Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

ADEM: D’Zuel vun den Aarbechtssichende geet erof
Neiegkeeten

ADEM: D’Zuel vun den Aarbechtssichende geet erof

D’Zuel vun den Demandeurs d’Emploi, déi bei der ADEM ageschriwwe

Den Dylan Pereira hält u senger Strategie fest
Neiegkeeten

Den Dylan Pereira hält u senger Strategie fest

De lëtzebuergesche Pilot vum Team Momo Megatron Lechner Racing, kéint

Nairobi: Mënsche stierwe bei engem terroristeschen Uschlag
Neiegkeeten

Nairobi: Mënsche stierwe bei engem terroristeschen Uschlag

De verlängerten Aarm vun al-Quaida a Kenia, d‘al-Schabaab-Miliz, huet um

Douanesgewerkschaft: Ongerechtegkeeten féieren zur Onzefriddenheet!

Douanesgewerkschaft: Ongerechtegkeeten féieren zur Onzefriddenheet!

Am Mee an Dezember 2018 hunn 2 Entrevuë mat der Douanesdirektioun stattfonnt, bei deenen d’Resultater duerchwuess waren. Dobäi gouf virun allem ze bemängelen, datt d’Direktioun a Punkto Personalpolitik net vill Diskussiounsraum zouléisst an d’Heft ganz fest an der Hand hält.

Mee déi grouss Linne sinn d’Analyséieren an d’Iwwerdenke vum CET-Gesetz, an dat an der aktueller Relatioun mam Schichtendéngscht. Et ass e Balanceakt bei deem ee muss kucken, op déi aktuell Parametere mat e puer Nobesserungen duerginn oder een dat Ganzt nei muss iwwerdenken.

D’Douanesgewerkschaft hätt och gären, datt d’Beamten, déi ab 1999 ugestallt goufen erëm 3 Joer éischter kënnen an d’Pensioun goen, wann si 20 Joer am Service irrégulier geschafft hunn. Zesumme mat der CGFP froe si eng Restrukturéierung vun der Carrièrestabelle beim Staat un. Vun hirem Point de Vue aus ass et jo scho laang iwwerfälleg, datt d’Beamte vun der D1 an d’Carrière C1 gehéieren. Ënner anerem fuerdert d’Gewerkschaft zesumme mat der CGFP, datt d’Punkten an der Carrière C1 gehuewe gi fir déi opfälleg Diskrepanz vu C1 op B1 auszemäerzen. Tëschent kenge Carrièrë beim Staat ass esou eng grouss Klufft ze fannen. Do hätte si gären, datt en novollzéibaren Organigramme existéiert mat kloer definéierte Responsabilitéitsposten.

„Die schlimmsten Art der Ungerechtigkeit ist die vorgespielte Gerechtigkeit“ sot schonn de griichesche Philosoph “Platon”

Do ass d’Gewerkschaft scho bei der léiwer Voie Expresse…Si sinn der Meenung, datt all Beamten, dee sech dozou beruff fillt e Changement de Carrière misst kenne maachen an dat an alle Carrièren. Virun net all ze laanger Zäit war net Riets vun enger Mixitéit vun B1 an D1 um Terrain; virun der Reform bestoung d’Méiglechkeet fir jiddwereen deen d’Konditiounen erfëllt hat, den Exame fir déi jëtzeg B1 Carrière ze maachen.

Schonn eleng dowéinst ass den aktuelle Werdegang ee Bedruch un de Beamte vun der D1 Carrière. D’Gewerkschaft ass selbstverständlech frou fir jiddwereen, deen eppes méi krit, gesäit sech awer verflicht fir all déi aner geprellte Beamten anzetriede. Ufanks krute si bei der erstaunter APFP an CGFP gesot: „Dir musst eng Demande maache fir d’Voie Expresse, esou ass dat virgesinn“. Wa si de Leit aus der Gewerkschaft hier Gesiichter an en tréinend laachende Smiley hätte kenne verwandelen hätte si dat dee Moment sécherlech gemaach.

Bei hinnen leeft et allerdéngs anescht an d’Direktioun well hinnen antriichteren, datt den Douaneskarma dat esou wëll – dëst gleewe si natierlech net! Oppasse wat ee seet, fäerte krank ze ginn, op der falscher Platz schaffen, steril a politesch korrekt musse bleiwe – mat déi eegen Assoziéierungen..Si soe “Wehret den Anfängen!”

Et ass och erstaunlech, datt weder Personalvertriedungen nach Observateure bei Preliminair Examen, also den Astellungsgespréicher erwënscht sinn. Hinnen gouf zougespillt, datt dëst an Zukunft och weider vun der Fonction Publique esou wäert gehandhaabt ginn. Een transparente Staat misst u sech näischt ze verstoppen hunn!? Affaire à suivre…

„Wat Zäitspuerkonten, respektiv Aarbechtszäitreegelung ugeet, ass eis vu Membere matgedeelt ginn datt verschidde Beamte bis zu 24 Stonne schaffe mussen. Hei stellt sech eraus, datt wëssentlech géint d‘Gesetz vu maximal 8+2 Stonne verstouss gëtt. Schlëmm wär wann eis Administratioun déi kontrolléiert ob d’Bierger sech un Gesetzer halen, sech selwer net drun hale géif“, sou d’Gewerkschaft. „Mir wäerte schnellst méiglech bei der Direction des Douanes et Accises eng Entrevue ufroen a fuerderen dëse Mëssstand direkt ze behiewen!“

Matgedeelt vum Lynn Luciani, Presidentin an dem Steve Brickler, Sekretär

Ähnlech Sujeten Aarbechtszäiten, CGFP, Douane, Douanesgewerkschaft, Kritik, Lynn Luciani, Niveau, Ongerechtegkeet
Nächsten Artikel Virrechten Artikel