Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

love
Doktere vun der Welt: Grippeimpfung fir d‘Leit vun der Strooss
International Money Neiegkeeten

Doktere vun der Welt: Grippeimpfung fir d‘Leit vun der Strooss

Wéi schonn 2016, mécht och dëst Joer keng Ausnam an

moneysurprise
D‘Rechnung wann ech gelift ! Déi finanziell Säit vum Brexit, erkläert
International Money Neiegkeeten

D‘Rechnung wann ech gelift ! Déi finanziell Säit vum Brexit, erkläert

Zwanzeg Milliarden Euro, véierzeg, siechzeg? Déi Zuelen déi ëmmer nees

EU erhieft eng Stroftax op chinesesche Stol
International Money Neiegkeeten

EU erhieft eng Stroftax op chinesesche Stol

China huet sech gëschter energesch géint d’Aféierung vun enger neier

money

Douanestaxen: d‘EU bereet sech ze verdeedegen

Douanestaxen: d‘EU bereet sech ze verdeedegen

Während den US-President domatter dréit gesënnert Douanestaxen op Stol, Aluminium an Autoen ze erhiewen, huet d‘EU versprach sech géint all déi ze wieren, déi et versiche sollten, d‘Unioun mat protektionistesche Mesuren anzeschüchteren.

A géintiwwer dem Ëmfang vun der Kontroverse, huet de Roberto Azevêdo, Generaldirekter vun der Welthandelsorganisatioun WTO, virun enger Eskalatioun gewarnt. En Handelskrich kéint kee gewannen an d‘Konsequenzen dovunner wieren och net ofzeschätzen.

„Et weess een wéini et ufänkt, mee et weess ee ni wéini et ophält a wéi et ausgeet“, esou de WTO-Generaldirekter zu Brasilia. Eng Eskalatioun vu géigesäitege Vergeltungsmoossnamen op wirtschaftlechem Niveau, kéint ee spéider kaum nach réckgängeg maachen. Dat zumindest ass dem Roberto Azevêdo seng Meenung.

Eng geluede Waff

Zu Bréissel huet d‘Kommissärin fir den Handel, Cecilia Malmström ënnerstrach – ouni explizit d‘USA ze ernimmen – datt de Protektionismus als „Waff benotzt gëtt fir eis anzeschüchteren. Mee mir hu keng Angscht a wäerten eis géint déi ze wiere wëssen déi eis aschüchtere wëllen“.

De franséische Wirtschaftsminister Bruno Le Maire zu der Entscheedung vun der US-Administratioun: „de gréisste Risk wier et, kee Risiko anzegoen an net op den Ugrëff ze äntweren. Mir wëlle keen Handelskrich, mee mir wäerten et verstoen eis wirtschaftlech Interessen ze verdeedegen, eis Fabricken, eis Industrie an eis Aarbechtsplazen“.

An engem Tweet huet den US-President verséchert, datt säi Staatssekretär fir den Handel, Wilbur Ross, mat den europäesche Vetrieder wäert schwätzen. Hie soll der EU déi Douane-Barrière opweisen, déi si géint d‘USA opgestallt hunn“.

Entgéint alle Warnunge säitens den US-Handelspartner, huet den Donald Trump leschten Donneschdeg seng Entscheedung, Douanestaxen op de Stol (25%) an den Aluminium (10%) ze erhiewen, formaliséiert. D‘Mesure solle schonn an de nächste 14 Deeg a Kraaft trieden.

All Reegel huet Ausnamen

Washington huet dann awer och Ausname virgesinn. Esou solle Mexiko a Kanada vun den Douanestaxen ausgeholl bleiwen. Dat awer mat Zil, béid Länner zu enger Noverhandlung vum nordamerikanesche Fräihandelsofkommes (NAFTA) ze „ermonteren“.

An engem Telefonsgespréich mam kanadesche Premierminister Justin Trudeau, huet den Trump drop higewisen, datt „et wichteg ass séier zu engem Ofschloss“ vun de Verhandlungen ze kommen. Esou zumindest d‘Matdeelung aus dem Wäissen Haus. D‘EU fuerdert sengersäits vun den Douanestaxen ausgeholl ze ginn, ouni op d‘Sonnerbehandlung vu Mexiko a Kanada anzegoen.

Dobäi waren déi éischt Gespréicher, leschte Samschdeg zu Bréissel, tëscht den Europäer, de Japaner an den Amerikaner, net vum Erfolleg gekréint. Schlëmmer nach, e puer Stonnen no der Entrevue mam Handelsvertrieder Robert Lighthizer, huet den Donald Trump der EU seng Fuerderungen „getwittert“. Si sollen hir Handelsbarrièrë fir US-Produkter néierräissen.

Onverständlech Aussoen

Europa ass vun den Deklaratiounen, an hirer „Ongenauegkeet“ iwwerrascht ginn. D‘Cecilia Malmström: „Mir waarden nach ëmmer op däitlech Erklärungen“. „D‘USA an d‘EU dierfen op kee Fall en Handelskrich ausléisen“ warnt de neie spuenesche Wirtschaftsminister Roman Escolano, a resuméiert domatter dat generellt Gefill dat an der EU iwwerweit.

En Dar am A vum US-President sinn dann och ganz generell d‘Douanestaxen an héicht vun 10%, déi op den Import vun US-Autoen an d‘EU erhuewe ginn. Den Import vun Autoen aus der EU, gëtt beim Import an d‘USA bis ewell mat „nëmmen“ 2,5% belaascht.

Dat ass esou dann och richteg well: „Fir déi Länner mat deene mir kee Fräihandelsofkommes hunn, leien d‘Douanestaxe fir Autoe bei 10%“, bestätegt d‘EU-Handelskommissärin. „Mee och d‘USA hunn deels ganz héich Douanestaxen. 25% op d‘Camionen a Pick-Ups“, betount d‘Cecilia Malmström, an erënnert drun, datt et den Trump war deen den TTIP op d‘Säit geluecht huet.

A generell muss drop higewise ginn, datt d‘Douanestaxen tëscht der EU an den USA – laut Bréissel – an der Moyenne bei 3% leien. Wann elo den Donald Trump u senger Entscheedung festhale wëll, esou muss hie wëssen, datt d‘EU scho Géigemoossname virbereet huet.

De Knëppel läit hannert dem Comptoir

Als éischt Moossnam, déi scho bannent dräi Méint kéint ëmgesat ginn, stinn d‘Douanestaxen am Raum, déi op emblematesch US-Produkter sollen erhuewe ginn. Donieft envisagéiert d‘EU och nach „Moossnamen“ ze ergräifen, fir seng Industrie virun auslänneschen Importer ze schützen. Dat an éischter Linn beim Stol an dem Aluminium.

Iwwert eng Plainte bei der WTO gëtt och ganz haart nogeduecht. Bréissel ass iwwerzeegt, datt d‘Mesuren déi d‘USA hei ergräifen, just geduecht sinn fir amerikaneschen Entreprisen en Avantage ze ginn. Dat wier nei, well bis haut – esou de WTO-Generaldirekter – hätt nach kee Land wéinst „Handelsschwieregkeeten“ d‘Welthandelsorganisatioun saiséiert.

D‘Ausenanersetzung tëscht dem Donald Trump an der EU kënnt elo awer China entgéint. An dat ass de gréisste Stol Hiersteller op der Welt, deem zudeem stänneg de Virworf gemaach gëtt, näischt géint d‘Iwwercapacitéiten ze ënnerhuelen. Peking gëtt dann och nach virgehalen, de Stolsecteur massiv ze subventionéieren.

„China iwwerschwemmt de Weltmaart mat Stol an Aluminium zu esou niddrege Konditiounen, datt ee reegelrecht vun ‚deloyaler Konkurrenz‘ géintiwwer de nordamerikanesche Siderurgiste schwätze muss“, esou d‘Uklo a Richtung Peking vum Justin Trudeau.

mam Clément Zampa/AFP

Ähnlech Sujeten Donald Trump, Douanestaxen, EU, Handelskrich, USA, WTO
Nächsten Artikel Virrechten Artikel

Deng Reaktioun op dësen Artikel?

  • LOL

    0

  • Cool

    36

  • Fail

    6

  • Cry

    0

  • Angry

    0

  • WTF

    6

  • Crazy

    4

  • Love

    0