Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Gesondheetszoustand an der EU: méi Schutz a Präventioun fir ee méi gesond a laangt Liewen
Neiegkeeten

Gesondheetszoustand an der EU: méi Schutz a Präventioun fir ee méi gesond a laangt Liewen

Dës Woch ass de Rapport vun 2018 mam Numm „Health

Een Neijoerschpatt mam Xavier Bettel: D’Diskussioun ëm d’Pressefräiheet
Neiegkeeten

Een Neijoerschpatt mam Xavier Bettel: D’Diskussioun ëm d’Pressefräiheet

Um freie Mëtteg huet eise Premierminister, Staatsminister a Minister vun

Festival vun de Migratiounen 2019: „Mäin Numm ass…“
Neiegkeeten

Festival vun de Migratiounen 2019: „Mäin Numm ass…“

Dëst Joer fënnt de Festival vun de Migratiounen, der Citoyennetéit

Am Dossier Google brauch et endlech Äntwerten

Am Dossier Google brauch et endlech Äntwerten

Wa gewosst ass, datt sech den amerikaneschen Internetkonzern Google zu Biissen ronn 34 Hektar Land kaf huet, esou dierf een net vergiessen, datt dëse Projet och op e gewësse Widderstand stéisst.

Virun ee puer Deeg hat sech d‘ADR nach emol iwwert dësen ominéisen „industrielle“ Projet veriergert gewisen, dem Mouvement Ecologique (Meco) ass et souwisou en Dar am A an och e Schäfferot ass hei verschlass ginn. Elo huet och d‘CSV nees weider Informatioune vun der Regierung gefuerdert. Déi wollten de 14. Oktober (parlamentaresch Fro 1328) vum zoustännege Minister wëssen, ob et e „Memorandum of Understanding“ (MoU) mam US-Konzern géi ginn.

De Premier, de Staatsminister an en de Wirtschaftsminister hunn zesummen op dem Laurent Mosar (CSV) seng Fro geäntwert an drop higewisen, datt d‘Fro zum Accord tëscht Google a Regierung net nei ass, an dat schonn de 7. Mäerz an der Wirtschaftskommissioun erläutert ginn ass. Et wëll een d‘Fläch vum Site Busbierg zu Biissen och da wirtschaftlech notzen, wann et net zum Bau vum Datenzenter komme sollt. Wéi awer soll dat goen, wann den Terrain enger Privatfirma gehéiert?

Laut dem CSV-Deputéierte verhält et sech nämlech esou, datt d‘Terrainen net vu Google, mee LB-Technology Sàrl (dat ass eng Filial vu Google) déi genannte Flächen um Busbierg zum Präis vun erstaunleche 36.509.019,06 Euro kaf huet. Elo huet d‘Regierung awer ee MoU mat Google, esou zumindest de Stand, an net mat LB-technology Sàrl. Et sief dann datt am Accord och dës Boîte säi Pefferkär bäigeluecht huet. Elo ass et awer esou, datt den „Deal“ mat Google geheim ass.

An do stellt sech fir d‘CSV eng kruzial Fro. Wat géif et kaschten, de Fall gesat Google desistéiert sech vum Projet an d‘Regierung misst déi Terrainen – déi jo an der tëscht u Wäert zougeluecht hunn – zréckkafen? Eng Äntwert, esou de Laurent Mosar kann nëmmen en Asiicht an de MoU ginn, woubäi hien a seng Fraktiounskollegen och gären déi begleedent Dokumenter wëllen agesinn. Et schéngt also onëmgänglech, datt déi zoustänneg Minister an der Kommissioun Äntwerte virleeën.

Geheim Verträg an Accorde sinn einfach net méi Zäitgeméiss an et stellt och besonnesch den demokratesche Prozess a Fro. Wéi gesot, den ale Schäfferot vu Biissen huet sech dowéinst esou fierchterlech an d‘Hoer kritt, datt et elo en neie gëtt. Déi Biisser Leit verlaangen och Äntwerten. Als Nohalteg, léisst sech de Projet jiddefalls net méi verkafen, well nieft vill Stroum ginn och nach Onmenge vu Waasser gebraucht. A wann et schonn net ouni Wuesstem geet, firwat esou ee Projet?

Illustratioun: Gerd Altmann / Pixabay

Ähnlech Sujeten Bissen, CSV, Google, Laurent Mosar, Memorandum of Understanding
Nächsten Artikel Virrechten Artikel