Search

You may also like

Esch-Uelzecht: Rapp a Klapp an der Brillstrooss
International Neiegkeeten

Esch-Uelzecht: Rapp a Klapp an der Brillstrooss

Wéi d‘Police matgedeelt huet, war um spéide Sonndegowend (23 Auer)

Zu Steesel hu se d‘Revolutioun an eng Fläsch ofgefëllt
International Neiegkeeten

Zu Steesel hu se d‘Revolutioun an eng Fläsch ofgefëllt

D‘Stuff Brauerei vu Steesel huet villes ze bidden an dozou

Wäisswampech: déi gréng stäipen sech géint d‘Privatiséierung vum Séi
International Neiegkeeten

Wäisswampech: déi gréng stäipen sech géint d‘Privatiséierung vum Séi

Viru kuerzem ass den touristesche Groussprojet „Suneo Park“ zu Wäisswampech

Dossier Khashoggi: UN-Ermëttlerin belaascht saudesch Regierung

Dossier Khashoggi: UN-Ermëttlerin belaascht saudesch Regierung

Zanter der Ermordung vum Dissident a Kolumnist, Jamal Khashoggi, an der saudescher Ambassade zu Istanbul, steet d‘Kinnekshaus „liicht“ ënner Drock. No der Enquête vun de Vereenten Natiounen, gëtt et keng Zweiwel méi, wien hannert dëser Dot stécht: de Regimm zu Ryad.

No den tierkeschen Autoritéiten, der US-Regierung, an dem Fait datt d‘Kinnekshaus Ufank Januar eelef Männer viru Geriicht gestallt hat, bestätegen och déi Vereenten Natiounen, datt de Jamal Khashoggi vun engem saudesche Sonnerkommando „virsätzlech a brutal“ higeriicht ginn ass. Déi vun der UN agesate Sonnerermëttlerin, Agnès Callamard, léist keen Zweiwel opkommen: „Dës Dot ass vu Vertrieder vun der saudescher Regierung geplangt an ëmgesat ginn“.

D‘Agnès Callamard, déi an der Tierkei enquêtéiert huet, hat sech mam Ausseminister Mevlüt Cavusoglu getraff. Déi tierkesch Autoritéite solle ganz kooperativ gewiescht sinn, am Géigesaz zu deene saudeschen, déi beméit waren, d‘Aarbecht vun der Sonnerermëttlerin esouwäit wéi méiglech ze behënneren. Si huet an hirem Bericht de Mëssbrauch vun der diplomatescher Immunitéit condamnéiert, deen dat saudescht Kinnekshaus agesat huet fir onbestrooft e Mord ze begoen.

Kee Spadséiergank an der Owessonn

Virum UN-Mënscherechtsrot (OHCHR) huet d‘Agnès Callamard däitlech gemaach, datt dëse Mord déi drénglech Opmierksamkeet vun der internationaler Communautéit verlaangt. D‘Aart a Weis wéi hei „operéiert“ ginn ass, misst zu Moossnamen, wa schonn net zu Strofen, féieren. Wéi et heescht, soll d‘Sonnerermëttlerin bis zum Juni, en ausféierleche Bericht iwwert den Virgank am UN-Mënscherechtsrot virleeën. An dësem Bericht dierften eng Rei rout Linnen iwwerschratt ginn.

Am saudesche Kinnekräich gesäit een et net gären, datt am Kontext vun dësem op Staatsuerder ausgefouerte Mord un engem „Dissident“, d‘Scheinwerfer op de Krounprënz Mohammed ben Salmane geriicht ginn. Et schéngt „erwisen“, datt de Jamal Khashoggi an de Krounprënz sech feindlech gesënnt waren, firwat d‘Affer sech och fir den amerikaneschen Exil entscheet hat. Dat erlaabt et awer „Ongleewegen“ net, sech um zukünftege Staatschef vu Saudiarabien ze vergräifen.

Wann dës Enquête am allgemenge vun der internationaler Communautéit begréisst gëtt, esou gëtt et och Stëmmen déi sech géintiwwer dem OHCHR kritesch ausdrécken. Wann et méiglech ass, wéinst engem Mënsch eng esou déifgräifend Enquête ze maachen, da sollt een dach erwaarden dierfen, datt déi Virwërf zu Mënscherechtsverletzungen a Krichsverbriechen am Jemen, wou Saudiarabien eng Koalitioun leet, déi de Kampf géint d‘Houthi-Rebellen zu Laaschte vun der Bevëlkerung féiert.

Related topics Agnès Callamard, Istanbul, Jamal Khashoggi, Mohammed ben Salmane, Mord, OHCHR, Ryad, Saudiarabien
Next post Previous post