Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Wann de Schülertransport zum Kappzerbrieches gëtt
International Money Neiegkeeten

Wann de Schülertransport zum Kappzerbrieches gëtt

Et ass dem François Bausch säi Mobilitéitsministère deen de Kader

SC Beetebuerg: dat éischt Auswäertspill huet sech gelount
International Money Neiegkeeten

SC Beetebuerg: dat éischt Auswäertspill huet sech gelount

En war en interessante Spillowend deen de Fussball-Enthusiasten um Samschdegowend

Editorial: Et bréicht international Kooperatioun
International Money Neiegkeeten

Editorial: Et bréicht international Kooperatioun

Sommeten ouni Enn: et gëtt Drénglechkeetssëtzunge vun de G7-Staats- a

money

Douanestaxen: D‘OECD rifft op de Multilateralismus ze retten

Douanestaxen: D‘OECD rifft op de Multilateralismus ze retten

De Generalsekretär vun der OECD, Angel Gurria, huet um Donneschdeg d‘Memberlänner opgeruff de Multilateralismus ze retten. Dat kuerz nodeems d‘US-Administratioun Eescht gemaach huet, an elo Douanestaxen op den Import vu Stol an Aluminium erhuewe gëtt.

„Et ass e kritesche Moment, net nëmme fir d‘Zukunft vum Multilateralismus, mee och fir de Planéit“, huet den OECD-Generalsekretär mat eeschter Minn beim Ofschloss vun der OECD-Joresversammlung affirméiert. D‘Iwwerschaffe vum Multilateralismus, war ee vun den Themen déi bei der Joresversammlung am Fokus gestanen hunn.

„Mir mussen de Multilateralismus retten, wëll et déi eenzeg Fassong ass virunzekommen“, warnt den Angel Gurria, dee bedauert, datt déi 35 Memberlänner vun dëser Institutioun, déi de Fräihandel als iewescht Prioritéit betruecht, sech net op e finale Communiqué eenege konnten.

Datt et keng Eenegung ginn huet, berout op den Differenzen, déi et tëscht Washington an den anere Memberlänner am Bezuch op den Handel an de Klimawandel gëtt. „Déi beschte Méiglechkeet de Multilateralismus ze verdeedegen, ass anzegesinn, datt mir dëse vläicht sollte veränneren“, esou den Angel Gurria weider, deen esou der Propose vum Emmanuel Macron Réckendeckung gëtt.

„D‘Welt kann sech op d‘OECD verloossen“

De franséische President hat e Mëttwoch proposéiert, d‘Reform vun der Welthandelsorganisatioun (WTO) an Ugrëff ze huelen. D‘WTO déi vu Washington oft wéinst senger Schwéierfällegkeet an Ineffikassitéit verkläert gëtt. Elo dréit e vun den USA, duerch déi unilateral erhuewen Taxen, an esou ausgeléisten Handelskrich awer och net zu enger besserer Zesummenaarbecht bäi.

An den Angel Gurria huet dann och seng Interventioun mat engem Plaidoyer zugonschte vu senger Organisatioun ofgeschloss. Och d‘OECD steet bestänneg an der Kritik, dat beispillsweis, wëll et hir net gelongen en Accord ze fannen, mat deem d‘Iwwerkapassitéiten (Stolsecteur) vu China an de Grëff ze kréie wieren. Eng Fuerderung vun de G20 déi zanter 2016 sollt erfëllt sinn.

„Wann der vill de Multilateralismus a Fro stellen, wa verschidde Membere vun der Organisatioun schwéier politesch Zäiten duerchliewen, wann d‘Expertise an d‘Wourecht esouwuel kritiséiert wéi a Fro gestallt ginn, da gëtt eng OECD ëmmer méi wichteg“, esou den OECD-Generalsekretär, deen zanter 12 Joer d‘Geschécker vun dësem „Club“ vun de räichste Länner leet.

mat AFP

Foto: De franséische President Emmanuel Macron (l) mam OECD-Generalsekretär Angel Gurria bei der Joresversammlung vun der OECD. © Philippe Wojazer/pool/AFP

Ähnlech Sujeten Angel Gurria, Douanestaxen, Emmanuel Macron, Fräihandel, OECD, WTO
Nächsten Artikel Virrechten Artikel