Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

No Planet B: Mobiliséierung vum lëtzebuergesche Finanzsecteur fir de Klimaschutz
International Neiegkeeten

No Planet B: Mobiliséierung vum lëtzebuergesche Finanzsecteur fir de Klimaschutz

Greenpeace Lëtzebuerg huet um 18. September 2018 säin éischte Klimaschutzbüro

D’NRA, erkläert
International Neiegkeeten

D’NRA, erkläert

NRA. Dëst sinn déi dräi Buschtawen, déi no all Schéisserei

Aacht Saachen, déi mer haut iwwer den DP-Gemengewahlkampf geléiert hunn
International Neiegkeeten

Aacht Saachen, déi mer haut iwwer den DP-Gemengewahlkampf geléiert hunn

De Wahlkampf ass endlech offiziell un! Haut ass de leschten

Russland weist als Géigeschlag 60 amerikanesch Diplomaten aus

Russland weist als Géigeschlag 60 amerikanesch Diplomaten aus

Nom Uschlag op e fréiere russesche Spioun, sinn uechtert d‘Welt iwwer 140 russesch Diplomaten ausgewise ginn. De „Westen“ ass iwwerzeegt, datt Moskau hannert der Dot stécht, kann et awer net beweisen. D‘Russe bestreiden de Virworf a schécken elo och 60 amerikanesch Diplomaten heem.

D‘Ausweisung, déi vu Moskau ugewise ginn ass „markéiert eng nei Etapp am Verfall vun de Bezéiungen tëscht den USA a Russland“ notéiert d‘Spriecherin vum Wäissen Haus, Sarah Sanders, an engem Communiqué. Datt et eng ganz normal Prozedur ass, huet si den US-Bierger net gesot.

An och d‘Spriecherin vum Ausseministère, Heather Nauert, schéngt vun der russescher Reaktioun iwwerrascht. „D‘Reaktioun vun de Russen ass a kenger Hisiicht berechtegt“, esou d‘Spriecherin déi wäert drop leet, datt „d‘Ausweisunge vu russeschen Diplomaten duerch de Weste berechtegt sinn“.

Wéi fréier am Schoulhaff

Mat dëser Moossnam hätt sech Moskau fir d‘Isolatioun entscheet, heescht et aus dem US-Ausseministère. D‘Heather Nauert verséchert, datt sech Amerika d‘Recht virbehält, op d‘Ausweisung vun den US-Diplomaten ze äntweren. D‘Optioune géife grad „studéiert“ ginn.

A Russland war et dann den US-Ambassadeur dee vum Ausseministère abestallt ginn ass. Den John Huntsman wier iwwert den Inhalt vun de „Géigemoossnamen“ entspriechend informéiert ginn. Esou eng éischt Matdeelung vum russeschen Ausseminister Sergueï Lavrov.

Géintiwwer der Press huet de Lavrov erkläert: „Si enthalen d‘Ausweisung vun der selwechter Unzuel Diplomaten an de Retrait vun der Accreditatioun vum US-Generalkonsulat zu Sankt Petersburg“. D‘Generalkonsulat muss bis muer Samschdeg seng Dieren zougespaart hunn.

Do geet nach eppes

D‘Äntwert vun der russescher Regierung entsprécht der amerikanescher Handlungsweis. Washington huet 60 Diplomaten aus dem Land verwisen an d‘Konsulat vu Seattle zougemaach. D‘USA wëllen esou Moskau fir den Uschlag mat engem Neurotoxin bestrofen.

All 60 ausgewisen Diplomaten (58 vun der Ambassade zu Moskau, 2 vum Generalkonsulat zu Ekaterinburg) sinn als „persona non grata“ deklaréiert ginn, well hir „Aktivitéiten“ net mam diplomatesche Statut kompatibel sinn. Si hunn eng Woch fir d‘Wallissen ze paken.

Et si vu den Géigemoossnamen awer net nëmmen d‘Amerikaner betraff. Weltwäit sinn iwwer 140 russesch Diplomaten ausgewise ginn, an de Sergueï Lavrov huet verséchert, datt „d‘Äntwert fir jiddereen déi selwecht wäert sinn, an net nëmmen dat“. Méi Detailer huet et net ginn.

Mat der Wourecht ass dat ëmmer esou eng Saach

Fir d‘Wourecht ze fannen huet Russland eng aussergewéinlech Sëtzung vum Exektiv-Rot vun der internationaler Organisatioun fir de Verbuet vu chemesche Waffen (OPCW) agefuerdert. Et géif drëms goen, en éierlecht Gespréich ze féieren. „E Refus wier d‘Bestätegung, datt dat ganzt eng eenzeg Provokatioun ass“, esou de russeschen Ausseminister.

Moskau bleift derbäi, näischt mat der Saach ze dinn ze hunn, a gesäit sech als Affer vun enger anti-russescher Politik déi London bedreift. De Sergueï Lavrov ass dann och iwwerzeegt, datt déi sëllechen Ausweisungen nëmmen op Drock vu London a Washington stattfonnt hunn.

D‘Menacen, bei deenen et notamment drëms geet, Gidder vun der russescher Regierung op amerikaneschem Buedem ze saiséieren: „féieren zu enger weiderer Verschlechterung vun eise Bezéiungen, mat entspriechende Konsequenze fir d‘Stabilitéit op der Welt“, esou de Lavrov.

„Russland sollt sech net als Affer gesinn“, äntwert d‘Heather Nauert. Si beschëllegt dann d‘Russen, net nëmme géint d‘Konventioun zu de chemesche Waffen ze verstoussen, mee och „e groussen Deel vum Problem a Syrien ze sinn“. Och dofir feelen dem US-Ausseministère d‘Beweiser.

D‘Ioulia huet dat schlëmmst iwwerstanen

Et gëtt dann awer net nëmme schlecht Nouvellen. Vum Spidol wou de Papp an d‘Meedche Skripal gefleegt ginn, koum d‘Matdeelung, datt sech d‘Lag vum Ioulia rapid verbessert. D‘Fra vun 33 Joer wier net méi an engem kriteschen Zoustand. Laut BBC ass d‘Ioulia wakereg a ka schwätzen.

Laut der Police, soll déi gréisste Konzentratioun vum neurotoxeschen Agent, op der Hausdier vun der Famill Skripal fonnt gi sinn. De Sergueï Skripal, fréier Colonel vum militäresche Geheimdéngscht (GRU) war 2006 zu Moskau, wéinst héijem Verrot, verhaft a veruerteelt ginn.

Hien hat fir Groussbritannien spionéiert, a London konnt a wollt „hiren“ Agent net opginn. Am Kader vun engem „Echange“, ass de Sergueï Skripal 2010 nees fräi komm. Moskau huet ni en Heel draus gemaach, datt Verréider hir verdéngte Strof wäerte kréien. Mee och dat ass kee Beweis.

mam Anaïs Llobet an dem Francesco Fontemaggi/AFP

Foto: De russeschen Ausseminister Sergueï Lavrov huet d‘Géigemoossname bekannt ginn. 60 US-Diplomate mussen d‘Land Verloossen an d‘Generalkonsulat zu Sankt Petersburg gëtt zougemaach. Et dierft net dee leschten Zuch um politesche Schachbriet gewiescht sinn. © Yuri Kadobnov/AFP

Ähnlech Sujeten Heather Nauer, Salisbury, Sergueï Lavrov, Sergueï Skripal, Spioun
Nächsten Artikel Virrechten Artikel