Search

You may also like

Firwat d‘Regierung?
Meenung Neiegkeeten

Firwat d‘Regierung?

Et ass ze einfach, fir bei der Verbreedung vum Covid19

Réckbléck: De Massaker vun den Herero an de Nama
Meenung Neiegkeeten

Réckbléck: De Massaker vun den Herero an de Nama

De Massaker an Namibia, ab1904, vun zeg Dausenden Herero a

Et gëtt weiderhin alles ënnerholl Rettungsmissiounen ze verhënneren
Meenung Neiegkeeten

Et gëtt weiderhin alles ënnerholl Rettungsmissiounen ze verhënneren

Eleng dës Woch sinn (laut der IOM) op mannst 20

Douanesgewerkschaft: Nach ëmmer kee legale Kader fir den Aussendéngscht an d’Aarbechtszäiten

Douanesgewerkschaft: Nach ëmmer kee legale Kader fir den Aussendéngscht an d’Aarbechtszäiten

An enger Reunioun 2019 a Presenz vu Vertrieder vun der CGFP huet de Minister vun der Fonction publique Marc Hansen d‘Douanesgewerkschaft beoptraagt en Accord sectoriel zu den Aarbechtszäiten auszeschaffen. Dësen Accord soll d’Iwwergangszäit reegele bis e neit Gesetz a Kraaft ass dat den Ufuerderunge vum Service an dem Aarbechtsrecht entsprécht.

D’Douanesgewerkschaft huet mat der Ënnerstëtzung vun der CGFP e sektoriellen Accord iwwert d’Aarbechtszäiten ausgeschafft dee flexibel genuch ass, fir de Besonneschkeete vun der Douanesverwaltung gerecht ze ginn an de betraffenen Douanieren en Aarbechtsplang offréiert dee previsibel ass an och am Aklang mat engem gereegelte Privatliewen an de legalen Ufuerderungen oder de geplangten Ännerungen ass.

Dësen Accord baséiert op den „Accord relatif à l’aménagement du temps de travail dans la Fonction publique“ deen d’CGFP mat dem Minister vun der Fonction publique Marc Hansen fir all di betraffe Verwaltungen den 21. Januar 2020 geschloss huet. Dësen Accord wäert och an di bestoend Gesetzgebung afléissen. An eisen Ae war eise sektoriellen Accord am Mäerz scho prett fir ënnerschriwwen ze ginn. Et koumen och bis haut weder vun der Direktioun nach vum Ministère konkret Virschléi fir nach Upassungen ze maachen.

Zanter dem Mäerz ass aus onerklärleche Grënn an deem Dossier näischt viru gaangen duerfir huet d’Douanesgewerkschaft decidéiert e Litige ze lancéiere well d’Aarbechtszäiten am Aussendéngscht net de legale Virgaben an net dem Projet de loi fir déi ganz Fonction publique entspriechen. Des Weidere koumen an de leschte Méint a Wochen nach zousätzlech Verschlechterunge fir eis Memberen derbäi.

Dëse sektoriellen Accord soll d’Basis si fir en Règlement grand-ducal mat deem di Upassunge legal ëmgesat ginn.

Et ass fir d’Douanesgewerkschaft net nozevollzéien, datt eng Verwaltung di ënnert anerem Schaff- a Rouzäiten am Stroossentransport iwwerwaacht net bereet ass di geltend aarbechtsrechtlech Konditioune selwer ze erfëllen. D’Beispill gesäit een am Service „Inspection des opérations sécuritaires“, dës Brigadë schaffen an engem „Hybrid System“ deen et net gëtt, si sinn weder am Horaire mobile nach am traditionelle Schichtdéngscht. Den Anti-Drogendéngscht, dee bis dato 24 op 24 a 7 Deeg op 7 operéiert huet, kann um Pabeier neierdéngs just wärend de Büroszäiten d’Drogekriminalitéit bekämpfen.

Net méi spéit wéi gëschter op eiser Generalversammlung hu mir zwee Avis juridiques presentéiert déi zur Conclusioun kommen, dass d’Grenzkontrolle vu Mäerz bis Mee 2020 keng gesetzlech Grondlag haten. Domat wiere souwuel d’Kontrolle selwer wéi och d’Erfaasse vun Donnéeën iwwert Privatpersounen di sech op deene Kontrollposte presentéiert hunn net zoulässeg gewiescht. An eisen Ae ka keen Zweiwel dru bestoen dat all eis Asätz esou eng Base legale brauchen. Béid Avise fannt dir op eisem Site: www.douanesgewerkschaft.lu

Mir betounen nach eemol dass mir mat eise Memberen houfreg drop sinn dass d’Douane Missiounen ewéi déi am Kader vum COVID-19 iwwerhëlt; dat awer nëmme wann et e legale Kader dofir gëtt deen eis Kolleeginnen a Kolleegen ofdeckt an dat fir all Eventualitéiten.

Matgedeelt vum Comité vun der Douanesgewerkschaft

Opmaacherbild: © Julien Pier Belanger / Unsplash

Related topics Aarbechtszäitreegelung, Accord, Aussendéngscht, Avis, Douanesgewerkschaft, legale Kader, Litige, Marc Hansen, Minister fir den ëffentlechen Déngscht, sektoriellen Accord, Upassung
Next post Previous post