Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Greenpeace: Déi weltwäit Kris ëm den nuklearen Offall
https://moien.lu/fear-dating-reddit/

Greenpeace: Déi weltwäit Kris ëm den nuklearen Offall

E Mëttwoch huet Greenpeace ee Rapport zur weltwäiter Kris ëm

https://moien.lu/hookup-spots-anchorage/
https://moien.lu/dating-site-app-apk-download/
https://moien.lu/fear-dating-reddit/

ArcelorMittal wëll elo ILVA awer net iwwerhuelen

Et huet nawell zolidd fir Gespréich gesuergt, nodeems ArcelorMittal gëschter

D‘Police huet nees missen agräifen: Drogen, Alkohol a Vitesse!
https://moien.lu/fear-dating-reddit/

D‘Police huet nees missen agräifen: Drogen, Alkohol a Vitesse!

Wien der Meenung ass, datt d‘Beamte vun der Police Méindes

Dossier Dieschbourg: Justiz entlaascht Ëmweltministesch

Dossier Dieschbourg: Justiz entlaascht Ëmweltministesch

Während den „Dossier Traversini“ nach an der Maach ass, huet dee vum Carole Dieschbourg keng weider Suitte mat sech bruecht. D‘Ëmweltministesch war vum Iechternacher Buergermeeschter Yves Wengler (CSV) wéinst engem angeblech net genehmegte Stall um Terrain vun der Millen zu Lauterbur – deen den Eltere vun der Ministesch gehéiert – zolidd op de Leescht geholl ginn.

Ähnlech wéi beim fréiere Buergermeeschter vun Déifferdeng soll et fir d‘Bëtongsschapp, op där de Stall opgeriicht ginn ass, keng Geneemegung ginn hunn. (Zur Erënnerung: den ale Stall war duerch d‘Iwwerschwemmungen am Mëllerdall 2018 zerstéiert ginn) Wéi d‘Virwërf um Dësch geleeën hunn, huet sech d‘Ministesch drop behaapt, mam Dossier näischt um Hutt ze hunn.

Sengerzäit huet den Direkter-Adjoint vun der Waasserverwaltung, Luc Zwank, d‘Pose vun dëser inkriminéierter Bëtongsschapp geneemegt. D‘Autorisatioun gouf duerch d‘Urgence justifiéiert, déi mat den anti-Iwwerschwemmungsmoossnamen an der betraffener Géigend zesummenhänken. Hei wieren dann och all d‘Terraine gläich behandelt ginn, esou de Luc Zwank géintiwwer der Press.

Et gouf tranchéiert

De Parquet vun Dikrech an aus der Stad hunn sech dem Dossier trotzdeem ugeholl a gepréift ob bei dëser Autorisatioun alles Regelkonform ofgelaf ass. Heirauser ergëtt sech, datt et de 26. Mee 2003 eng Geneemegung fir de Bau vun engem Stall op „plakegem“ Buedem ginn huet. A sengem Communiqué vu gëschter, verweist de Parquet vun Dikrech, datt no grëndlecher Iwwerpréiwung eng keng juristesch Mëttel wéinst dem Stall ugewannt kënne ginn, d‘Saach wier verjäert.

Wat elo de Volet betreffend d‘Autorisatioun vum 11. Januar 2019 ugeet, esou heescht et do: „Et besteet keen Indiz dorobber, datt d‘Rekonstruktioun vum Stall net konform zur vum Ëmweltministère ausgestallte Geneemegung wier“. A vum Parquet zu Lëtzebuerg heescht et dozou: „Et ass een zum Schluss komm, datt unhand de virgeluechten Elementer, et kee Grond fir eng Enquête gëtt, déi sech op d‘Konditioune vun der Obtentioun vun der Autorisatioun bezéien“.

An elo?

Béid Parqueten, also Dikrech a Lëtzebuerg, hunn den Dossier ouni Suitte „klasséiert“ woumadder d‘Carole Dieschbourg entlaascht ass. Ob dat der Oppositioun duer geet, gëllt ofzewaarden. Déi hu sech jo eenegermoossen op déi gréng ageschoss, a wäerten elo d‘Aussoe vun der Justiz nach emol eppes méi genee analyséieren.

Wat d‘Affär ëm de Roberto Traversini ugeet, esou huet dëse jo all d‘Konsequenzen op sech geholl an et muss elo ofgewaart ginn, wéi sech dat administratiivt Geriicht am Bezuch op d‘Autorisatioun positionéiert. Och an dëser Affär war de Parquet zu Lëtzebuerg mat enger Enquête befaasst ginn. Hei wäert een nach eppes Gedold mussen hunn, bis dat lescht Wuert geschwat ass…

Illustratioun: Pixabay

Ähnlech Sujeten Autorisatioun, Carole Dieschbourg, Ëmweltministère, Millen Lauterbur, Yves Wengler
Nächsten Artikel Virrechten Artikel