Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

What the Fakt: De Guggenheim Musée huet virun 59 Joer seng Dieren opgemaach
International Neiegkeeten

What the Fakt: De Guggenheim Musée huet virun 59 Joer seng Dieren opgemaach

Et ass ee weltwäit bekannten Gebai vum Frank Lloyd Wright

laughing
Analys: D‘Industrienatioun Däitschland kann alles, ausser Internet
International Neiegkeeten

Analys: D‘Industrienatioun Däitschland kann alles, ausser Internet

Exportweltmeeschter, Industrienatioun an eng helle Wull u gescheite Käpp. Esou

Steigenberger Grandhotel zu Bonn: wou d’Politiker sech gutt Nuecht gesot hunn
International Neiegkeeten

Steigenberger Grandhotel zu Bonn: wou d’Politiker sech gutt Nuecht gesot hunn

Et gëtt luxuriéis Hoteller an engem flotte Kader an et

USA: 25% Douanestaxen op Importwueren aus China

USA: 25% Douanestaxen op Importwueren aus China

De Locataire gëtt keng Rou an schéngt sech virgeholl ze hunn, mat der ganzer Welt en Handelskrich ze féieren. Um Freideg huet den Donald Trump dann och d‘Aféiere, vun Douanestaxen géint China, an héicht vu 25% op e Wuerewäert vu 50 Milliarden US-Dollar, offizialiséiert.

Betraff heivunner Importer déi „ganz wichteg industriell Technologie“ enthalen. Sollt sech China dogéint wieren, gi weider Moossnamen net ausgeschloss. Mat dësen Douanestaxen, esou den US-President, soll den Déifstall vun der (amerikanescher) intellektueller Proprietéit kompenséiert ginn.

„Meng formidabel Relatioun mam President Xi aus China an d‘Relatioun vun eisem Land mat China, si mir immens wichteg. Mee den Handel tëscht eise Länner ass enorm ongerecht, an dat schonn zanter ville Joren“, erkläert den Donald Trump seng Entscheedung an engem Communiqué.

D‘Waff ass gezéckt a gelueden

Den US-President warnt dann och, datt „d‘USA determinéiert sinn weider Douanestaxen anzeféieren, sollt China op de Gedanke komme Géigemoossnamen ze ergräifen, a Steieren op Gidder aus Amerika ze erhiewen. Op et sech hei ëm Servicer oder landwirtschaftlech Produiten handelt, sief dohinner gestallt“.

Ënnert den Importer déi vun dësen neien Douanestaxe viséiert sinn, si Gidder erëmzefannen, déi un de strategesche Plang „China 2025“ gebonne sinn. Dee soll de wirtschaftleche Wuesstem vun der asiatescher Muecht „unzéien“, mee penaliséiert gläichzäiteg déi amerikanesch Wirtschaft, esou d‘Argumentatioun vum Donald Trump.

Vun dëse 50 Milliarde Wueren déi d‘Trump-Administratioun besteiere wëll, solle schonn emol 34 Milliarden ab dem 6. Juni taxéiert ginn. Esou d‘Matdeelung vum amerikanesche Vertrieder fir Handel (USTR), an engem separate Communiqué.

D‘Zil ass nees en Equiliber ze fannen

Fir den Donald Trump sinn déi Douanestaxen „wichteg fir ze verhënneren datt nei Transferte vun amerikanescher Technologie an intellektueller Proprietéit a Richtung China stattfannen“. Hien ass iwwerdeems och der Usiicht, datt dës Taxen en éischte Schratt sinn, mat deem d‘Handelsbezéiung tëscht béiden Natiounen nees an d‘Gläichgewiicht gesat ka ginn.

D‘Ukënnegung vun dësen Douanestaxe kommen net iwwerraschend. Schonn Enn Mee hat dat Wäisst Haus ugekënnegt, datt u Strooftaxe géint China geschafft gëtt. Och wann nach virun e puer Deeg iwwert eng „Paus“ geschwat gouf. De 15. Juni war dann och als „Deadline“ kloer an däitlech annoncéiert ginn. China huet matgedeelt, datt d‘USA direkt mat engem Konter rechne mussen.

Zudeem huet China sech elo bereet erkläert mat deenen aneren Natiounen u Géigemoossnamen ze schafen a rifft déi „aner Länner“ op sech un enger kollektiver Aktioun ze bedeelegen. Op a wéi esou eng Aktioun ëmzesetzen ass, kann am Ament nëmme spekuléiert ginn. Et dierften sech hei awer zouverlässeg Partner fanne loossen.

mat AFP

Foto: Den US-President Donald Trump ass wuel der Meenung, datt de chinesesche President Xi Jinping säi Frënd ass, mee beim Geld hält bekanntlech och déi beschte Frëndschaft op. © Nicholas Kamm/AFP

Ähnlech Sujeten China, Donald Trump, Douanestaxen, Handelskrich, USA
Nächsten Artikel Virrechten Artikel