Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Tierkei schéckt auslännesch IS-Kämpfer heem
narcissist and dating sites

Tierkei schéckt auslännesch IS-Kämpfer heem

Ankara hat et ugekënnegt an elo maachen d‘Tierken eescht. Um

https://moien.lu/new-dating-app-2017/
narcissist and dating sites

https://moien.lu/dating-in-your-forties/

Am Fall vun den 39 Läichen déi an engem Container

Fuer mat eis duerch d’Land a weis eis, wéi gutt s de et kenns
narcissist and dating sites

Fuer mat eis duerch d’Land a weis eis, wéi gutt s de et kenns

D’Land ass méi grouss wéi ee mengt! Mir hunn e

Dossier SPAL: Dissens ëm Gewerkschaftsfräiheet

Den delegéierte Verdeedegungsminister an de Generol Duschène starte Konterattack

Dossier SPAL: Dissens ëm Gewerkschaftsfräiheet

Datt de President vun der Gewerkschaft vum Personal vun Arméi (SPAL), Christian Schleck, op eng „aner Plaz“ versat gëtt, déi et him onméiglech mécht seng Positioun a säi Mandat auszefëllen, dat suergt aktuell fir zolitten Zoff tëscht CGFP, Regierung an Etat-Major.

E Méindeg haten de President vun der CGFP Romain Wolff an de Pascal Ricquier, President vun der SPFP (Gewerkschaft vun der Force Publique) de Fait denoncéiert, datt den Etat-Major mat der Zoustëmmung vun der Regierung de SPAL-President mutéiert hunn, fir dësem op galant Aart a Weis e Maulkuerf ze verpassen. Hie géif op e Poste gesat, dee Gewerkschaftsaarbecht verhënnert.

D‘CGFP gesäit an dëser Moossnam en däitlecher Verstouss géint d‘Konventioun 151 vun der ILO, déi vun der Lëtzebuerger Regierung 2001 ratifizéiert ginn ass. Si huet der Regierung bis nächste Méindeg Zäit ginn, sech zu dëser Konventioun ze bekennen an dem Christian Schleck nees säin ale Posten zréckzeginn. Geschitt dat net misste gewerkschaftlech Moossnamen ergraff ginn.

Alles wéi et muss sinn…

Dee vun der CGFP an de Raum gestallten Ultimatum huet „Friichte“ gedroen, an dëse komplexe „Problem“ huet sech gëschter an der Chamber an d‘Aktualitéitsstonn agelueden. Eng Geleeënheet fir den delegéierte Verdeedegungsminister Henri Kox (déi gréng) sech dësen ominéise Virwërf entgéintzestellen. An et dierf ee roueg behaapten, datt „hie“ sech virbereet hat…

Aus den „eegene Reien“ goufen déi „richteg Froe“ gestallt, mee d‘Oppositioun war och net schlecht opgestallt. Esou huet den CSV-Deputéierte Gilles Roth, dee vun der CGFP opgebauten Drock gutt weidergeleet. De Minister huet sech net beandrocke gelooss an einfach emol kloer gestallt, datt dës Regierung déi gewerkschaftlech Fräiheete géif respektéieren. D‘Betounung läit op „Fräiheeten“.

Den Henri Kox hat seng Aufgabe gemaach an ass nach emol op den Historique vun dësem „Fall“ agaangen. Dat allerdéngs mat der Siicht wéi se vum Etat-Major vertruede gëtt. Esou gëtt bestridden, datt nodeems de Christian Schleck eng ganz Rëtsch Dysfonctionnementer an der Arméi denoncéiert huet, déi kuerz drop ausgeschwate Mutatioun eppes mat der Gewerkschaftsaarbecht ze dinn hätt.

…mengt den delegéierte Minister

Wann et richteg wier, datt dëse Changement de Carrière him géif verbidden seng Tätegkeeten an der Gewerkschaft weiderzeféieren, da wier dat reng zoufälleg esou. Déi nei Affektatioun wier eenzeg dem Rotatiounsprinzip geschëlt an den dozou gehéieregen Entretien (15. Mee) mat der Hierarchie wier an engem konstruktive Kontext gefouert ginn. D‘Mutatioun ass den 3. Juni effektiv ginn.

Déi entspriechend Dokumenter wiere vum Interesséierten an sengem direkte Virgesate gezeechent ginn, woumatter d‘Averständnes vum Christian Schleck erwise schéngt. Richteg wier, datt den éischte Posten deen dem SPAL-President ugebuede gouf, dësem net „entsprach“ hätt, well et hien zréck an d‘Kasär um Härebierg versat hätt an eng „Vertraulechkeet“ opgezwongen hätt déi net mat der gewerkschaftlecher Täteg ze vereenbaren ass.

Et hätt een de „Refus“ respektéiert an no enger Alternativ gesicht, déi sech a Form vun enger Plaz am Etat-Major an der Stad duergestallt huet. Fir den Henri Kox: „Alles huet sech de Reegelen no zougedroen an de Christian Schleck war bereet de virgeschloene Posten unzehuelen“. Dëse Posten géif et him zugläich och erméiglechen, säi Mandat als Gewerkschaftspresident auszeüben.

Et war ee sech also eens?

Den delegéierte Minister stellt fest, datt et ugesiichts dëse „Fakten“ keng Afrostellung vun der gewerkschaftlecher Täteg vum Christian Schleck gëtt. Schliisslech huet den Zaldot am géigesäitegen Averständnes säin Engagement fir den neie Posten ënnerschriwwen, firwat et dann elo och net méi ubruecht ass vu Versetzung ze schwätzen, esou den Henri Kox an der Chamber.

Wann awer op där aner Säit gewosst ass, datt ee weder bei der SPFP a schonn emol guer net bei der CGFP blannemännerches e Sträit vum Zonk brécht, da werft d‘Interventioun vum delegéierte Minister eng Rei Froen op. Emol ganz dovunner ofgesinn, dat et wuel eng „Reaktioun“ net awer eng „Äntwert“ op déi mat engem Ultimatum ausstafféiert Fuerderung vum Romain Wolff ass.

A well den Dossier och politesch net einfach esou op d‘Säit ka geluecht ginn, huet den Henri Kox den Deputéierte verséchert, datt hie sech der Verdeedegungskommissioun zur Verfügung stellt, sollte weider Explikatioune gebraucht ginn. Et ass virstellbar datt sech de Chef vum Etat-Major an der Kommissioun wäert de Froe vun den Deputéierte stellen. Bis dohinner leeft den Ultimatum…

Foto: Als Zaldot an als Minister kann ee sech net hänke loossen… – Günther Schneider / Pixabay

Ähnlech Sujeten Arméi, CGFP, Christian Schleck, Henri Kox, ILO, Konventioun 151, SPAL, SPFP
Nächsten Artikel Virrechten Artikel