Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Iwwer 9000 Passagen an den Zenteren fir erweidert Fleeg
International Neiegkeeten

Iwwer 9000 Passagen an den Zenteren fir erweidert Fleeg

Ab haut hunn d’Zenteren fir erweidert Fleeg an der LuxExpo,

Neikaledonien wiert sech géint de Plastik
International Neiegkeeten

Neikaledonien wiert sech géint de Plastik

Neikaledonien huet entscheet, bis 2020 progressiv all Plastik fir den

Dës Schoul bestellt Uniforme vun Armani – zum eemolege Präis vu 600 Euro pro Stéck
International Neiegkeeten

Dës Schoul bestellt Uniforme vun Armani – zum eemolege Präis vu 600 Euro pro Stéck

Eng Schoul a Japan wëll nei Uniformen vun der Luxusmark

Mindestens néng Doudeger no Äerdbiewen

Mindestens néng Doudeger no Äerdbiewen

Bei engem Äerdbiewen un der iranesch-tierkescher grenz sinn op mannst néng Persounen an der Tierkei ëm d‘Liewe komm. Béidersäits der Grenz huet et Blesséierter ginn. D‘Biewen hat laut dem europäeschen Äerdbiewenobservatoire (EMSC) eng Stäerkt vu 5,7 op der Richterskala an säin Epizenter soll a sechs Kilometer déift beim Duerf Habsch e-Olya geleeë sinn.

Engem éischten offizielle Bilan folgend, sinn an der tierkescher Provënz Van, néng Affer nom Biewen ze bekloen. Aus dem Büro vum Gesondheetsminister Fahrettin Koca heescht et weider, datt 37 Persoune blesséiert goufen an datt 8 dovunner géifen a Liewensgefor schwiewen. Am tierkesche Fernseh waren Opname vun agestierzte Leem-Häipen an de verschneiten Dierfer ze gesinn.

Laut dem Inneminister Süleyman Soylu, hunn d‘Rettung- a Sécherheetskräften alles am Grëff an ënnert den Trëmmer géife keng weider Affer vermutt. Op iranescher Säit gëtt et och Affer ze bekloen. Hei sinn 43 Dierfer deels méi oder manner schwéier betraff, Doudeger gëtt et zum Gléck keng, mee mindestens 40 Persoune solle verletzt gi sinn. E méi geneeë Bilan soll haut virleien…

Äerdbiewen

Äerdbiewen am Iran a besonnesch hei an der Grenzregioun sinn „normal“. Ënnert dem Iran verlafen eng ganz Rëtsch un tektonesche Brochlinnen, firwat d‘Land dann och regelméisseg mat dëser Form vu Naturkatastroph ze kämpfen huet. Dat lescht gréissert a leider verheerend Äerdbiewen hat 2017 an der Westiranescher Provënz Kermanshah ginn. 620 Mënsche ware bei dësem Biewe gestuerwen.

Dat bis ewell schlëmmsten Äerdbiewen hat et 1990 ginn, wou de ganzen Norde vum Iran betraff war. E Biewe mat der Stäerkt vu 7,4 op der no uewen oppener Richterskala hat sengerzäit, 40.000 Mënscheliewe gefuerdert, iwwer 300.000 Leit ware blesséiert ginn an honnertdausenden Haiser goufen dem Buedem gläich gemaach. Eng hallef Millioun Iraner hu missen nei logéiert ginn.

mat indymedia/tlv

Illustratioun: © Pitara

Ähnlech Sujeten Äerdbiewen, Iran, Tierkei
Nächsten Artikel Virrechten Artikel