Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Brexit: …en „haarden“ wëllen d‘Briten och net
International Kultur Neiegkeeten Stories

Brexit: …en „haarden“ wëllen d‘Briten och net

Nodeems en Dënschdeg erwaardungsgeméiss e „Brexit mat engem Accord“ am

D‘Salariat huet keng Rou an der Panz
International Kultur Neiegkeeten Stories

D‘Salariat huet keng Rou an der Panz

Beim STATEC hu se sech op e neits mat Zuele

Washington verdeedegt d‘Demokratie
International Kultur Neiegkeeten Stories

Washington verdeedegt d‘Demokratie

US-Ausseminister Mike Pompeo erkläert Sonnerstatut fir Hong Kong als net

Doudesfabrik Auschwitz – D’Häll mat eegenen Ae gesinn (Deel 1)

„Wie sech net un d'Vergaangenheet erënnert, muss se nach emol duerchliewen“, George Santayana

Doudesfabrik Auschwitz – D’Häll mat eegenen Ae gesinn (Deel 1)

Ukommen am Lager: Enn Februar 2019 hunn zwou Frëndinnen an ech zwee vun den dräi Deeler vum weltwäit bekanntste Konzentratiounslager zu Auschwitz (Polen) besicht. Gëtt d’Vergaangenheet net genuch an der Schoul thematiséiert a kréie just verschidde privilegéiert Schüler d’Méiglechkeet, d’Lager ze besichen, da muss ee selwer aktiv ginn. Dës Rees an déi däischter Vergaangenheet zur Zäit vum Zweete Weltkrich sollt eis nach Deeg duerno an déiwer Roserei an Trauer hänke loossen, sou wéi Héngerhaut verursaachen. Schnell ass kloer ginn, datt mir mat all Schrëtt iwwert zuelräich Läichen trëppelen.

Am Mëttelpunkt vun eiser Rees an déi polnesch Stad Krakau sollt d’Visitt vum Vernichtungslager zu Oświęcim, wéi d’Polen d’Stiedchen et nennen, stoen. Esou hate mir schonn ee Mount am viraus eis Ticketen an eng geféiert Tour vu 6 Stonne gebucht, wat sech herno als gutt Decisioun erausstelle sollt. Annerhallef Stonn vu Krakau ewech, huet sech schliisslech de Komplex aus der Zäit vum Nationalsozialismus befonnt. Zuelräich Busser, Autoen a Visiteuren haten hire Wee bei d’Doudesfabrik efonnt. Allen Dräi hate mir, nach ier et lassgaangen ass, een onwuelt Gefill am Bauch.

Auschwitz

© Shari Pleimelding/moien.lu

Een eekelegt Spill

Zesumme mat eisem immens kompetenter Guidin ass den Tour ugaangen, wouduerch eis Uspanung net grad erof gaangen ass. Fir unzefänken ass eiser Grupp unhand vun engem Plang d’Positioun an den Opbau vum éischten an eelsten Deel, Auschwitz I., demonstréiert ginn. An dësem Sammellager waren tëscht 12.000 an 20.000 Prisonéier ënnerbruecht. Déi roudelzeg stenge Gebaier haten an der Vergaangenheet d’Funktioun vun enger Kasär, déi schliisslech zum Lager ëmgebaut ginn ass.

Am KZ Auschwitz I., och Stammlager genannt, geet een direkt ënnert dem weltwäit bekannten zynesche Sproch „Arbeit macht frei“ duerch. Et war de Lagerkommandant Rudolf Häss, deen dës Wierder ubrénge gelooss huet. Dobäi sollt et sech net ëm ee falscht Verspriechen handelen, datt eng Chance besteet duerch Aarbecht fräi ze kommen – Nee, vill méi sollt sech hei den dreckegen NS-Spott géigeniwwer de Prisonéier erausstellen.

D’Spille mat der onberechtegter Hoffnung stoung um alldeegleche Programm. Mat perfiden Aktiounen hunn d’Nationalsozialiste konstant ee Fonke Liicht bei de Gefaangenen, déi sech am Kampf ëm Liewen an Dout un all Kraaft festhale wollten, erhalen: Ënnert anerem war et ee Lagerorchester, där hir Musek, als feste Bestanddeel vum KZ-Alldag, de Prisonéier beim Iwwerliewen hëllefe sollt. Vun den SS-Leit aus war d’Musek ee Mëttel zur Erniddregung an Zerstéierung vum Iwwerliewenswëllen.

Auschwitz

© Shari Pleimelding/moien.lu

De Mënsch als Nummer

Ee Mol am Stammlager ukomm sinn d’Leit direkt a verschidde Gruppen agedeelt ginn. Virun allem awer si Männer a Frae getrennt ginn, woubäi och d’Kanner wéi Erwuessener behandelt gi sinn. Fir déi ongewëss Rees unzetrieden haten déi Gefaangen hir Wallisse mat den essentiellsten a fir si bedeitungsvollste Géigestänn gepaakt. Eng esou brutal, onmënschlech Zäit hätt ee sech net erdreeme wëllen.

Ob politesche Prisonéier, Roma, sowjetesche Krichsgefaangenen, Homosexuellen, Kriminellen, Asozialen, Zéie Jehowas oder och ee Judd a Polen, d’Prozedur war ëmmer déi selwecht: Hiergi vu perséinleche Besëtz, duschen, seng Nummer verhalen. Feelerfräi an op Kommando huet ee seng Nummer op Däitsch opsoe missen, egal wéi eng Sprooch e selwer geschwat huet. Uerg Bestrofungen oder souguer den Dout hunn engem gebléit. An esou gouf de Prisonéier net nëmmen den Numm, mee déi ganz Perséinlechkeet geklaut.

Auschwitz

Wa ganz Zëmmeren mat perséinleche Géigestänn gefëlt ginn vu Mënschen, déi net iwwerliewe sollten © Shari Pleimelding/moien.lu

Zur Identifikatioun ass bis Fréijoer 1943 all Häftling vun dräi Säite mat der eegener Nummer fotograféiert ginn. Spéiderhin si just nach vun däitsch Gefaangenen, geleeëntlech och nach vun aneren Nationalitéite, Fotoe gemaach ginn. Schlussendlech ass 1943 eleng am KZ Auschwitz d’Tätowéierung agefouert ginn. Als Resultat op den héije Stieflechkeetstaux an d’Schwieregkeet, fir d’Läichen ze identifizéieren, hunn d’Nazien de Prisonéier hir Nummer ënnert d’Haut bruecht.

Och hei gesäit een nees, datt d’Nationalsozialisten d’Häftlingen net als Mënsch, ma net emol als Déier ugesinn hunn. D’Entzéie vum Numm, d’Klaue vun der Identitéit, d’Erausrappen aus dem Ëmfeld war just den Ufank.

Eis Roserei sollt sech an den nächste Stonnen nach weider steigeren an esou si mir viru gaangen iwwert dat 6 Hektar grousst Lager, an deem Mënschen ouni Grond erniddregt, gequäält an ëmbruecht gi sinn.

Opmaacherbild: © Shari Pleimelding/moien.lu

Ähnlech Sujeten Auschwitz-Birkenau, Doudesfabrik, Hoffnung, Identitéit, Konzentratiounslager, Lagerorchester, Nummer, Oświęcim, Polen, Rudolf Häss, Vernichtungslager
Nächsten Artikel Virrechten Artikel