Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

ACL Classic Tour: Méi wéi e Bléck an de Réckspigel
https://moien.lu/what-is-an-older-woman-dating-a-younger-man-called/

ACL Classic Tour: Méi wéi e Bléck an de Réckspigel

Mat dat schéinst wat d’Autosindustrie jee gebaut huet bedeelegt sech

world of tanks preferential matchmaking removal
https://moien.lu/dating-rules-for-young-adults/
https://moien.lu/what-is-an-older-woman-dating-a-younger-man-called/

dating tarot spread

Um Donneschdeg ass den israeleschen Ambassadeur an der Tierkei gebiede

Koalitiounspoker op italienesch
https://moien.lu/what-is-an-older-woman-dating-a-younger-man-called/

Koalitiounspoker op italienesch

Nodeems et zu Roum bei de Verhandlungen tëscht dem Movimento

Dossier Traversini: Elo iwwerhëlt de Misch!

Bei der CSV léisst ee sech de Mond net verbidden an schonn emol guer net an der Kommissioun

Dossier Traversini: Elo iwwerhëlt de Misch!

Am leidegen Dossier Traversini, huet d‘CSV hire Kampfgeescht nach laang net opginn an och net wëlles déi Affär am Sand verlafen ze loossen. An een deen et drop huet, et versteet mam Bräiläffel an d‘Zopp ze schloen ouni selwer Flecken ofzekréien, dat ass de Woltesch Misch. Senges Zeeche Buergermeeschter vu Käerjeng an e politescht Schwéiergewiicht an der Chamber.

Woubäi… eigentlech siegéiert de Michel Wolter guer net an der Ëmweltkommissioun, mee dat ass wuel éischter en niewesächleche Fakt. Wichteg ass datt d‘CSV am Süd-Deputéierten en Meeschter vun der Rhetorik an en duerchaus streiderege Personnage ass, an dësem Dossier wäert op d‘Spréng hëllefen. Esou zumindest gesäit een dat an der CSV-Fraktioun, déi net wëlles huet hei nozeginn.

An de Michel Wolter gesäit mat dëser Affär de Rechtsstaat mat sengem demokratesche System a Fro gestallt. Eng Ausso déi dorobber berout, datt sech den CSV-Deputéierte gëschter Moien, am Kader vun der Sëtzung vun der Ëmweltkommissioun, ënnersot gi wier weider Froen un d‘Carole Dieschbourg ze stellen. „Si hunn eis e Maulkuerf ugedoen“, iergert sech de Michel Wolter…

Mat senger Meenung net eleng

Wat dësem Fait en zousätzlech battere Geschmaach gëtt, ass d‘Behaaptung vum Deputéierte Félix Eischen, deen sech sengersäits veriergert wéist, datt de Chamberpresident – also dee Mann dee fir d‘Rechter vun den Deputéierte soll astoen – mat ofgestëmmt huet, fir esou d‘Aarbecht vun den CSV-Deputéierten ze behënneren. Esou en Abus ass ondemokratesch an géif der Saach net gerecht.

Am Virfeld zur Sëtzung vun der Kommissioun hat d‘CSV awer nach eng Rei nei Faiten an dësem, jo schonn eppes däregen Dossier, virgeluecht. Esou heescht et, datt op dësem Terrain, deen dem Roberto Traversini elo gehéiert, schonn am Hiecht d‘lescht Joer illegal Terrassementsaarbechte stattfonnt hätten. Fir de Mich ass et dee fir Lëtzebuerg gréissten Ëmweltskandal zanter laangem.

An d‘CSV léisst der Regierung net duerchgoen, datt elo un de Geriichter wier sech dësem Dossier unzehuelen. Esou en Argument géif net rechtfäerdegen, datt den Deputéierte verwiert gëtt hir Froen un d‘Ministesch ze stellen. De Misch huet dann och nach e ganz flott „Fall-Beispill“ aus dem Aarm gerëselt: de finanzpolitesche Skandal aus 2012, wou et ëm den nationale Stadium zu Léiweng geet.

De Grëff an Mottekëscht

Bei där vum Michel Wolter genannter Affär war et zu enger ëffentlecher Sëtzung komm, déi live vu Chamber-TV iwwerdroe gi war. Hei konnt d‘Oppositioun (dat ware sengerzäit d‘DP an déi gréng) hir Froe Stellen an alle 54 wieren och beäntwert ginn. Firwat et elo, wou si an der Regierung sinn, der Oppositioun net méi sollt erlaabt all déi unhänglech Froen ze stellen, kann hien net verstoen.

D‘CSV bleift dann och dobäi: et huet hei massiv Dysfonctionnementer an och eng „Faveur“ ginn. Dat wëllen si weder dem Carole Dieschbourg, nach der Regierungsekipp duerchgoe loossen. Ander Plenière sollt ee sech dann och op déi vun der CSV virbereete „Conclusioune“ freeën dierfen. Et wier een allerdéngs nach net um Punkt ukomm, wou een der Ministesch hir Demissioun fuerdert.

Hei dierft et dann och, ugesiichts de neie Faiten déi dem Dossier unhänglech sinn, nach en ament brauche bis sech e Liicht opdeet. Bedenklech ass awer och, datt dat Ganzt esou därmoossen an der Ëffentlechkeet breet getrëppelt gëtt, datt een hei a gewësser Mooss – zwar wuel indirekt – Afloss op de Jugement vun deene beim Parquet mat der Enquête beschäftegte Beamten hëlt. Dat ass net gutt.

Ähnlech Sujeten Carole Dieschbourg, Ëmweltkommissioun, Favoritismus, Michel Wolter, Parquet, Rechtsstaat, Roberto Traversini
Nächsten Artikel Virrechten Artikel