Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

EU-Mobilitéitspak: déi éisträichesch Propose ass besuergnesereegend
https://moien.lu/dating-your-landlord/ International https://moien.lu/dating-in-benin-city/

after 2 months of dating

Eng Delegatioun vum Transportsyndikat ACAL-OGBL an der europäescher Federatioun vun

dating app used in india
https://moien.lu/dating-your-landlord/ International https://moien.lu/dating-in-benin-city/

Analys: Déi militäresch Interventioun a Syrien ass ofgeschloss

Den Donald Trump mat senge briteschen a franséischen Alliéierten, sinn

Thionville 2019: Eng Stad mat Gold geschriwwen
https://moien.lu/dating-your-landlord/ International https://moien.lu/dating-in-benin-city/

Thionville 2019: Eng Stad mat Gold geschriwwen

Gëschter Owend hat d’Stad Thionville an de Puzzle geruff, fir

dislike

No der OPWC soll den Dossier „Skripal“ am UN-Sécherheetsrot beschwat ginn

No der OPWC soll den Dossier „Skripal“ am UN-Sécherheetsrot beschwat ginn

Russland konnt um Mëttwoch d‘Organisatioun fir de Verbuet vu chemesche Waffen (OPWC) net dovunner iwwerzeegen, un der Enquête zur Vergëftung vum ex-Spioun Sergueï Skripal bedeelegt ze ginn. Elo soll den Dossier am UN-Sécherheetsrot, an enger ëffentlecher Sëtzung, debattéiert ginn.

De russeschen UN-Ambassadeur, Vassily Nebenzia, huet matgedeelt, datt Russland eng ëffentlech Sëtzung vum UN-Sécherheetsrot zum Dossier Skripal ugefrot huet. Déi soll haut um 15:00 Auer Lokalzäit (19:00 Auer eiser Zäit) ofgehale ginn. Russland hätt gären, datt sech d‘Sëtzung „mam Bréif vun der britescher Premierministesch Theresa May“, beschäftegt.

Iwwerzeegung ass kee Beweis

An dësem huet si Moskau beschëllegt, den ex-Spioun Sergueï Skripal a seng Duechter Ioulia vergëft ze hunn. Beschëllegungen déi kategoresch vu Moskau zeréckgewise ginn. Déi russesch Diplomatie denoncéiert eng „westlech Provokatioun“ an eng „anti-russesch Campagne“.

De Sécherheetsrot hat sech schonn de 14. Mäerz an enger Drénglechkeetssëtzung mam „Virfall“ beschäftegt, datt allerdéngs op Initiativ vu Groussbritannien. Virun der OPWC hunn d‘Briten dann och un hire Beschëllegunge festgehalen. London ass nach ëmmer iwwerzeegt, datt eenzeg Russland hannert dem Uschlag vu Salisbury ka stiechen.

Zu Den Haag haten sech d‘Representante vun den 41 Memberlänner aus dem Verwaltungsrot vun der OPWC hanner zouen Dieren zesummegesat. Hei ass sech dem Dossier vum ex-Spioun ugeholl ginn, deen d‘Grondlag vun enger vun de schlëmmste Spannungen tëscht Westen an Oste ginn ass.

D‘Lag selwer ass oniwwersiichtlech, an et muss ee vun engem vun de geféierlechste Momenter zanter dem kale Krich ausgoen. Dat verdäitlecht och d‘Ausweisung vun honnerten Diplomaten an d‘Schléissung vu Konsulater. An dëser ugespaanter Stëmmung, hat Moskau d‘Reunioun vun der OPWC gefuerdert, konnt awer de Gremium net iwwerzeegen an d‘Enquête agebonnen ze ginn.

D‘Masken si gefall

Mee den Alexander Shulgin, russeschen Ambassadeur bei der OPWC, hat ënnerstëtzt vu China an dem Iran, de Virschlag ënnerbreet, datt Russland zesumme mat Groussbritannien d‘Enquête kéint duerchféieren. Eng Propose, déi vun der britescher Delegatioun als „pervers“ bezeechent ginn ass. Se sollt dann och bei der Ofstëmmung net ugeholl ginn.

„Leider war et eis net méiglech zwee Drëttel vun de Stëmme fir d‘Motioun zesummen ze kréien. Eng qualifizéiert Majoritéit war awer néideg“, esou den Ambassadeur. „D‘Masken si gefall“, fiert de Shulgin fort a weist drop hin, datt London a Washington dogéint gestëmmt hunn.

Hie stellt fest, datt d‘EU- an d‘NATO-Memberlänner sech un „déi veruerdent Disziplin“ gehalen hunn, trotz der Absence vu Beweiser. Esou och déi Alliéiert vun den USA an Asien. „Et muss een awer notéieren, datt 23 Länner sech dem westleche Gesiichtspunkt net ugeschloss hunn, si waren entweder fir eise Projet oder hunn sech enthalen“, ënnersträicht den Alexandre Shulgin.

Diplomatesch Quellen hunn der AFP matgedeelt, datt sechs Länner sech fir déi russesch Propose agesat hunn. 15 Länner hunn dogéint gestëmmt a 17 hätten sech enthalen. De russesche President, op Visite zu Ankara, sot hie géif hoffen, datt „de gesonde Mënscheverstand gewënnt an een ophält déi international Relatiounen esou op d‘Spill ze setzen“.

Et bäisst d‘Maus kee Fuedem of

Nëmmen e puer Deeg nom Virfall, hat d‘Theresa May Moskau d‘Dot zougeschriwwen. Fir déi britesch Premierministesch wier et „déi eenzeg plausibel Erklärung“. Russland bestreit vun Ufank un eppes mam Uschlag ze dinn ze hunn.

Duerch d‘Aussoe vum britesche Militärlaboratoire, deen d‘Substanz, déi géint den ex-Spioun agesat ginn ass, analyséiert huet, gesäit sech Moskau gestäerkt. De Laboratoire vu Porton Down soll erausfonnt hunn, datt et sech beim Neurotoxin ëm de „Nowitschok“, engem militäresch genotzten Nervegëft, handelt. D‘Konzeptioun vun der Substanz wier russesch.

Elo huet de Laboratoire vu Porton Down awer och zougestanen, kee Beweis ze hunn, datt den neurotoxeschen Agent dee géint d‘Affer agesat ginn ass, a Russland hiergestallt gouf. Dat gesäit de briteschen Ausseminister Boris Johnson anescht, an hält un der Beschëllegung fest.

De Chef vum russesche Geheimdéngscht, Sergueï Narychkine, huet um Mëttwoch de Weste beschëllegt, alles manipuléiert ze hunn. Hien ass iwwerzeegt, datt d‘Affär Skripal „ e Konstrukt vun de Spezialdéngschter vu Groussbritannien an den USA“ ass. Den Ausseminister Sergueï Lavrov huet ënnerstallt, datt de Virfall déi britesch Bevëlkerung soll vum Brexit oflenken.

Interessant och d‘Ausso vum Chef-Chimiste vum russesche Verdeedegungsministère, Igor Rybaltchenko. Laut der russescher Agence Interfax, ass hien iwwerzeegt, datt „all moderne Laboratoire dësen Neurotoxin hierstelle kann“.

„Et existéiert kee „Marker“ deen et géif erlaben, e Land ze bestëmmen, an deem déi benotzte Substanz hiergestallt ginn ass“, verséchert den Igor Rybaltchenko. Hie bekräftegt domatter d‘Ausso vum Vladimir Putin, dee schonn drop higewisen hat, datt eng Substanz esou wéi se zu Salisbury agesat ginn ass, an iwwer 20 Länner op der Welt kann hiergestallt ginn.

mat AFP

Foto: (v.l.n.r.) Viktor Kholstov, Direkter vun Zentrum fir analytesch Fuerschung fir chemesch a biologesch Waffekonventiounen ënnert dem Ministère fir Industrie an Handel; Alexander Shulgin, russeschen Ambassadeur; Georgiy Kalamanov, Vizeminister fir Industrie an Handel; Igor Rybaltchenko, Chef-Chimist vum russesche Verdeedegungsministère; bei der Sëtzung vum Verwaltungsrot vun der OPWC. © Baart Maat/ANP/AFP

Ähnlech Sujeten Groussbritannien, OPWC, Russland, Sergueï Skripal, UN-Sécherheetsrot
Nächsten Artikel Virrechten Artikel