Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Gesondheet am Prisong: Verbesserungswierdeg
how to tell your ex you're dating Neiegkeeten

https://moien.lu/dating-codes/

Nodeems de Justizminister an d’Gesondheetsministesch den Deputéierten den Audit iwwert

celebration dating
how to tell your ex you're dating Neiegkeeten

Méi wéi 169.000 Europäer ënnerstëtzen de People’s Climate Case

En Dënschdeg hunn déi Lëtzebuergesch Netregierungsorganisatiounen ASTM, Greenpeace, Mouvement Ecologique

Europaliga: F91 Diddeleng géint AC Mailand – Verkéiersinformatioun
how to tell your ex you're dating Neiegkeeten

Europaliga: F91 Diddeleng géint AC Mailand – Verkéiersinformatioun

Fir de Match vum F91 Diddeleng géint AC Mailand am

Trump bestätegt Dout vum al-Baghdadi

US-Elittezaldoten hunn den IS-Chef fonnt, an deen huet sech an d‘Luucht gejot (eng Analys)

Trump bestätegt Dout vum al-Baghdadi

Schonn um Sonndegmueren hat e vun offizieller Säit aus „Fuitte“ ginn an och den US-President hat matten an der Nuecht verkënnt, datt „eppes ganz Grousses geschitt ass“. US-Elittezaldoten hätten de spirituelle Leader vum Islamesche Staat, Abu Bakr al-Baghdadi, ausgeschalt, esou d‘Faite wéi se gëschter vun engem gutt gelaunten Donald Trump geschëldert goufen.

Laut dem Milliardär, deem esou eng gutt Nouvelle zimlech geleeë kënnt, huet sech den Abu Bakr al-Baghdadi selwer gesprengt, an domatter och dräi vu senger Kanner mat an der Dout gerappt. Unhand vun DNA-Analyse wier et méiglech gewiescht d‘Identitéit vum IS-Chef ze bestätegen. Bei dëser geheimer Militäroperatioun konnten d‘Asazkräfte weider „Komplizen“ ausschalten.

al-Baghdadi

Interessant och d‘Meldung vum Kommandant vun de syresch demokratesche Kräften (SDF). Op Twitter huet de Maslum Abdi den Dout vum IS-Leader begréisst. Säin Dout wier d‘Resultat vun enger laanger geheimdéngschtlecher Zesummenaarbecht gewiescht. Den Openthaltsuert war laang bekannt an déi relevant Acteure waren entspriechend virbereet. Och d‘Tierke wousste Bescheed

An elo? Ass den IS geschloen?

Fir d‘Unhänger an d‘Kämpfer vum IS ass den Dout vun hirem Leader sécherlech en haarde Schlag, grad elo, wou si nom amerikanesche Réckzuch nees ugefaangen hunn sech nei ze sammelen. Datt säin Dout sech op d‘Moral néierschléit, dovunner ass auszegoen, et dierf een et allerdéngs och net iwwerbewäerten. Wann hien och als „Kapp“ vun der Organisatioun héichgehale gëtt, de grouss Leader war den Abu Bakr al-Baghdadi net. Hie war weder den Ideolog nach de Strateg vum IS.

Mam al-Baghdadi hunn d‘Amerikaner eng wichteg Figur vum Schachbriet geholl, d‘Spill selwer leeft weider. D‘Grënn déi derzou gefouert hunn datt den IS esou „grouss“ konnt gi bestinn nach ëmmer, an deels hunn se zougeholl. Mam Réckzuch vun den US-Truppen aus dem syreschen Nordosten, hunn d‘USA e Raum geschafen an deem sech ethnesch a reliéis Konflikter beschtens entwéckele kënnen. Krich an Terror ginn hei duerch eng oniwwerluechten Aktioun gefërdert.

Wann d‘Politik verseet

Andeems den Donald Trump de Kurden de Réckhalt entzunn huet, konnten sech elo awer och nees d‘Regierungstruppe vum Baschar al-Assad, dee vu Moskau gestäipt gëtt, abréngen an e Stéck wäit d‘Kontroll vun der Regioun zréckgewannen. D‘Russe schéngen zudeem mat den Tierken e Wee fonnt ze hunn, fir d‘Invasioun vu Syrien a méi prezis der kurdescher Regioun „Rojava“ opzehalen.

al-Baghdadi

© White House

Op der irakescher Säit sollten engem déi massiv Protester zu Bagdad d‘Suergefalen op d‘Stir dreiwen. Déi irakesch Jugend rebelléiert zu Bagdad géint eng politesch Elite, déi d‘Land nom Stuerz vum Saddam Hussein (mat der Ënnerstëtzung vun den USA an den Europäer) ënnert sech opgedeelt huet. Kënnt et net zu enger politescher Léisung, riskéiert e Biergerkrich auszebriechen.

Nom Dout vum Bin Laden an dem Abu Bakr al-Baghdadi huet den dschihadistesche Mouvement wuel Plomme gelooss, mee um Enn ass en net. Wéi viru bal 20 Joer dem Terror „de Krich erkläert“ ginn ass, war ëmmer nees rieds dovunner d‘Ursaache bekämpfen ze wëllen. Et léisst awer nëmme feststellen, dat déi ugewannte Strategie grad dës Ursaachen ignoréiert, wann net gesteigert hunn.

mat indymedia/was/tlv

Foto: © White House

Ähnlech Sujeten Abu Bakr al-Baghdadi, Awad al-Badry, CIA, Donald Trump, Idlib, Optragsmord, Syrien
Nächsten Artikel Virrechten Artikel