Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

surprise
Den Donald Trump kritt haut bei de Vereenten Natiounen de Mikro – a vill fäerte, wat en ze soen huet
International Kultur Neiegkeeten Stories

Den Donald Trump kritt haut bei de Vereenten Natiounen de Mikro – a vill fäerte, wat en ze soen huet

Haut ass et esou wäit! Den Donald Trump hält seng

Muer heescht et um Krautmaart: „Rentrée parlementaire“ (Kommentar)
International Kultur Neiegkeeten Stories

Muer heescht et um Krautmaart: „Rentrée parlementaire“ (Kommentar)

Wa muer d‘Chamber hir offiziell Rentrée zelebréiert, da schonn déi

Premierminister vum Québec wëll Immigratioun drosselen
International Kultur Neiegkeeten Stories

Premierminister vum Québec wëll Immigratioun drosselen

De François Legault, Premierminister vum Québec, huet e Mëttwoch op

Doudesfabrik Auschwitz – D’Häll mat eegenen Ae gesinn (Deel 3)

„Den Holocaust ass net nëmmen eng Tragödie fir déi jüddesch Bevëlkerung, et ass ee komplett Scheitere vu Mënschlechkeet“, Moshe Katsav

Doudesfabrik Auschwitz – D’Häll mat eegenen Ae gesinn (Deel 3)
© Shari Pleimelding/moien.lu
Doudesfabrik Auschwitz – D’Häll mat eegenen Ae gesinn (Deel 3)
© Shari Pleimelding/moien.lu
Doudesfabrik Auschwitz – D’Häll mat eegenen Ae gesinn (Deel 3)
© Shari Pleimelding/moien.lu
Doudesfabrik Auschwitz – D’Häll mat eegenen Ae gesinn (Deel 3)
© Shari Pleimelding/moien.lu
Doudesfabrik Auschwitz – D’Häll mat eegenen Ae gesinn (Deel 3)
© Shari Pleimelding/moien.lu
Doudesfabrik Auschwitz – D’Häll mat eegenen Ae gesinn (Deel 3)
D'Baracke vu bannen © Shari Pleimelding/moien.lu
Doudesfabrik Auschwitz – D’Häll mat eegenen Ae gesinn (Deel 3)
D'Baracke vu bannen © Shari Pleimelding/moien.lu
Doudesfabrik Auschwitz – D’Häll mat eegenen Ae gesinn (Deel 3)
D'Baracke vu bannen © Shari Pleimelding/moien.lu
Doudesfabrik Auschwitz – D’Häll mat eegenen Ae gesinn (Deel 3)
© Shari Pleimelding/moien.lu

De gréisste Kierfescht: Enn Februar 2019 hunn zwou Frëndinnen an ech zwee vun den dräi Deeler vum weltwäit bekanntste Konzentratiounslager zu Auschwitz a Polen besicht. Gëtt d’Vergaangenheet net genuch an der Schoul thematiséiert a kréie just verschidde privilegéiert Schüler d’Méiglechkeet d’Lager ze besichen, da muss ee selwer aktiv ginn. Dës Rees an déi däischter Vergaangenheet zur Zäit vum Zweete Weltkrich sollt eis nach Deeg duerno an déiwer Roserei an Trauer hänke loossen, sou wéi Héngerhaut verursaachen. Schnell ass kloer ginn, datt mir mat all Schrëtt iwwert zuelräich Läichen trëppelen.

Kuerz am viraus: Auschwitz I ass bekannt fir seng Entrée mam bekannte Schëld „Arbeit macht frei“. Um Terrain vum Lager Auschwitz II fënnt een ass dogéint berühmt fir dat markant Entréesgebai, duerch dat d’Zich gefuer an Onschëlleger an d’Vernichtungslager deportéiert hunn.

Nodeems mir eis Moies een Abléck an d’Liewen – sou fern een dat nach Liewen nenne kann – am Stammlager I verschaf hunn, ass et um fréien Nomëtteg d’Lager zu Birkenau gaangen. Knapp 3 Kilometer ewech läit Auschwitz II a bitt mat sengen 175 Hektar eng erschreckend grouss Fläch fir gräisslech Folter an den industrielle Massemord. Ufanks sollten hei just Krichsgefaangener hibruecht ginn.

Nodeems 1941 déi éischt Pläng zur Konstruktioun agereecht goufen – fir bis zu 125 Dausend Prisonéier sollt Plaz geschaf ginn – huet een no diversen Ännerungen d’Kapassitéiten op 200 Dausend Mënschen eropschrauwe kënnen. D’Camp ass dobäi a véier Ofschnëtter agedeelt ginn, woubäi am Mäerz 1942 als éischt d’Männercamp fir Prisonéier mat verschiddenen Nationalitéite gegrënnt ginn ass. Uschléissend goung et weider mam Fraecamp, enger Sektioun fir Zigeinerfamillen, engem weidere Männercamp, wéi och enger Aart Spidol. Zu gudder Lescht goufen nach ee Quarantainecamp fir Männer, ee Familljecamp fir Judden aus Theresienstadt an een Transitcamp gebaut.

Auschwitz

© Shari Pleimelding/moien.lu

Wa Krankheeten Doudeger fuerderen

Méi wéi 300 Baracken – meeschtens aus Holz – hunn den honnertdausende Gefaangene kee Schutz viru Fiichtegkeet a Keelt gebueden a soumat de souwisou schonn haarden Alldag nach verschlëmmert. Primitiv gebauten Nischen hunn op dräi Etagen de Leit als Bett gedéngt, woubäi een oft zu 6 Persounen oder méi an engem Ofschnëtt louch. Huet d’Stabilitéit vum Holz nogelooss, goufen d’Prisonéier ënnen drënner blesséiert an zerquëtscht. Op enkstem Raum hu méi wéi 400 Mënsche gehaust.

Ënnererniert, doudmidd an ouni Kraaft huet ee sech misse mat den desastréisen hygieneschen Zoustänn ploen. Natierlech hu Baracke mat einfache Wäschméiglechkeeten an Toiletten existéiert, allerdéngs an ze gerénger Unzuel, wouduerch d’Kleedung an d’Schlofberäicher mat Ausscheedunge beschmiert waren. Duerchfall an den Ausbroch vun anere Krankheete ware keng Seelenheet, mee traureg Gewunnecht. Generell war et den Inhaftéierte just zwee Mol den Dag an ënnert enormem Stress erlaabt, sech erliichteren ze goen.

Auschwitz

D’Baracke vu bannen © Shari Pleimelding/moien.lu

Et goung alles ëm d’Aarbecht

Natierlech war et ee perfid Spill de Prisonéier eng Aarbecht, an domat Hoffnung op Fräiheet ze ginn. Verschidde Prisonéier haten hei allerdéngs „d’Chance“ eng besser Beschäftegung ze kréie, wéi anerer. Esou hat een et gutt getraff wann een d’Wallissen a perséinlech Géigestänn vun den Neien opsammelen a sortéieren duerft. Jüddesch Gefaangener hunn den Tri gemaach, ier d’Géigestänn mat Camionen an de Beräich mam vertrauenswierdegen Numm Kanada komm sinn.

Wäertvoll Stécker goufen an dat däitscht Räich geschéckt oder d’Nationalsozialisten duerften sech direkt zerwéieren. Eleng am Musée Auschwitz-Birkenau si méi wéi 80.000 Schong, 3.800 Wallissen, 12.000 Dëppen, ëm 40 Kilogramm u Brëller, 260 zivil Kleedungsstécker a 6.000 Konschtwierker ze fannen.

Et konnt een den Dout richen

Déi gräisslechst Aarbecht hate wuel déi Judde kritt, déi dat gréisst Vertraue vun den Offizéier verdénge konnten. Direkt bei de Gaskummeren hu si sech missen ëm den idealen Oflaf këmmeren an d’Leit, déi just wéineg Amenter méi spéit den Dout fanne sollten, berouegen an dozou bréngen, d’Zell ze betrieden. Natierlech huet dat „ausgewielte Personal“ just wéineg Deeg méi spéit dat selwecht Schicksal erwëscht. Wéi grausam muss et wuel sinn, déi eege Bridder a Schwësteren an den Dout schécken ze mussen? Natierlech war och dësen Aspekt nees genau vun den SS-Offizéier geplangt.

Mat Hëllef vum Zyklon B konnten an de Gaskummeren zu Auschwitz II ënnerhalb vu 25 Minutten ëm 1.500 Mënsche vergaast ginn. Déi alldeeglech Kapassitéit vun de véier Krematorie louch bei 3 bis 4 dausend Läichen. De schwaarzen Damp huet dobäi fir déi Gefaangen net nëmmen immens verdächteg ausgesinn: Wéi d’Guidin erkläert huet soll och de Geroch onerdréiglech gewiescht sinn.

Datt dëst Camp net nëmmen zur Qual a Folter, mee och zur Massevernichtung déngt, ass den Inhaftéierten lues awer sécher bewosst ginn

D’Billergalerie fannt Dir uewen © Shari Pleimelding/moien.lu

Ähnlech Sujeten Aarbecht, Auschwitz I, Auschwitz II, Auschwitz-Birkenau, Baracken, Birkenau, Commemoratioun, Judden, Kierfecht, Konzentratiounslager, Läichen, Onmënschlech, Vergaangenheet, Vergasung, Vernichtungslager, Zyklon B
Nächsten Artikel Virrechten Artikel