Dateschutz a Bannesécherheet hunn eng schwiereg Bezéiung
Et ass net wéi wa kee méi géif duerchblécken, woubäi
Et ass net wéi wa kee méi géif duerchblécken, woubäi
Et war eng onüblech Zäit, déi sech den italienesche Regierungschef
Vergaangene Mëttwoch ass de Premier- a Staatsminister Xavier Bettel op
Eise guidéierten Tour vu 6 Stonnen huet sech dem Enn zougeneigt. Mir haten nach e bëssi Zäit ier de Bus eis sollt siche kommen, nach e bëssi Zäit fir ee leschte Bléck op de risegen Terrain ze geheien. An esou krute mir d’Erlaabnis den Tuerm vun der Entrée eropzeklammen, vu wou aus een nach emol bewosst gemaach krut, wat fir Dimensiounen dës Doudesfabrik wierklech huet a wéi vill Haass, Horror a kal Brutalitéit vereent konnt ginn.
Uewen vum Entréestuerm © Shari Pleimelding/moien.lu
Wéi mir zum Schluss nach gewuer gi sinn, hunn d’KZ Auschwitz a säi fréieren Direkter Kazimierz Smoleń besonnesch Gemeinsamkeeten. Als jonke Student ass hien 1940 verhaft a mat der Häftlingsnummer 1327 an d’Stammlager I bruecht ginn, wëll en um polnesche Widderstand bedeelegt war. Uschléissend ass et fir hie weider gaangen an d’Vernichtungslager Auschwitz II. Ganzer 4,5 Joer war hie Prisonéier an der Doudesfabrik a Polen. No der Befreiung am Joer 1945 ass hie schliisslech zum Direkter vum Musée Auschwitz-Birkenau ginn.
Ma genau 67 Joer no der Befreiung vum Vernichtungslager Auschwitz, ass de Kazimierz gestuerwen. Um 27. Januar 2012 huet hien zu Oświęcim dës Welt verlooss.
De Kazimierz Smoleń
Wisou et esou wichteg ass d’Vernichtungslager Auschwitz emol gesinn ze hunn? D’Monster a Symbol vum Onvirstellbarem hält engem virun Aen, wéi wäit Roserei an Diskriminatioun goe kënne, wann een éischt Unzeechen net schonn un der Wuerzel upéckt a se weider wuesse léisst. Just wann een d’Geschicht kennt, kann ee verstoen, änneren a verbesseren.
Am finale Gespréich mat eisem Guide huet d’Madamm ënnerstrach, datt eng Visitt vum KZ Auschwitz eng Obligatioun soll sinn. Mir wiere momentan am gaangen, d’Feeler aus der Vergaangenheet ze widderhuelen. Et soll een Auschwitz gesinn a gespuert hunn, fir ze realiséieren, datt dat Ondenkbart zur Wierklechkeet ka ginn.
D’Prothese vun den Affer © Shari Pleimelding/moien.lu
Um Wee zeréck a Richtung Krakau ware mir Dräi a Gedanke verluer. Eng immens Rou huet am Bus dominéiert. Geduecht hu mir awer all dat selwecht: Et war anescht, wéi mir eis et virgestallt hunn. Géif een den Horror vun Auschwitz net kennen, da kéint een d’Plaz, déi immens naturverbonnen ass, als ästhetesch bewäerten. D’Vergaangenheet schenkt awer een schrecklech ellene Bäigeschmaach… Rouege Bësch, Gebaier aus roudem Steen an d’Zwitschere vun de Villercher ginn iwwerdeckt vun zwou Tonne mënschlechen Hoer hannert Glas, Iwwerreschter vu Gaskummeren an hir Schaarschtecher mam Krematorium, Tierm un Zyklon B-Dousen, engem Véihwagon zum Transport vun de Leit, Prisongszellen, der Doudesmauer, dem Gaalgen a sou villen aneren Aspekter.
Wat mir erlieft hunn, konnte mir alleguer awer eréischt den Dag duerno realiséieren. Wéi konnt et esou wäit kommen? Wann eng Mass Haass streeë kann, wisou kann eng aner Mass sech deem net entgéint stellen an et stoppen? Wier et ze verhënnere gewiescht? Wou wiere mir haut, wann et dëst donkelt Kapitel net géif ginn? Froen iwwer Froen, déi jiddwerengem onbeäntwert bleiwen.
Ee Buch, dat d’Affer mat den Nimm oplëscht © Shari Pleimelding/moien.lu
D’Iwwerliewend vum Zweete Weltkrich a vum Vernichtungslager wäerten net éiweg liewen a sou sollt een hinnen nolauschteren, sou laang si hir Geschicht nach kënne matdeelen. Donieft si mir och der Meenung, datt den Zweete Weltkrich AN d’Vernichtungslager an de Schoule méi déif thematiséiert sollte ginn, jo datt souguer eng Visitt vun Auschwitz fir all Schüler obligatoresch sollt sinn. D’Péng vun de Gefaangene kann een sech net virstellen, dat onwuelt nodenklecht Gefill an déi ënnerlech Roserei mam Onverständnis kann een awer just op der Plaz selwer erliewen.
Och mir hate geduecht scho vill iwwert d’KZ Auschwitz ze wëssen. D’Verhale vun Zuelen a Methoden, d’Kenne vu Fotoen an d’Liesen iwwert dës Plaz kënnt nimools un d’Gefill erun, dat een op der Plaz selwer erlieft.
D’Billergalerie fannt Dir uewen © Shari Pleimelding/moien.lu