Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Batter awer noutwenneg Decisioun (Kommentar)
Neiegkeeten

Batter awer noutwenneg Decisioun (Kommentar)

Fir de fréieren Député-Maire vun Déifferdeng waren déi lescht puer

T’kann een se net all an en Dëppe geheien
Neiegkeeten

T’kann een se net all an en Dëppe geheien

Wärend den Tourismusminister Lex Delles der Lëtzebuerger Bevëlkerung an de

Geheim: de nationale Krisenzenter um Sennengerbierg
Neiegkeeten

Geheim: de nationale Krisenzenter um Sennengerbierg

Et weess een net ganz genau, wat am nationale Krisenzenter

Schonn nees e Routmilan vun engem Wandrad duerchtrennt

Schonn nees e Routmilan vun engem Wandrad duerchtrennt

Um 8. September huet natur&ëmwelt op en neits en doudege Roude Schéierschwanz (Routmilan) bei engem Wandrad an der Gemeng Wëntger fonnt. Wärend déi feelend oder wéineg ausgepräägt Vegetatioun ënnert dësen Anlagen de Gräifvull ulackelt, kënnen déi dréiend Blieder zur déidlecher Gefor ginn. Aus dësem Grond fuerdert d’Asbl eng temporär Ofschaltung vun de Wandrieder, net nëmme wärend d’Vulle bréien, mee wärend hirer gesamter Presenz (Zugzäit ) zu Lëtzebuerg.

Nodeems schonn am Mee 2019 e Routmilan dout opfonnt ginn ass, huet dës Kéier en opmierksame Spadséiergänger déi zerdeelt Iwwerreschter vul Vull um Feld beim Wandrad fonnt. De Kierper war um Fligel duerchtrennt, sou datt säin Dout just op de Kontakt mat de Rotorblieder zeréckzeféieren ass.

De Kadaver gouf fotograféiert an souwuel d’Entité mobile vun der Naturverwaltung, wéi och den Ëmweltministère goufen iwwert de Virfall informéiert, sou datt d’Anlag ofgeschalt ginn ass.

An den Deeg virdrun hunn d’Baueren hir Felder bei de Wandrieder beaarbecht. Duerch dës Konditioune kann de Roude Schéierschwanz méi Iesse fannen, wouduerch dann och méi Déieren op d’Plaz gelackelt ginn. Wärend hirem niddrege Juegdfluch kommen si de Blieder vun der Anlag immens no.

Routmilan

© natur&ëmwelt Asbl

Eigentlech ginn et jo Oplagen…

„An der Geneemegung zum Bau vu Wandkraaftanlagen ass festgehalen, datt landwirtschaftlech Aarbechten ënnerhalb vun esou Anlage wärend dem Bréien eng Ofschaltung vu 5 Deeg no sech zéie mussen“, erkläert natur&ëmwelt.

De Routmilan ass vu Mëtt Februar/Ufank Mäerz bis Oktober zu Lëtzebuerg unzetreffen. Hir Eeër leeën si vun Abrëll bis Juli. Duerch déi villfälteg a gesteigert Offer un Iessen, déi zuelräich Gräifvullen unzitt, missten d’Wandrieder wärend der kompletter Presenz vum Routmilan ofgeschalt ginn. E steet schonn op der Rouder Lëscht vun de Lëtzebuerger Vullen an der Kategorie 3 (Bestand gefäerd).

Routmilan

© natur&ëmwelt Asbl

Geneemegungen upassen

D’Asbl natur&ëmwelt fuerdert den Ëmweltministère op, seng Geneemegunge réckwierkend a fir d’Zukunft unzepassen, sou datt d’Wandrieder wärend der Presenz vum Routmilan an der Buedembeaarbechtung vun de Baueren temporär gestoppt ginn.

„Dëst wier en elementare Schrëtt zum Schutz vun dëser wichteger europäescher Vullenaart, deem säi weltwäit Brutvorkommen op Mëtteleuropa konzentréiert ass.“

Ähnlech Sujeten Bauer, Bréien, Buedembeaarbechtung, déidlech blesséiert, Doudegt Déier, Ëmweltministère, Fuerderung, natur&ëmwelt, Roude Schéierschwanz, Routmilan, Wandkraaft, Wandrad, Wëntger
Nächsten Artikel Virrechten Artikel