Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

coollove
Refugiéen: Lëtzebuerg geet mam gudde Beispill vir
Cry Neiegkeeten

Refugiéen: Lëtzebuerg geet mam gudde Beispill vir

Entspriechend den Entscheedunge vum europäesche JAI (Justiz an Innenugeleeënheete) am

dislike
Nazi-Verherrlechung, Schosswaffen an e Rakéitewerfer: Police gräift géint Hells Angels duerch
Cry Neiegkeeten

Nazi-Verherrlechung, Schosswaffen an e Rakéitewerfer: Police gräift géint Hells Angels duerch

Déi belsch Polizisten hunn um Mëttwoch e gréissere Schlag géint

cool
EU: 20 Länner fir ee Parquet zu Lëtzebuerg
Cry Neiegkeeten

EU: 20 Länner fir ee Parquet zu Lëtzebuerg

D”Justizministere vun 20 EU-Länner en Accord finaliséiert, fir e spezialiséierte

crying

D‘Land trauert nom Dout vun engem Polizist

D‘Land trauert nom Dout vun engem Polizist

Et war an der Nuecht vun e Freideg op Samschdeg, wéi op der N7 bei Lausduer dat onvirstellbart passéiert ass. E Chauffer, deen eng Policekontroll gesinn huet, hat sech duerch d‘Bascht wëlle maachen. D‘Polizisten hunn net gezéckt an d‘Verfolgung opgeholl, woubäi et zu engem vun de gräisslechsten Accidenter koum, deen d‘Police an de leschte Jore kannt huet.

Zanter e Samschdeg droen d‘Policebüroen Trauerflor, als Zeeche vun der Undeelnam nom Dout vum Polizist, dee bei der Verfolgungsjuegd mat engem zweete Gefier vun de Police kollidéiert ass. Vill kuerz Informatiounen, wuel näischt Konkretes, haten de ganze Weekend iwwer déi sozial Netzwierker an Otem gehalen. Um Sonndegowend waren du verwäertbar Informatiounen do.

Op der dräispureger N7 bei Lausduer, soll d‘Police kuerz virun 2:00 Auer e Kontrollposten opgestallt hunn, wou si d‘Automobilisten enger Alkoholkontroll ënnerzéie wollten. Eng Moossnam déi soll am Zesummenhang mam Bal zu Wäisswampech stoen. Si ware gutt ze gesinn, an en Automobilist huet, wéi hien de Barrage gesinn huet, net laang gezéckt an d‘Kéier gemaach.

De falsche Choix

De Poliziste war dëse Manöver net entgaangen an déi hunn sech direkt beméit, dem Verdächtege Gefier nozefueren. An dat mannst wat ee ka soen, et huet sech eng grausam Kettereaktioun erginn. De Policeauto, ass op der Juegd nom Flüchtegen mat héijer Vitess an d‘Camionnette vun enger zweeter Patrull vun dräi Agente gerannt.

Fir de Kommissär a Chauffer vum Policeauto war de Schock mat der Camionnette déidlech. D‘Agentin, déi mat am Auto gesiess ass, war schwéier um Kapp verletzt ginn an huet missen Noutoperéiert ginn. D‘Agenten, déi an der Camionnette gesiess hunn, sinn bis op ee Polizist, deen sech en oppene Broch zougezunn huet, nëmme liicht blesséiert ginn.

E Virfall mat uerge Konsequenze fir de Chauffeur, dee sech der Kontroll zu Lausduer wollt entzéien. Vun der Police nach e Samschdeg verhaft, huet den Untersuchungsriichter de Mann am Nomëtteg verhéiert an verfüügt, hien op Schraasseg an Untersuchungshaft ze huelen. De Mann hat agestane vill Alkohol gedronk gehat ze hunn.

Him gëtt elo, nieft Fueren ënner Alkoholafloss, „Doudschlag“ virgeworf. An dat ass net näischt, well sollt de Procureur dëse Virworf um Geriicht duerchkréien, riskéiert de 37 järegen Entrepreneur eng laang Prisongsstrof.

Reaktiounen

Nach am Laf vum Samschdeg hat sech dann och de Vizepremier Etienne Schneider zum Virfall iwwert e Communiqué geäussert. Hien huet der Famill vum verstuerwene Poliziste säi Bäileed ausgedréckt, a verséchert, datt seng Gedanken och bei de verletzte Poliziste sinn. Hien hat och bestätegt, datt aus Solidaritéit, d‘Fändele bei de Policebüroen op Hallefmast gesat goufen.

De Premierminister Xavier Bettel huet sech via Twitter der Deklaratioun vum Etienne Schneider ugeschloss, hofft datt sech déi verletzte Poliziste séier vun hire Blessuren erhuelen. De Spëtzekandidat vun der CSV, Claude Wiseler, huet och via Twitter de Famillje vun den Affer verséchert, datt seng Gedanke bei hinne wieren.

Ähnlech Sujeten Alkohol, Dout, Fahrerflucht, Police
Nächsten Artikel Virrechten Artikel