Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

BENU – Een nohaltegt Eko-Duerf
International Neiegkeeten

BENU – Een nohaltegt Eko-Duerf

Mat BENU äntwert Esch-Uelzecht ob de Problem vun der Nohaltegkeet.

D‘USA sichen nach ëmmer no enger Léisung fir Venezuela
International Neiegkeeten

D‘USA sichen nach ëmmer no enger Léisung fir Venezuela

Nodeems et dem venezuelaneschen Dissident Juan Guaido net gelongen ass

Et goufen iwwert 6.000 Gebuerten am leschte Joer – mee ëmmer manner pro Fra
International Neiegkeeten

Et goufen iwwert 6.000 Gebuerten am leschte Joer – mee ëmmer manner pro Fra

Den Taux vun de Gebuerte geet am Land weider erof:

Dossier Khashoggi: Frankräich diskreditéiert d‘Tierkei

Dossier Khashoggi: Frankräich diskreditéiert d‘Tierkei

E Méindeg sinn se zu Ankara eppes „aus der Këscht gefuer“ esou veriergert waren se, nodeems Frankräich dem tierkesche President Recep Tayyip Erdogan, am Fall „Khashoggi“ e „politescht Spill“ ënnerstallt huet. Paräis huet och dementéiert „Informatioune vun Ankara“ erhalen ze hunn.

An engem Interview op „France 2“, huet de franséischen Ausseminister Jean-Yves Le Drian gesot, datt hien „keng Kenntnisser“ iwwert en Informatiounsaustausch mat der Tierkei hätt. Domatter huet den Ausseminister, dem Erdogan sengen Deklaratiounen an dëser Affär den Teppech ënnert de Féiss ewech gezunn.

Gefrot op den tierkesche President eventuell kéint gelunn hunn, seet de Jean-Yves Le Drian: „Den Erdogan dreift hei e drolegt politescht Spill“. An dat ass d‘Ausso déi d‘Regierung zu Ankara op déi berühmte Palm muss gedriwwen hunn. Den tierkeschen Ausseminister, Mevlüt Cavusoglu, war ganz aus dem Haischen

„De franséischen Ausseminister huet d‘Limitten iwwerschratt. Dee muss emol léieren sech un e Staatschef ze adresséieren. (…) Eise President ze beschëllegen e politescht Spill ze bedreiwen, datt ass besonnesch onfrëndlech. (…) Ech weess datt eise Geheimdéngscht all d‘Elementer am Dossier Khashoggi weidergeleet huet“, esou de Mevlüt Cavusoglu.

Esou kloer wéi eng Héngerbritt

Kuerz virum tierkeschen Ausseminister, hat sech schonn den tierkesche Kommunikatiounsdirekter vun der tierkescher Presidence, Fahrettin Altun, zu Wuert gemellt. Géintiwwer der AFP huet hien ausgesot, datt e Vertrieder vum franséische Geheimdéngscht, de 24. Oktober, eng Audio-Opnam vum Mord um Khashoggi ofgelauschtert huet.

No der „tierkescher Interventioun“ huet de Jean-Yves Le Drian e „Mëssverständnes“ ageraumt. Laut dem Quai d‘Orsay, wollt de Minister leedeglech soen, datt hie keng tierkesch Informatiounen erhalen huet, déi et géifen erlaben déi „ganz Wourecht“ am Dossier Khashoggi ze ermëttelen. Dorënner d‘Ëmstänn an déi Verantwortlech vu sengem Doud.

Aus dem franséischen Ausseministère heescht et weider: „Déi ganz Wourecht déi eis interesséiert, hänkt net un tierkeschen Audio-Opnamen, egal wéi enger Natur se sinn. Déi ganz Wourecht muss och zu Ryad gesicht ginn. Dofir tausche mir eis reegelméisseg mat eise Partner aus.

Ganz offiziell, hat den tierkesche President d‘Existenz vun dësen Audio-Opnamen eréischt e Samschdeg bestätegt, a bemierkt, datt Ankara seng „Ënnerlagen“ mat sengen Alliéierten, dorënner Washington, Berlin, London a Paräis, gedeelt huet. D‘Affär Khashoggi hat jo fir genuch Zodi uechtert d‘Welt gesuergt, zemools wou de Krounprënz soll implizéiert sinn.

Geheimdéngschter ënnert sech

Erënnere mir op dëser Plaz nach emol kuerz drun, datt de Jamal Khashoggi, en Editorialist dee sech mam Krounprënz Mohammed ben Salmane (MBS) ugeluecht hat, an et virgezunn huet an den USA ze liewen, den 2. Oktober an déi saudesch Ambassade zu Istanbul ergaangen, net awer erauskomm ass. Hie wollt seng Scheedungspabeieren ofhuelen, esou d‘Versioun vu senger Frëndin.

Iwwert engem Mount nodeems de Mann offensichtlech ermuert ginn ass, gëtt et nach ëmmer keng Spuer vu senger Läich. Laut tierkesche Medien, wier den 59 järege vu senger Mäerder „zerluecht“ an a Saier „opgeléist“ ginn. Déi tierkesch Regierung gëtt vun engem premeditéierte Mord aus, dee vu 15 saudeschen Agente geplangt an ëmgesat soll gi sinn. D‘Kinnekräich hat dat dementéiert…

E Méindeg huet de kanadesche Premierminister, Justin Trudeau, sengersäits bestätegt, datt säi Geheimdéngscht d‘Audio-Opnamen ofgelauschtert hunn, an all Informatioune vun der Tierkei erhalen huet, déi d‘Autoritéite bereet waren ze deelen.

De Chef vum kanadesche Geheimdéngscht (SCRS), David Vigneault, wier op Uerder vum Justin Trudeau perséinlech an d‘Tierkei gereest, heescht säitens dem Spriecher vum SCRS. „Hien huet d‘Audio-Opname gelauschtert an huet uschléissend de Premierminister an aner Membere vun der Regierung entspriechend informéiert“, esou de Spriecher vum kanadesche Geheimdéngscht.

Och Däitschland huet matgedeelt, datt et en Austausch tëscht de respektive Geheimdéngschter ginn huet. Berlin war allerdéngs och net gewëllt méi Detailer ze nennen.

Zumindest ass de Jemen elo en Thema

De Mord um Jamal Khashoggi huet eng Schockwell ausgeléist, wat derzou gefouert huet, datt de Krich am Jemen, wou Saudiarabien d‘Leedung vun der arabescher Koalitioun iwwerholl huet, nees an de Fokus vun de Medien an der Politik geroden ass.

An dësem kontroverséierte Kontext, hat e Méindeg de briteschen Ausseminister, Jeremy Hunt, eng Entrevue mam Kinnek Salmane zu Ryad. Hie war an d‘Kinnekräich gereest, fir den internationalen Drock op Saudiarabien spierbar ze erhéijen. En Dag virdrun, hat den US-Ausseminister, Mike Pompeo, mam MBS telefonéiert, an dësen opgefuerdert, dem Konflikt en Enn ze bereeden.

Laut der Spriecherin vum US-Ausseministère, Heather Nauert, hätt de Mike Pompeo dem saudesche Krounprënz matgedeelt, datt d‘USA „vun allen am Mord implizéierte Persoune wäert Rechenschaft verlaangen“. Hie sol dem MBS nogeluecht hunn, et och esou ze handhaben.

mam Fulya Ozerkan/AFP

Foto: E falscht Stroosseschëld haten Aktiviste vun Amnesty International, virun der saudescher Ambassade zu London opgehaangen. Saudiarabien huet zouginn datt de Jamal Khashoggi zu Istanbul ëmbruecht ginn ass, dat ganzt awer e grousst Mëssverständnes wier. Déi international Communautéit erhéicht elo den Drock. © Daniel Leal-Olivas/AFP

Ähnlech Sujeten Frankräich, Jamal Khashoggi, Jean-Yves Le Drian, Mohammed ben Salmane, Recep Tayyip Erdogan, Saudiarabien, Tierkei
Nächsten Artikel Virrechten Artikel