Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Petitioun géint Mobilfunknetz 5G (e Kommentar)
Kultur Neiegkeeten

Petitioun géint Mobilfunknetz 5G (e Kommentar)

Iwwer Sënn an Onsënn vu Petitioune kann ee streiden, mee

Wéi feiert Mamer de Nationalfeierdag?
Kultur Neiegkeeten

Wéi feiert Mamer de Nationalfeierdag?

Während sech um Virowend vum Nationalfeierdag de Gros vun den

E Standuert fir de CIS Beetebuerg/Diddeleng
Kultur Neiegkeeten

E Standuert fir de CIS Beetebuerg/Diddeleng

Den 20. Mee hat den DP-Deputéierte Gusty Graas bei der

Doud vum Pol Cruchten – D’Filmwelt an Trauer

Doud vum Pol Cruchten – D’Filmwelt an Trauer

Um Mëttwoch Mëtteg huet de Grand-Duché déi traureg Nouvelle kritt, datt de Lëtzebuerger Regisseur, Realisateur a Produzent Pol Cruchten am Alter vun 55 Joer gestuerwen ass. An dësem däischtere Kader huet sech d’Lëtzebuerger Filmfërderung an de Minister Xavier Bettel zu Wuert gemellt.

Mat grousser Trauer huet d’Ekipp vun der Lëtzebuerger Filmfërderung d’Noriicht vum Doud vun engem vun de gréisste Filmemaacher aus dem Grand-Duché opgeholl. De Pol Cruchten war een passionéierte Kinogänger, ee Kenner vun der ganzer Filmwelt, ee fläissege Lieser an een Adept vun der Musek aus der ganzer Welt.

D’Lëtzebuerger Filmfërderung erkläert, datt eist Land mam Pol een immens talentéierte Mënsch verluer huet. Als éischte Lëtzebuerger ass hien 1992 mat sengem Spillfilm „Hochzäitsnuecht“ um Festival vu Cannes selektionéiert ginn. Um nationalen an internationalen Terrain ass hien fir seng Aarbecht geschat ginn.

Mam Documentaire „La supplication“ huet de Pol Cruchten schliisslech een eenzegaartegt Wierk, nom Roman vum Svetlana Alexievitch, geschaf a konnt esou d’Ëffentlechkeet weltwäit sensibiliséieren.

Als passionéierte Filmemaacher huet hien un zuelräiche Produktioune matgeschafft a souguer seng eege Filmer virbereet. Dobäi duerft hien ënnert anerem mam mauretanesche Produzent Abderrahmane Sissako um Projet „Face(s) of Africa“, engem historeschen Documentaire iwwert dat zäitgenëssescht Afrika, zesumme schaffen. Dëst Thema huet him generell um Häerze geleeën.

De Pol war net nëmmen Auteur, mee och nach Realisateur, Regisseur a Produzent. Als vertrauenswierdege Partner gouf hie bei der Aarbecht fir seng Hingab, seng Éierlechkeet, seng Professionalitéit a seng Oppenheet vun de Kollegen extrem geschat. D’Gespréicher mam Pol hu sech ëmmer als beräicherend a konstruktiv erausgestallt.

Mat him verléiere mir net nëmmen eng professionell Perséinlechkeet an een exzeptionelle Mënsch, mee virun allem ee Frënd mat vill Häerz, dee sech der Wichtegkeet vun de Kinowierker verschriwwen huet. Seng Wierker maachen eis stolz a wäerte vir ëmmer an eisem Geescht a kulturelle Patrimoine bleiwen.

Mir wäerten dech nimools vergiessen.
Eis Gedanken si mam Jeanne, Vincent an der ganzer Famill.

D’Ekipp vun der Lëtzebuerger Filmfërderung

Bäileed vum Xavier Bettel

Och eise Premierminister Xavier Bettel huet mat grousser Verzweiwlung vum Dout vum Regisseur, Realisateur a Produzent Pol Cruchten matkritt.

Esou deelt hie mat: „De Pol Cruchten war a bleift eng emblematesch Figur vun eisem nationalen audiovisuelle Secteur, deen zur Entwécklung vun eisem cinematographesche Patrimoine bäigedroen huet.

Doriwwer hinaus lueft de Minister besonnesch déi intelligent an heiansdo och komplex Themen, mat deenen de Filmemaacher iwwerzeegte konnt. Sief et „Black Dju“, „Perl oder Pica“ oder och „Justice dot net“, seng Filmer hunn hannerfrot an eis zum Nodenke bruecht. Besonnesch ervir hiewe wëll hien allerdéngs den Documentaire „La supplication“ bei dem et ëm d’Affer vun der Tchernobyl-Katastroph geet. Als sensibele Mënsch a mat vill Häerz ass dësen Artist erausgestach. „Säi Verschwannen hannerléisst een enorme Vide an eisem klenge cinematographeschen Universum.“

De Xavier Bettel adresséiert säin häerzlecht Bäileed un d’Jeanne Geiben an déi ganz Famill vum Pol.

Och d’Ekipp vu Moien.lu dréckt der ganzer Famill an de Frënn vum Pol Cruchten hiert déifste Bäileet aus.

Opmaacherbild: Aus dem Interview zu “La supplication” mam Pol Cruchten / Youtube

Ähnlech Sujeten 55 Joer, Dout, Festival vu Cannes, Lëtzebuerger Filmfërderung, Pol Cruchten, Xavier Bettel
Nächsten Artikel Virrechten Artikel