Search

You may also like

Andalusien: déi Rietsextrem erueweren d‘Regionalparlament
Neiegkeeten

Andalusien: déi Rietsextrem erueweren d‘Regionalparlament

Eng kleng rietsextrem Partei, d‘VOX, huet e Sonndeg seng Entrée

Brexit: EU-Membere ginn der „Scheedung“ gréng Luucht
Neiegkeeten

Brexit: EU-Membere ginn der „Scheedung“ gréng Luucht

E Méindeg hunn déi 27 Länner vun der Unioun –

12 Stonnen den Dag, 60 Stonnen d’Woch
Neiegkeeten

12 Stonnen den Dag, 60 Stonnen d’Woch

Duerch déi dramatesch steigend Unzuel u Covid-Fäll zu Lëtzebuerg an

Dossier SPAL: Huet den Henri Kox geflunkert?

De Gewerkschaftspresident huet seng Mutatioun net validéiert, esou den Daachverband CGFP

Dossier SPAL: Huet den Henri Kox geflunkert?

Am Dossier ëm de Christian Schleck, President vun der Gewerkschaft vum Personal vun der Arméi (SPAL) dinn sech Widderspréch op. Den delegéierte Verdeedegungsminister Henri Kox huet sech en Dënschdeg an der Aktualitéitsstonn vun der Chamber drop behaapt, datt béi dëser neier Affektatioun alles „Konform“ säi Wee gaangen ass, an d’Gewerkschaftsfräiheet respektéiert gouf.

Elo gouf sengen Aussoen an der Behaaptung vum Etat-Major, datt de Christian Schleck sech mat senger Hierarchie op de Changement de Carrière verstännegt hätt, vun der CGFP widdersprach.

En kuerze Rappell

Zanter am Mee d‘Affär ëm d‘Mutatioun vum SPAL-President an d‘Ëffentlechkeet geroden ass, gëtt et tëscht der Regierung an dem Daachverband vun de Gewerkschaften aus dem ëffentlechen Déngscht (CGFP) Onstëmmegkeeten. D‘Versetzung vum Christian Schleck hätt zum Zweck de Gewerkschaftler handlungsonfäeg ze maachen, nodeems dësen d‘Mëssstänn oppe kritiséiert huet.

Iwwert de Summer war et eppes méi roueg ginn, bis et dann zum Eclat komm ass, an d‘CGFP deraart veriergert gouf, datt den eigentlech ëmmer dialogbereete Romain Wolff zolidd mat der Fauscht op de Dësch geschloen huet. Esou krut d‘Regierung dann och e Méindeg en Ultimatum gesat, bei där et drëms geet dem Christian Schleck seng al Affektatioun zréckzeginn.

Fir den Ultimatum net versträichen ze loossen a well de François Bausch mam Xavier Bettel en Termin mat der Queen an engem Militärbündnis haten, huet sech den delegéierte Minister dierfen d‘Fanger verbrennen. Domatter war dem Henri Kox de schwaarze Péiter zougeschoustert ginn, an, zumindest gesäit et ganz duerno aus, huet sech dësen eng vum grénge Päerd erziele gelooss.

Couragéiert naiv

Interessant hei: den Henri Kox huet, wéi hie sech en Dënschdeg den Deputéierte gestallt huet, ganz gutt virbereet „ausgesinn“. Hien hat esouguer e Bréif vum Chef vum Etat-Major am Gepäck, deen hien op der Tribün héichgehalen hat, an aus deem onëmstéisslech géif ervirgoen, dat zu kengem Ament déi gewerkschaftlech Fräiheet a Fro gestallt ginn ass.

De Betraffenen hätt seng Mutatioun mat der eegener Ënnerschrëft ugeholl. Zudeem wier et eng ganz normal Prozedur, déi dem Prinzip vun der Rotatioun am Kontext vun der Arméi, déi schonn ëmmer ugewannt ginn ass. Blöd an dësem Fall, datt d‘Gewerkschaft dat elo kontestéiert (de ganze Wuertlaut vun der CGFP hu mir hei verlinkt) datt et esou en Accord an/oder Dokument gëtt.

Wat et géif ginn, esou d‘CGFP, ass de Formulaire zur Evaluatioun, wat alles wéi keen „Accord“ fir e Changement de Carrière oder eng Mutatioun ass. D‘CGFP géif also scho gären dat Dokument mat eegenen Ae gesinn, vun deem den Henri Kox behaapt, hien hätt et och ënnerschriwwen a validéiert. Et soll eng Versetzung sinn déi dem Betraffenen et och weiderhin erlaabt säi Mandat auszeféieren.

Gréng (ver)wierkt

An elo gëtt et spannend. Fir den Henri Kox – dee sech och mat enger Logementskris ze befaassen huet, wat eigentlech seng ganz Attentioun sollt hunn – kéint den Dossier Christian Schleck zum politeschen Armageddon verkommen. Huet oder huet de Christian Schleck seng Versetzung op ee Posten an den Etat-Major ënnerschriwwen? Ass dat Dokument vum Minister validéiert ginn?

Froen déi u sech liicht a ganz onkonventionell ze geäntwerte wieren, wann et hei net ëm e gliddegt, wann och politescht, Eise géif goen. Wéi een déi vertraulech Zeilen op engem Dokument kann onkenntlech maachen, dat misst bekannt sinn, firwat et ubruecht wier, „de Beweis“ einfach der Ëffentlechkeet zougänglech ze maachen. A firwat huet d‘CGFP dëst Dokument nach net agesinn?

Bei der CGFP ass ee jiddefalls net bereet sech fir domm verkafen ze loossen, firwat zu Recht un den ee Méindeg zum Ausdrock bruechte Fuerderunge festgehale gëtt, an och den Ultimatum bestoe bleift. D‘Regierung miss sech eigentlech nach haut zum Respekt vun der Gewerkschaftsfräiheet bekennen, spéitstens awer e Méindegmueren, well da siegéiert d‘CGFP a wäert doriwwer beroden.

Kommentar:

Wann ee wéi den Henri Kox um Krautmaart „virbereet“ optrëtt a vu Fakte schwätzt, da sollt een dierfen unhuelen, datt déi Ënnerlage vun deene rieds ass, der CGFP bekannt sinn. Wann dann och nach gewosst ass, datt déi gréng et zur Zäit – aus politescher Siicht – net wierklech einfach hunn, da kënnt de Widdersproch net wierklech geleeën. Sollt de Minister tatsächlech gelunn hunn?

Hei gëtt et fir den Henri Kox keng aner Optioun wéi d‘Kaarten – also an dësem Fall dat genannte Schreiwes – op den Dësch ze leeën. Dat huet manner mat der Transparenz géintiwwer der CGFP ze dinn, wéi et derzou bäidroe kann an der Ëffentlechkeet d‘Zweiwel aus dem Wee ze raumen. Kann den delegéierte Minister dat net maachen, da wäert et net beim Sozialkonflikt bleiwen.

Am Fall vum Christian Schleck, wier d‘Regierung a ganz besonnesch déi zoustänneg Minister gutt berode gewiescht, deem ganze virzegräifen, an de SPAL-President „fräi ze stellen“. Wann een de Mann net méi an den eegene Raimlechkeete wëll gesinn, d‘CGFP hätt dem Gewerkschaftler Plaz an den eegene Büroe gemaach. Déi Optioun steet jo nach am Raum, mee wëllen si sech drop aloossen?

Illustratioun: Gerd Altmann / Pixabay

Related topics Arméi, CGFP, Christian Schleck, Henri Kox, ILO, Konventioun 151, SPAL, SPFP
Next post Previous post