Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

money
Bankfraisen: ULC-Petitioun iwwerzeegt de Krautmaart
International dating site in south african

dating brown guys

Si hu verhandelt, du gestridden am um Enn ass der

lee bo young lee sang yoon dating
International dating site in south african

Déi lénk verwieren sech dem Fräihandelsaccord mat Japan

De 17. Juli ass tëscht Japan an der EU de

Verschleeft, geschloe, verkaaft: Sklaverei a Libyen e Geschäft dat leeft
International dating site in south african

Verschleeft, geschloe, verkaaft: Sklaverei a Libyen e Geschäft dat leeft

Um Méindegowend huet de Mahamadou Issoufou, President vum Niger, dat

12 Doudeger bei Äerdbiewen a China

Um spéiden Owend huet an der chinesescher Provënz Sichuan de Buedem gerëselt

12 Doudeger bei Äerdbiewen a China

Bei engem schwéieren Äerdbiewen an der Provënz Sichuan huet et, esouwäit den aktuelle Bilan, 12 Affer an eppes iwwer 125 blesséiert Persoune ginn. Den Epizenter vum Biewe gouf an der Gemeng Changning (bei der Stad Yibin) an huet d‘Stäerkt 6.0 op der Richterskala opgewisen.

Äerdbiewen

Wéi déi amtlech Noriichtenagence Xinhua matgedeelt huet, sinn d‘Mënsche panesch op d‘Stroosse gelaf während zäitgläich d‘Haiser a sech zesummegefall sinn. Wéi schrecklech d‘Folge vun dësem Biewe sinn, konnt eréischt an de fréie Mueresstonnen ermëttelt ginn. An der Konsequenz hunn d‘Autoritéiten entspriechend Moossnamen ergraff an d‘Rettungsdéngschter an den Asaz geschéckt.

Äerdbiewen

Aus Angscht vun Nobiewen, hu vill leit et Virgezunn am fräien ze iwwernuechten. © Xinhua

An enger éischter Phas sinn elo 5.000 Zelter, 10.000 Feldbetter an 20.000 Decken an dat betraffend Gebitt geschéckt ginn. Op der Plaz sinn dann och honnerte Pompjeeën am Asaz, déi prioritär no vermësste a verschotte Persoune sichen. Äerdbiewe gëtt et an dëser Regioun vu China méi oft.

Stattfonnt huet d‘Äerdbiewen um kuerz virun 23 Auer (Lokal) a vill Awunner hunn et virgezunn d‘Nuecht am fräien ze verbréngen. Et ass ze befierchten, datt d‘Zuel vun den Affer am Verlaf vun de Rettungsmoossnamen an Opraumaarbechten nach klamme wäert. Xinhua huet bericht, datt zu Meidong en Hotel zesummegefall ass an d‘Schnellstrooss tëscht Yibin a Yuxong „gerass“ ass.

Äerdbiewen

Och vill aner Stroossen hunn nom Äerdbiewe misse gespaart ginn. Interessant an dësem Fall, de Fait, datt d‘Fréiwarnsystem eng ganz Minutt virum Biewen Alarm ausgeléist huet. D‘Biewe war bis an déi 240 Kilometer entleeë Groussstad Chongqing ze spieren, esou d‘Noriichtenagence Xinhua.

Äerdbiewen

D‘Schied nom éischte Biewe waren impressionnant, an dat zweet huet fir weider Uspanung ënnert den Awunner gesuergt. D‘Arméi soll elo d‘Rettungsdéngschter ënnerstëtzen © Xinhua

Haut de Moien ass et dann zu Sichuan zu engem weidere Biewe komm. Leschten Informatiounen no en Äerdbiewe mat enger Stäerkt vu 5,6 op der Richterskala. Iwwer méiglech Affer an/oder weider Zerstéierungen ass den Ament nach näischt gewosst. D‘Arméi ass elo zur Ënnerstëtzung an d‘Regioun entsandt ginn. 2008 waren hei 80.000 Mënsche bei engem Biewe verstuerwen.

mat indymedia/tpe

Foto: Groussen Asaz fir d‘Rettungsdéngschter an der Provënz Sichuan. © Xinhua

Ähnlech Sujeten Äerdbiewen, China, Provënz Sichuan
Nächsten Artikel Virrechten Artikel