Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Spärung duerch Chantier op der A7/B7
International Neiegkeeten

Spärung duerch Chantier op der A7/B7

D’Stroossebauverwaltung deelt mat, datt duerch eng urgent Inspektioun vun der

An d‘Netz gaangen
International Neiegkeeten

An d‘Netz gaangen

Mir kréien et bei all Wahlkampf op en Neit ze

money
Nach keen Hëllefspak a Siicht
International Neiegkeeten

Nach keen Hëllefspak a Siicht

No engem 16-stënnegen Diskussiounsmarathon, esou déi gutt Nouvelle, wier ee

USA: Erwise Feeler nom Dout vun engem 7 Joer jonke Meedchen

USA: Erwise Feeler nom Dout vun engem 7 Joer jonke Meedchen

En US-Deputéierten huet um Dënschdeg eng ganz Serie „Feeler“ denoncéiert. Hie war mat enger Delegatioun zu New Mexiko, fir iwwert den Dout vun engem 7 järege Meedchen aus Guatemala ze enquêtéieren, dat e puer Stonnen nodeems et vu Grenzpoliziste verhaft gi war, verstuerwen ass.

D‘Jackeline Caal war mat sengem Papp Nery illegal an d‘USA agereest. Si entstamen engem Duerf vun der Maya-Communautéit am Norde vum Guatemala. Dem offiziellen Text no, ass dëst Kand den 8. Dezember an engem Spidol vun El Paso (Texas) no engem septesche Schock verstuerwen.

„Mir wëssen haut datt et eng ganz Rei verstéierend Versoe ginn huet, an der Aart a Weis wéi den Zoustand vum Kand behandelt ginn ass“, erkläert géintiwwer de Medien den Joaquin Castro, e Representant vun den Demokraten, no senger Visite vun engem „Zenter“ zu Lordsburgh (NM).

De Retentioun-Zenter vu Lordsburgh a New Mexiko, gëtt vun der Grenzpolice (CBP) geréiert, an dem US-President seng anti-Immigratiounspolitik gëtt hei wuertgetrei applizéiert. „De Problem huet domatter ugefaangen, datt d‘Grenzpoliziste géint d‘Gesetz verstouss hunn“, esou de Castro.

„D‘Beamte vun der Douane an der Grenzpolice ware gehalen de Kongress bannent 24 Stonnen ze informéieren, datt d‘Jackeline verstuerwen ass, während et vun hinne festgehale ginn ass“, stellt de Joaquin Castro kloer. Esou sinn ab dem Moment vun der Verhaftung, Feeler gemaach ginn.

Sollt de Virfall vertuscht ginn?

Laut dem Demokrat, war op de gutt 150 Kilometer déi den Uert, wou d‘Migranten sech der Police gestallt hunn a verhaft gi sinn, an dem „Zenter“ vu Lordsburgh, wou d‘Leit a Retentioun kommen, keng Persoun am Bus dee si transportéiert huet, dee medezinesch Hëllef hätt leeschte kënnen.

Wann dëse schrecklechen Dout net vun der Washington Post opgedeckt gi wier, wier een et am US-Kongress wuel net gewuer ginn, stellt den Demokrat dréche fest. Vill Stëmmen hu sech mëttlerweil erhuewen, a wëlle vun den Autoritéite wësse firwat si eng Woch laang de Mond gehalen hunn.

D‘Angscht datt sech esou eppes widderhuele kann, ass bei de Leit grouss. An den USA ginn aktuell eng 15.000 mannerjäreg Kanner, déi illegal agereest sinn, an Lager/Zentre festgehalen. All dës Strukturen, esou den offiziellen Term, sinn ze kleng an d‘Zoustänn net méi vertrietbar.

Fir datt et esouwäit konnt kommen, do sinn sech d‘Amerikaner – op fir oder géint d‘Migratioun – eens. Dësen Zoustand muss der Politik vun der „Null Toleranz“ zougerechent ginn. Den Trump, dee senge Landsleit versprach huet, déi illegal Immigratioun ze stoppen, steet an der Verantwortung.

Et dierf een an dësem Fall och drop hiweisen, datt d‘US-Autoritéiten elo eng administrativ Enquête opgemaach hunn – déi se sech gären erspuert hätten, wann net d‘Washington Post alles verroden hätt – a sécher gestallt ass, datt d‘Conclusioune vun der Enquête musse verëffentlecht ginn.

Dat mécht d‘Jackeline Caal, 7 Joer jonk, aus Guatemala net méi lieweg. Mee d‘Welt kennt elo seng Geschicht, e Flüchtlingsschicksal ënner villen. Leit flüchte viru Gewalt an Aarmut, un där déi Länner an déi si „flüchte“ wëllen, oft déi gréisste Schold hunn…

mat AFP

Foto: D‘Jackeline Amei Rosmery Caal – hei um Smartphone vun engem Familljemember festgehalen – ass, no offzieller Ausso, un engem septesche Schock gestuerwen, nodeems et vun de Grenzpolizisten a New Mexiko „verhaft“ gi war. Eng Woch laang konnt de Virfall ënner Verschloss gehale ginn. © Johan Ordonez/AFP

Ähnlech Sujeten Donald Trump, Dout, Guatemala, Illegal, Jackeline Amei Rosmery Caal, Joaquin Castro, Kirstjen Nielsen, Mauer, Meedchen, Mexiko, Migratioun, USA
Nächsten Artikel Virrechten Artikel