Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Aarbechtslosenzuele an Europa sou déif wéi säit 2009 net méi
erasmus hookup match up dating app apk

hook up in morristown tn

Et si gutt Noriichten, déi Eurostat bréngt: An den Euro-Länner

fwi dating
erasmus hookup match up dating app apk

E Réckschlag fir de Projet „Spacemining“

Grouss innovativ Projete sinn ëmmer och mat Risike verbonnen, an

Facebook ergräift nei Mesure vir Manipulatiounen ze verhënneren
erasmus hookup match up dating app apk

Facebook ergräift nei Mesure vir Manipulatiounen ze verhënneren

De Grupp Facebook huet um Freideg eng ganz Rëtsch Mesuren

USA-Mexiko: Douanestaxe suerge fir Gejéimers

Erhiewung vum Strof-Zoll schonn ab Donneschdeg?

USA-Mexiko: Douanestaxe suerge fir Gejéimers

Den US-President hat et déi Woch ugekënnegt: entweder Mexiko fënnt Mëttel a Weeër de Floss vu Migranten a Richtung USA ze stoppen, oder et kënnt zu drastesche Wirtschaftssanktiounen. Dat gëtt wuel net wiertlech esou genannt, mee all Mount d‘Douanestaxen op sämtlech Importer aus Mexiko ëm 5% ze erhéijen, entsprécht der Beschreiwung vu „Wirtschaftssanktioun“.

Fir deem ganzen nach iergendwéi ze entkommen, erhofft sech eng mexikanesch Delegatioun, déi vum Ausseminister Marcelo Erbrard ugefouert gëtt, nach haut vum US-Ausseminister Mike Pompeo fir „Gespréicher“ empfaangen ze ginn. De sougenannte „Strof-Zoll“ kann een duerchaus als dem Donald Trump seng (Wirstchafts)Mauer bezeechnen ass kee Spaass.

Douanestaxe

Mexiko ass wirtschaftlech immens op den Export ugewisen, an déi nei Douanestaxe géifen sech net eleng op d‘Ekonomie vum Land auswierken. Mat dëser Moossnam gëtt och déi – souwisou labil – politesch Stabilitéit a Fro gestallt, an et gëtt politesch Analysten, déi Washington ënnerstelle grad dat erbäiféieren ze wëllen. Politescht Chaos an Onroue géifen d‘Mauer rechtfäerdegen.

Dat léisst sech och aus dem Donald Trump sengem Tweet ofleeden, deen engersäits souwisou d‘Mexikaner (an eigentlech all Mëttel- a Südamerikaner) net wäertschätzt a fir kriminell hält, an d‘Geleeënheet seng Muecht auszespillen a vollen Zich genéisst. Hir behaapt einfach emol, datt d‘Mexikaner zanter 25 Joer schwätzen awer näischt maachen. Beleeë kann en dat net…

US-Entreprisen nees zréckhuelen

Datt Mexiko (an iwwregens och keen anert eenegermoossen demokratescht Land) nëmme wéineg Méiglechkeeten huet de „Migratiounstransit“ ze verhënneren, dat ass och der US-Regierung net onbekannt. Mexiko ass esou aarm wéi et grouss ass, Polizisten an Douanieren si schlecht bezuelt an net seele sinn et US-Bierger déi d‘Autoritéite bestiechen.

Douanestaxe

Mat der Aféierung vu gesënnerten Douanestaxen, déi sech progressiv, also vu Mount zu Mount ëm 5% sollen erhéijen, verfollegt d‘Trump-Administratioun allerdéngs och aner Ziler, wéi de Stopp vun der illegaler Awanderung. Déi war, ass a wäert net opzehale sinn, et sief dann et erschéisst een all déi Mënschen déi et woe fir sech an d‘Zukunft vun hire Kanner anzestoen.

Den eigentlechen Zweck vum Strof-Zoll ass et, déi US-Entreprisen, déi „direkt hannert der Grenz“ Mexikaner déi Aarbechtsplaz bidden déi den Trump US-Bierger wëll virbehalen, an d‘Knéien ze zwéngen an hir Produktiounsstanduerter nees an d‘USA ze verleeën. Dat zweet Zil dat den Donald Trump verfollegt, ass et Mexiko en Handelsofkommes opzezwéngen.

Wéineg Handlungsspillraum

Fir deen eréischt zanter sechs Méint amtéierende President vu Mexiko, Lopez Obrador, gëtt den Dissens zur Bewährungsprouf. Hie wëll sech net op e Konflikt mat den USA aloossen: „Mir sinn der Meenung datt en Accord mat der US-Regierung méiglech ass. (…) An ech wëll och weiderhin dem Donald Trump säi Frënd sinn“, esou de Lopez Obrador un d‘Adress vu Washington.

Douanestaxe

Säi „Frënd“ awer huet keng Loscht op „Gespréicher“, déi hie vu sengen Objektiver – 1) Aléise vu Wahlverspriechen 2) Aarbechtsplazen zréckhuelen – kéinten oflenken. Deem sinn anscheinend och déi weiderféierend Konsequenze vun dëse Wirtschaftssanktiounen egal. Mat der Erhiewung vum Strof-Zoll gëtt dat säit 25 Joer bestoend Handelsofkommes NAFTA a fro gestallt.

Net ze vergiessen, datt den US-President dëst (wéi eigentlech all) Fräihandelsofkommes scho während dem Wahlkampf als dee „schlechtsten Deal vun allen Zäiten“ beschriwwen hat. Dee gouf da schlussendlech och nei verhandelt, an den neien Accord (USMCA) war eigentlech schonn um Instanzewee, fir vun de Parlamenter ratifizéiert ze ginn. Dat geet eigentlech elo net méi…

mat indymedia/was/hou/lax

Foto: De Grenziwwergang zu San Ysidro (Kalifornien) © Josh Denmark/CBP

Ähnlech Sujeten Donald Trump, Douanestaxen, Fräihandelsaccord, Mexiko, NAFTA, Strof-Zoll, USA, USMCA, Wirtschaftssanktiounen
Nächsten Artikel Virrechten Artikel