Search

You may also like

Spuenien: Den Tresorier vum „Partido Popular“ muss fir 33 Joer an de Prisong
Neiegkeeten

Spuenien: Den Tresorier vum „Partido Popular“ muss fir 33 Joer an de Prisong

Dem spuenesche Ministerpresident Mariano Rajoy a sengem konservative „Partido Popular“

E chargéierte Regierungsrot
Neiegkeeten

E chargéierte Regierungsrot

Vill Erfreeleches haten d‘Regierungsmembere bei der Sëtzung vum Regierungsrot leider

Expovin statt Springbreak
Neiegkeeten

Expovin statt Springbreak

Wie bei sengem Besuch op der Springbreak (14-17. Mäerz) no

D‘Douane signaléiert zwee notabel Erfolleger am Drogekrich

D‘Douane signaléiert zwee notabel Erfolleger am Drogekrich

Léiwer spéit wéi iwwerhaapt net, misst een dëse Beitrag betitelen, mee dat géif de Beamte vun der Douane net ganz gerecht. Et ass bei hinne wéi op ville Plazen, et sinn net déi wou d‘Aarbecht maachen déi och driwwer dierfe schwätzen. De Bericht ass vun haut de Moien…

Ufank Dezember haten d‘Enquêteure am „Süde vum Land“ engem gréissen Trafic vun Heroin an Kokain en Enn bereet. No méintelaang unhalenden Ermëttlungen an Zesummenaarbecht mat de belschen Autoritéiten, konnt en Dealer festgesat ginn, dee regelméisseg op Lëtzebuerg komm ass, fir seng Clientèle zefriddenzestellen.

Drogekrich

© Douanes & Accises Lëtzebuerg

Bei der Verhaftung hat de Mann iwwer 200 Gramm Heroin a 50 Gramm Kokain bei sech. Hien hat och 3.500 Euro an der Täsch. Dat alles ass vun de Lëtzebuerger Douaniere saiséiert ginn. Bei de Perquisitiounen an der Belsch, hunn déi lokal Autoritéiten nach emol eppes iwwer 6 Kilo Heroin saiséiert. Ob de Mann an de Prisong koum a falls jo wou, geet net aus dem Bericht ervir.

Um 18. Dezember haten d‘Enquêteure vun der Douane en Tipp kritt. Si hunn dorops hin eng Camionnette déi aus Spuenien koum, verfollegt an uschléissend ugehalen. D‘Hondsstaffel huet ganz Aarbecht geleescht an esou waren déi 262 Kilo Haschisch an 51,6 Kilo Marihuana séier am Gefier entdeckt ginn. De „Stroossewäert“ gëtt d‘Douane mat 2,5 Milliounen un.

Drogekrich

© Douanes & Accises Lëtzebuerg

Och hei ass net gewosst wéi vill Persoune bedeelegt waren, op et zu Verhaftunge komm ass an ob et sech ëm Residente gehandelt huet och auslännesch Liwweranten.

Illustratioun: Pixabay

Related topics Douane, Drogen, Haschisch, Heroin, Kokain, Marihuana
Next post Previous post