Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

D’Stormtrooper vum 501st Outpost waren am Belval-Plaza
International Kultur speed dating corinthian glasgow bracket dating dallas

how far back can carbon dating go

D‘Sortie vun der „Star Wars Episode VIII“ op DVD a

Gouverneur vu Kalifornien rifft de Noutstand aus
International Kultur speed dating corinthian glasgow bracket dating dallas

Gouverneur vu Kalifornien rifft de Noutstand aus

Dréchent Wieder a staarke Wand bereeden den Autoritéiten zolidd Suergen.

Kleng Figure fir grouss Kanner
International Kultur speed dating corinthian glasgow bracket dating dallas

Kleng Figure fir grouss Kanner

Fir déi 14. Editioun vun de „LuxPlaymoDays“ hat sech d‘Asbl

Doudesfabrik Auschwitz – D’Häll mat eegenen Ae gesinn (Deel 4)

„De Wee op Auschwitz gouf mat Haass gebaut, mee befestegt mat Gläichgëltegkeet“, Ian Kershaw

Doudesfabrik Auschwitz – D’Häll mat eegenen Ae gesinn (Deel 4)
Ariichtung zur Desinfektioun © Shari Pleimelding/moien.lu
Doudesfabrik Auschwitz – D’Häll mat eegenen Ae gesinn (Deel 4)
Barack zu Auschwitz II © Shari Pleimelding/moien.lu
Doudesfabrik Auschwitz – D’Häll mat eegenen Ae gesinn (Deel 4)
Internationaalt Denkmal zu Éieren vun den Affer vum Faschismus an der Vernichtung an Auschwitz © Shari Pleimelding/moien.lu
Doudesfabrik Auschwitz – D’Häll mat eegenen Ae gesinn (Deel 4)
© Shari Pleimelding/moien.lu

No der Selektioun sinn d'Hoer geschnidde ginn © Shari Pleimelding/moien.lu

Enn Februar 2019 hunn zwou Frëndinnen an ech zwee vun den dräi Deeler vum weltwäit bekanntste Konzentratiounslager zu Auschwitz a Polen besicht. Gëtt d’Vergaangenheet net genuch an der Schoul thematiséiert a kréie just verschidde privilegéiert Schüler d’Méiglechkeet d’Lager ze besichen, da muss ee selwer aktiv ginn. Dës Rees an déi däischter Vergaangenheet zur Zäit vum Zweete Weltkrich sollt eis nach Deeg duerno an déiwer Roserei an Trauer hänke loossen, sou wéi Héngerhaut verursaachen. Schnell ass kloer ginn, datt mir mat all Schrëtt iwwert zuelräich Läichen trëppelen.

Auschwitz II war dat gréisst vu méi wéi 40 Camps vum KZ-Komplex. D’Majoritéit vun den Affer vum Konzentratiounslager Auschwitz – geschat ëm 90 % – sinn zu Birkenau gestuerwen oder ëmbruecht ginn. Zwou Funktioune goufen op enger Fläch vereent:

  • D’Konzentratiounslager huet verschidde „Kategorien“ u Prisonéier gezielt, déi duerch déi alldeeglech Liewensëmstänn lues awer sécher stierwe sollten. Op laang Siicht hunn d’Konditiounen d’Iwwerliewen onméiglech gemaach;
  • D’Vernichtungslager huet virun allem den Dout duerch Vergasung vun haaptsächlech Judden als Zil gehat. Am September 1941 sinn iwwregens déi éischt Experimenter zur Massevergasung mam Zyklon B duerchgefouert ginn. Dobäi sinn 600 sowjetesch Krichsgefaangener an 250 krank polnesch Prisonéier ausgewielt, fir den Dout ze fannen.
Auschwitz

Barack zu Auschwitz II © Shari Pleimelding/moien.lu

Exterminatioun wéi um Fliissband

Ab Hierscht 1942 stoung fest, datt d’SS-Offizéier grouss Pläng zur schneller a groussflächeger Vernichtung vun Onschëllegen haten. Um 31. Mäerz ass zu Birkenau déi éischt vu 4 Gaskummere a Betrib gaangen, um 4. Abrëll 1943 déi Läscht. Am Ganzen hunn d’Gaskummeren II, III, IV a V 2.255 Quadratmeter gebueden a konnten 4.420 Mënsche gläichzäiteg ëmbréngen. Wéi um Fliissband missten d’Leit sech entkleeden a goufen direkt an d’Zëmmer gedréckt. Ënnerhalb vun 20 Minutten huet all Liewen een Enn fonnt.

D’Kummeren II an III waren ënnerierdesch verstoppt, d’Läiche goufen iwwert een elektresche System bei ee vun de 5 Iewe bruecht. Virun der Verbrennung sinn den Doudegen nach Goldzänn an aner wäertvoll Géigestänn ewech geholl ginn. Bei de Kummeren IV a V ass de System reegelméisseg ausgefall, d’Läiche goufe bausse verbrannt. Erschreckend: An där ganzer Zäit huet just eng eenzeg Foto d’Verbriechen dokumentéiert, datt Mënschen kéipweis bausse verbrannt gi sinn.

Auschwitz

SS-Offizéier verbrennen baussen d’Läichen vun den Doudegen (1944)

Besonnesch erschreckend an dësem Beräich war fir eis de schwaarze Séi, dee vun den Äschen donkel gefierft war. Hunn d’Nationalsozialiste kuerz virun der Befreiung nach versicht, hir Doten ze verstoppen an d’Gebaier ze zerstéieren, esou weist grad dës Plaz, datt d’Massevernichtung wierklech stattfonnt huet.

Auschwitz

Internationaalt Denkmal zu Éieren vun den Affer vum Faschismus an der Vernichtung an Auschwitz © Shari Pleimelding/moien.lu

Eng Plaz vum Kreesch

Iwwert d’Zuchgleisen, déi engem onendlech wäit virkommen, gëtt ee laanscht d’Ramp, d’Selektiounsplaz, d’Baracken an d’Krematorien II an III hin zur Gedenkplaz geleet. Wou d’Schinne symbolesch ofgeschnidde sinn an een de Misär fir ëmmer um Weiderkommen hënnere wëll, ass dat Internationaalt Denkmal zu Éieren vun den Affer vum Faschismus an der Vernichtung an Auschwitz ze fannen. Nodeems bei engem Concours am Joer 1957 ganzer 426 Propositioune fir een Denkmal agereecht gi sinn, huet den internationale Jury ëm den Henry Moore déi dräi stäerkst Projeten zeréck behalen. Et soll awer nach emol ee Joerzéngt an divers Ännerunge brauchen, bis um 16. Abrëll dat finaalt Wierk ageweit ginn ass.

Zentral geleeë kann een den Tuerm aus Steng als Schaarschtech deiten. Als Ergänzung heizou erënneren 19 Metalltafelen mat jeeweils dem selwechte Message, allerdéngs ëmmer an enger anerer Sprooch, un d’Verbriechen a seng Affer. Och eng Plack op Lëtzebuergesch kann ee fannen: „Des Plaz soll fir ëmmer e Kreesch vu Verzweiwlung a Warnung fir d’Mënschheet sinn. Hei hunn d’Nazien eng annerhallef Millioun Männer, Fraen a Kanner, d’Meescht Judden, aus verschiddene Länner vun Europa ermuert. Auschwitz-Birkenau, 1940 – 1945“.

Auschwitz

Internationaalt Denkmal zu Éieren vun den Affer vum Faschismus an der Vernichtung an Auschwitz © Shari Pleimelding/moien.lu

Wärend all de Jore wollten d’Nationalsozialisten hir grujeleg Verbrieche geheim halen. Wou am Juli 1944 sowjetesch Truppen d’Lager Majdanek ageholl hunn, ass och Auschwitz opgeléist ginn. Op den Doudesmarschen a Richtung Mauthausen oder aner Lager ass nees ee gudden Deel vun de Gefaangene gestuerwen. Um 27. Januar 1945 hunn déi sowjetesch Truppen Auschwitz befreit: Op der Plaz waren nach ëm 7000 Prisonéier, déi no der Befreiung duerch de gesondheetleche Schued an Entkräftung net iwwerlieft hunn.

D’Billergalerie fannt Dir uewen © Shari Pleimelding/moien.lu

Ähnlech Sujeten Auschwitz II, Auschwitz-Birkenau, Befreiung, Gaskummer, Henry Moore, Internationaalt Denkmal zu Éieren vun den Affer vum Faschismus an der Vernichtung an Auschwitz, Judden, Krematorium, Nationalsozialismus, Zuchgleisen, Zyklon B
Nächsten Artikel Virrechten Artikel