Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Chantier: Brëtell zur A1 Richtung Kierchbierg gespaart!
dating a younger girl in high school Neiegkeeten

https://moien.lu/what-is-a-good-online-dating-headline/

Am Kader vun den Ëmbauaarbechten am Rond-Point Irgäertche wäert d’Brëtelle

https://moien.lu/what-to-do-when-your-best-friend-is-dating-your-brother/
dating a younger girl in high school Neiegkeeten

CAPE: Kulturgeschicht Lëtzebuerg

Nodeems de CAPE an der vergaangener Saison an Zesummenaarbecht mat

Den 11. Februar mécht d‘Cinemathéik vun der Stad Lëtzebuerg nees op
dating a younger girl in high school Neiegkeeten

Den 11. Februar mécht d‘Cinemathéik vun der Stad Lëtzebuerg nees op

No enger duerch Parasitten organiséiert „Zwangspaus“ mécht d‘Cinemathéik vun der

Dossier Khashoggi: De saudesche Krounprënz perséinlech Verantwortlech?

UN-Bericht leet no datt de Mohammed ben Salmane hannert dem Dout vum Journalist stécht

Dossier Khashoggi: De saudesche Krounprënz perséinlech Verantwortlech?

No der Verëffentlechung vum UN-Bericht, am Kontext vun der Ermordung vum saudesche Kritiker Jamal Khashoggi an der saudescher Ambassade zu Istanbul, steet fest: et gëtt tatsächlech kredibel Hiweiser, laut deenen de Krounprënz Mohammed ben Salmane al Saud, des schänterlech Dot an Optrag soll ginn hunn.

D‘UN-Sonnerberichterstatterin Agnès Callamard, déi an der Tierkei ermëttelt huet a schonn am Februar e Rapport virgeluecht huet, aus deem däitlech ervirgeet, datt et hei zum Mëssbrauch vun der diplomatescher Immunitéit komm ass, geet am neie Bericht nach e Schratt méi Wäit. Et wier offensichtlech, datt de Krounprënz mam Dossier verbonnen, wann net esouguer den Auteur ass.

KhashoggiFir d‘Agnès Callamard muss et zu enger weiderféierender Enquête kommen, déi d‘Scholdfro och ofschléissend kläre kann. Well d‘Saudien awer kaum fräiwëlleg esou enger Moossnam dierften zoustëmmen, sollt et trotz der Onscholdsvermuddung – déi och fir e Krounprënz gëllt – fuerdert d‘Berichterstatterin dem Kinnekräich Sanktiounen opzëerleeën. Anerwäerts géif et jo och goen.

E kinneklecht Verbriechen

Am Bericht heescht e, datt et keen ersiichtleche Grond gëtt, firwat keng international Sanktioune géint de Mohammed ben Salmane a säi perséinleche Besëtz sollte verhaange ginn. D‘Agnès Callamard huet zudeem och mam Fanger op déi „verhale Reaktioun“ vun der internationaler Gemeinschaft gewisen. Déi géifen de Problem hallefhäerzeg ugoen an hätten aner Interessen.

Khashoggi

Bei der Analys vum Bericht, gëtt ersiichtlech, datt de saudesche Killer-Kommando ouni d‘Wëssen an/oder Erlaabnes vum Krounprënz, nimools net aktivéiert gi wier. Dat engersäits, well de Jamal Khashoggi aus dem Exil eraus, e perséinleche Kräizzuch géint de Mohammed ben Salmane gefouert huet, an anersäits deen eenzegen (nieft sengem Papp) ass, deen esou en Uerder ka ginn.

Ankara ënnerstëtzt UN-Berichterstatterin

Elo muss een dat Ganzt dann awer nees relativiséieren. E Beweis oder Beleg, esou eppes kann och d‘Agnès Callamard net virleeën. Et léisst sech – wann een net iwwerall enquêtéiere gelooss gëtt – net ofschléissend behaapten, op wéi engem Niveau a wéi Prezis de Mordoptrag erdeelt ginn ass. E Standpunkt dee vun der Tierkei am vollen Ëmfang matgedroe gëtt. Dat awer aus aneren Interessen.

Khashoggi

Khashoggi

Khashoggi

Khashoggi

Den tierkeschen Ausseminister Mevlüt Cavusoglu gëtt vun den tierkesche Medien zitéiert: „Mir ënnerstëtzen d‘UN-Empfeelung, de Mord um Jamal Khashoggi opzeklären, an all implizéiert Persounen zur Rechenschaft ze zéien“. Et muss een awer uecht doen. Ankara geet et um Hënneschte laanscht wat d‘Affer betrëfft, dofir ass et eng gutt Geleeënheet den Amerikaner eng ze diksen.

Keng Optioun fir d‘US-Aussepolitik

D‘Tierken, déi schonn aus historescher Siicht net déi beschte Meenung vum saudesche Kinnekräich hunn, profitéiere vun dësem Fall fir och dem NATO-Partner USA an de Schratt ze gräifen. Hei gëtt e béist Spill gedriwwen, woubäi d‘Konsequenzen iwwersiichtlech bleiwen. D‘UN kann net einfach géint dat saudescht Kinnekshaus Sanktioune verhänken, well dat net vu Washington gedroe gëtt.

Khashoggi

Khashoggi

Khashoggi

Ënner kengen Ëmstänn wäert et den Donald Trump zouloossen, datt den Dout vun engem exiléierte Journalist an Dissident, seng Waffegeschäfter stéiert an zum Thema am Wahlkampf gëtt. De saudeschen Ausseminister Adel ben Ahmed al-Dschubeir huet via Twitter wësse gelooss, datt eenzeg an eleng déi saudesch Justiz an dësem Dossier souverän ass, a sech d‘UN erauszehalen huet.

mat indymedia/nyc

Foto: (Archiv) © Ministry of Foreign Affairs Saudiarabia

Ähnlech Sujeten Agnès Callamard, Jamal Khashoggi, Mohammed ben Salmane, Tierkei, UN-Rapporteur, USA
Nächsten Artikel Virrechten Artikel