Wat déi 630 Justiz-Beamte betrëfft, esou deklinéiert sech den Accès an engem System vun 69 Rollen. Esou ka beispillsweis e Substitut net an den Dossier vum Untersuchungsriichter wullen. Doriwwer eraus muss all Persoun déi en Abléck an d‘Datebank wëll hunn, e berechtegte Grond dofir hunn. Den Zougang wier technesch duerch de „LuxTrust“ Zertifikat geséchert.

Et gëtt alles archivéiert, d‘Justiz vergësst a verléiert näischt

Interessant dann awer den Ëmgang mat den Daten. Laut der Justiz gëtt et eng Reegel déi bestëmmt, datt wann engem Dossier keng nei Elementer zougefouert kënne ginn, d‘Notizen no zwee Joer „archivéiert“ ginn (no 2 Joer fir d‘Protokoller an no 3 Joer fir d‘Delikter an d‘Verbriechen). Vun den 434.860 neien Dossieren (zanter 2009) sinn zweedrëttel archivéiert, déi aner sinn nach „Aktiv“.

Ënner „archivéiert“ ass ze verstoen: „D‘Date sinn net geläscht ginn, mee och net méi zougänglech“ an nëmmen op schrëftlech a motivéiert Nofro, kënnen dës Dossieren agesi ginn. Wann den Dossier an de Beräich vun de Ju-Cha fält ënnerläit deem eege Reegelen, notamment wat d‘Läsche vun den Anträg betrëfft. Et géif keng Verbindung tëscht dem Ju-Cha an dem zentrale Fichier vun der Police.

Foto: Et gëtt näischt méi zerschreddert, mee esou archivéiert datt kee méi dru kënnt, deen net wierklech ee ganz gudde Grond huet. (Hans Braxmeier/Pixabay

Ähnlech Sujeten Casier-bis, Jeannot Nies, Martine Solovieff, Procureur, Zentrale Fichier vun der Police
Nächsten Artikel Virrechten Artikel