Search

You may also like

Wahlmanifest vun den „déi Konservativ“ (eng Analys)
Neiegkeeten

Wahlmanifest vun den „déi Konservativ“ (eng Analys)

Esou richteg schéngt keen se ze kennen an esou ass

E Réckschlag fir de Projet „Spacemining“
Neiegkeeten

E Réckschlag fir de Projet „Spacemining“

Grouss innovativ Projete sinn ëmmer och mat Risike verbonnen, an

UN-Weltklimakonferenz enttäuscht Lëtzebuerg
Neiegkeeten

UN-Weltklimakonferenz enttäuscht Lëtzebuerg

Déi 25. UN-Weltklimakonferenz (COP25) ass gëschter am Nomëtteg no villen

Doudege Prisonéier zu Schraasseg opfonnt ginn

Doudege Prisonéier zu Schraasseg opfonnt ginn

Um Owend vum 12. Januar, géint 21:15 Auer, gouf am Prisong en doudegen Häftling a senger Zell fonnt. Trotz Reanimatiounsmoossnamen koum fir de Prisonéier all Hëllef ze spéit.

D’Autoritéite goufen informéiert, sou wéi eng Autopsie geuerdert. Op d’Plaz geruff goufen den Ombudsman a senger Qualitéit als externe Kontrolleur, de stellvertriedenden Direkter vun der Prisongsverwaltung an de stellvertriedenden Direkter vum Lëtzebuerger Centre Pénitentiaire.

Weider Informatiounen zum Prisonéier an den Doudesëmstänn goufen net iwwermëttelt. Eréischt am Abrëll 2020 gouf en Häftling zur selwechter Auerzäit dout opfonnt.

Opmaacherbild: © Marco Chilese / Unsplash

Related topics Autopsie, Centre Penitentiaire, doudege Prisonéier, Ombudsman, Prisong, Reanimatioun, Schraasseg
Next post Previous post