Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Amerika mécht sech de Covid19 zu Notze fir d‘Ajatollahen ze zëssen
International Kultur benefits of online dating service https://moien.lu/not-online-dating-song-id/

https://moien.lu/safety-dating-services/

Dat se sech zu Washington, dank de beschte Fuerscher a

allison harvard dating
International Kultur benefits of online dating service https://moien.lu/not-online-dating-song-id/

Jonk Demokraten op de falsche Wee geroden:

„De post-fossillen Zäitalter, dee muss haut ufänken an net muer

Brexit: „de nordiresche Patient“
International Kultur benefits of online dating service https://moien.lu/not-online-dating-song-id/

Brexit: „de nordiresche Patient“

Gëschter huet déi britesch Regierung d‘Menace vun der klenger nordirescher

Doudesfabrik Auschwitz – D’Häll mat eegenen Ae gesinn (Deel 2)

„Dir sidd net Schold un deem, wat war, mee verantwortlech dofir, datt et net méi geschitt“, Max Mannheimer

Doudesfabrik Auschwitz – D’Häll mat eegenen Ae gesinn (Deel 2)
© Shari Pleimelding/moien.lu
Doudesfabrik Auschwitz – D’Häll mat eegenen Ae gesinn (Deel 2)
© Shari Pleimelding/moien.lu
Doudesfabrik Auschwitz – D’Häll mat eegenen Ae gesinn (Deel 2)
Wou de Lagerorchester gespillt huet si spéider och Prisonéier erhange ginn. Amüsement an Dout, oder och den Amüsement um Dout hunn zum alldeegleche Liewen gehéiert. Um 19. Juli 1943 koum et esou zur gréisster ëffentlecher Hiriichtung am KZ Auschwitz duerch Erhänken. © Shari Pleimelding/moien.lu
Doudesfabrik Auschwitz – D’Häll mat eegenen Ae gesinn (Deel 2)
© Shari Pleimelding/moien.lu
Doudesfabrik Auschwitz – D’Häll mat eegenen Ae gesinn (Deel 2)
© Shari Pleimelding/moien.lu
Doudesfabrik Auschwitz – D’Häll mat eegenen Ae gesinn (Deel 2)
Bannen am Block © Shari Pleimelding/moien.lu
Doudesfabrik Auschwitz – D’Häll mat eegenen Ae gesinn (Deel 2)
Bannen am Block © Shari Pleimelding/moien.lu
Doudesfabrik Auschwitz – D’Häll mat eegenen Ae gesinn (Deel 2)
Un der Doudesmauer goufen dausende Gefaangener erschoss © Shari Pleimelding/moien.lu
Doudesfabrik Auschwitz – D’Häll mat eegenen Ae gesinn (Deel 2)
© Shari Pleimelding/moien.lu
Doudesfabrik Auschwitz – D’Häll mat eegenen Ae gesinn (Deel 2)
Vu bausse gesäit een net vill vun der Gaskummer. Aus Respekt vun den Affer goufe mir gebieden banne keng Fotoen ze maachen. © Shari Pleimelding/moien.lu
Doudesfabrik Auschwitz – D’Häll mat eegenen Ae gesinn (Deel 2)
© Shari Pleimelding/moien.lu
Doudesfabrik Auschwitz – D’Häll mat eegenen Ae gesinn (Deel 2)
Den Zyklon B gouf zur Vergasung vun de Prisonéier agesat © Shari Pleimelding/moien.lu

De Wee doduerch: Enn Februar 2019 hunn zwou Frëndinnen an ech zwee vun den dräi Deeler vum weltwäit bekanntste Konzentratiounslager zu Auschwitz a Polen besicht. Gëtt d’Vergaangenheet net genuch an der Schoul thematiséiert a kréie just verschidde privilegéiert Schüler d’Méiglechkeet d’Lager ze besichen, da muss ee selwer aktiv ginn. Dës Rees an déi däischter Vergaangenheet zur Zäit vum Zweete Weltkrich sollt eis nach Deeg duerno an déiwer Roserei an Trauer hänke loossen, sou wéi Héngerhaut verursaachen. Schnell ass kloer ginn, datt mir mat all Schrëtt iwwert zuelräich Läichen trëppelen.

Nodeems mir schonn, a manner wéi 10 Minutten, den éischte grujelegen Abléck an den Alldag vun de Prisonéier kritt hunn ass et weider gaangen iwwert den Terrain vum Stammlager. Bei all Schrëtt ass engem duerch de pickegen Drot a Schëlter mat der Opschrëft „HALT STOP!“ an engem Doudekapp virun Ae gehale ginn, datt ee sech hei op der Plaz vum gréisste mënschleche Verbriechen ophält.

No verschiddenen Explikatioune vun eisem Guide si mir an déi éischt Baracken eragaangen, wou et virun allem ëm d’Verständnis vun der Geschicht, Zuelen a Fakte gaangen ass. Et sinn och genau dës Gebaier, wou een, hannert Glasscheiwe geschützt, a verschiddenen Zëmmeren divers perséinlech Géigestänn, Schong, Protheesen, Brëller oder och eidel Béchse vum Zyklon B, d’Gëftgas mat deem d’Prisonéier euthanaséiert gi sinn, mat ellenem Häerzklappe kucke konnt. Schliisslech hat emol e Mënsch dës Schong un, eng Persoun dës Hoer um Kapp, een Individuum dëst Liewen.

Auschwitz

Den Zyklon B gouf zur Vergasung vun de Prisonéier agesat © Shari Pleimelding/moien.lu

Virun engem Mier aus Hoer

Am schrecklechsten huet sech allerdéngs de Raum mat den ofgeschniddenen Hoer erausgestallt. Beim Ukommen hunn d’Häftlingen hir Hoer nämlech ofgeschnidde kritt, fir am weidere Verlaf un däitsch Textil- an Teppechfabrike virun ze verkafen, wouduerch d’Nazien ongeféier 50 Pfenneg de Kilo kritt hunn. Heirauser sinn ënnert anerem Kleedung oder och Matrasse fabrizéiert ginn.

Ech kucken op de risege Bierg vun Hoer, déi laanscht der ganzer Längt vum Zëmmer getiermt sinn, an mir kënnt just d’Fro vum „Wisou?“ an de Kapp. Wisou kann ee Mënschen esou haassen? Wisou konnt ee Konzentratiounslager esou „grousse Succès“ hunn a wisou konnt dat net verhënnert ginn?

Am September 1941 hu schliisslech déi éischt Experimenter zur Massevernichtung duerch de Gëftgas Zyklon B ugefaangen. Dobäi sinn 600 sowjetesch Krichsgefaangener an 250 krank polnesch Prisonéier aus dem Spidol ausgewielt ginn. De Produit aus flësseger Blosaier gräift d’Zellen un an war eigentlech zur Bekämpfung vu Schädlingen agesat, woubäi hei de Mënsch als ongewollte Liewewiesen eliminéiert sollt ginn.

Onofhängeg vum Alter, Geschlecht, Beruff an Hierkonft sinn ab 1942, ouni Skrupel, all aarbechtsonfäeg Persounen ausgewielt a vergaast ginn. Domat awer net genuch. De gefierchtete Block 10 ass schnell duerch „wëssenschaftlech Experimenter“ u Männer a Fraen am Lager bekannt ginn. Vun einfachen Tester op der Haut, iwwert Injektiounen, bis hin zur Sterilisatiounen hunn d’SS-Dokteren déi Gefaangen als Versuchskanéngercher mëssbraucht.

Auschwitz

© Shari Pleimelding/moien.lu

Eng Doudesmauer a seng dausenden Affer

Wat sech, och ee Joer no eiser Visitt, nach agebrannt huet ass déi Schwaarz Mauer. Den Haff tëscht dem Block 10 an 11 ass genotzt zu Massen-Exekutioune genotzt ginn, déi um 11. November 1941 mat 151 Prisonéier ugefaangen hunn. Nodeems déi Gefaange schonn d’Häll duerchlieft, Experimenter u sech maachen oder am eegene Prisong op hiert Uerteel gewaart hunn, ass et fir dausende Mënsche mam Dout duerch Erschéissen op een Enn gaangen. Um 28. Oktober 1942 koum et hei iwwregens zur gréisster Exekutioun mat 200 Inhaftéierten. Mat enger Gedenkminutt huet eise Grupp un d’Affer erënnert – wat déi aner Visiteure mat hirem Kaméidi, Gelaachs a Geschwätz awer gekonnt ze iwwerdecke woussten.

An der Tour abegraff war d’Besiche vun engem ofgeriggelte Block, wou mir een Abléck an „d’Wunnsituatioun“ am Stammlager kruten. Iwwerfëllt Héichbetter, erschreckend Sanitärzëmmeren (zu Birkenau sollt et awer nach schlëmmer kommen) a klaustrophobesch Zoustänn hunn all eist Verständnis fir Mënschlechkeet eliminéiert.

Auschwitz

Vu bausse gesäit een net vill vun der Gaskummer. Aus Respekt vun den Affer goufe mir gebieden banne keng Fotoen ze maachen. © Shari Pleimelding/moien.lu

Als „kréinenden Ofschloss“ koum d’Visitt vun der éischter Gaskummer an dem Krematorium. Dat donkelt Zëmmer, an deem sengem Banneschten Onschëlleger ëm Hëllef gejaut an déifgrënneg Angscht verspuert hunn, haten déi meescht Visiteuren näischt Besseres ze dinn, wéi nees haart ze diskutéieren, eng „mega cool“ Foto no där nächster ze maachen an dës direkt op Instagram mat de Kollegen ze deelen. Respekt säitens de Visiteure sicht ee leider generell vergieflech.

Een opwullende Moie louch hannert eis. Datt et nach schlëmmer komme kann, sollte mir um Nomëtteg am Lager Auschwitz II léieren.

Eng Billergalerie mat verschiddenen Andréck fannt Dir uewen © Shari Pleimelding/moien.lu

Ähnlech Sujeten Auschwitz-Birkenau, Block 10, Doudesmauer, Experimenter, Gaskummer, Gëftgas, Konzentrationslager, Krakau, Krematorium, Oświęcim, Polen, Stammlager I, Vernichtungslager, Zyklon B
Nächsten Artikel Virrechten Artikel