Search

You may also like

Geet d’Wandkraaft op Käschte vun der Natur?
Neiegkeeten

Geet d’Wandkraaft op Käschte vun der Natur?

No enger Meldung vun natur & ëmwelt Asbl huet een

Europäer stinn op Koks an „H“
Neiegkeeten

Europäer stinn op Koks an „H“

Haart Droge wéi Kokain a n Heroin ginn an der

Kontroll vum Offalltransport: 50 Verstéiss opgedeckt
Neiegkeeten

Kontroll vum Offalltransport: 50 Verstéiss opgedeckt

Bei de verstäerkte Kontrollen um vergaangenen 20. a 26. November

Erfollegräich Schnoffelnuesen: Ronn zwou Milliounen Euro Boergeld um Findel opgespuert

Erfollegräich Schnoffelnuesen: Ronn zwou Milliounen Euro Boergeld um Findel opgespuert

Wéi d’Douane an de Wirtschaftsministère matdeelen, hunn déi zwee Hollandse-Herder-Geldspierhënn Gwen a Syrah an de leschten 3 Wochen um Findel hir Nues mat Succès agesat. Ronn zwou Milliounen Euro Boergeld, dat net deklaréiert war, hunn déi gewiift Véierbeener a Wallissen um Fluchhafen erschnoffelt.

Schnoffelnuesen

© Douane

D’Suen am agechekte Bagage hätt solle Richtung Istanbul geschmuggelt ginn, wat da géint dat europäescht an nationaalt Gesetz verstouss hätt. Laut der Veruerdnung (EG) Nr. 1889/2005 vum EU-Parlament an dem Rot mussen nämlech Beträg ab 10.000 Euro ugemellt ginn.

D’Gesetz vum 27. Oktober 2010 zur Organisatioun vun de Kontrolle vum physeschen Transport vu Boergeld gesäit eng Strof vun 251 bis 25.000 Euro am Fall vun engem Verstouss vir. D’Zomm gëtt beschlagnaamt.

Opmaacherbild: © Douane

Related topics 2 Milliounen Euro, Deklaréiert, Douane, Findel, Fluchhafen, Geldspierhënn, Gwen, Hollandse-Herder, Illegal, Istanbul, Schmuggel, Syrah
Next post Previous post