Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Dëse Freideg op der Plëss: Summer Night Voices
cancer dating horoscope dating sites search without signing up

https://moien.lu/online-dating-environment/

De Luxembourg City Tourist Office (LCTO) an d‘Stad Lëtzebuerg (VDL)

honeycomb dating app
cancer dating horoscope dating sites search without signing up

Vëlospisten: Déi gutt Mobilitéit ass déi douce Mobilitéit

D‘Conseillere vun déi Gréng aus dem Stater Gemengerot, halen un

Glyphosat: Een erfollegräicht Uerteel fir de Mënsch, d’Ëmwelt an d’Aartevillfalt
cancer dating horoscope dating sites search without signing up

Glyphosat: Een erfollegräicht Uerteel fir de Mënsch, d’Ëmwelt an d’Aartevillfalt

Um vergaangenen Donneschdeg huet de Geriichtshaff vun der Europäescher Unioun

dislike

Downing Street op der sich no engem Partner

Downing Street op der sich no engem Partner

Während e ganze Koup, virun allem jonk Leit uechter ganz London géint de Koalitiounsprojet vun der Premierministesch mat den Nordireschen Unionisten (DUP) demonstréiert hunn, kënnegt Downing Street un en Accord fonnt ze hunn.

Am Communiqué aus dem Regierungssëtz gëtt matgedeelt: „D’Premierministesch (Theresa May) huet haut am Owend (Samschdeg) mat der DUP iwwert d’Finalisatioun vun engem Accord diskutéiert iert d’Parlament d’nächst Woch seng Aarbecht nees ophëlt“. Ënnerstrach gouf datt „Mir wënschen eis zu dësem Accord ze fanne wëll deen d’Stabilitéit an d’Sécherheete bitt dat d’Land brauch fir de Brexit unzegoen an déi Zäit duerno.“

Grondsätzleche Support

Ee Spriecher vun Downing Street hat ee Samschdeg deklaréiert, datt den DUP gréng Luucht zum „Prinzip vun engem Accord zu de grousse Linne fir déi konservativ Regierung ze ënnerstëtzen“ ginn hat. Déi kleng nordiresch politesch Formatioun DUP deelt mat: „D’Gespréicher sinn esouwäit positiv verlaf. Se ginn déi nächst Woch weidergefouert fir d’Detailer ze klären an een Accord ze fannen.

D’Theresa May brauch d’Ënnerstëtzung vun den zéng DUP-Parlamentarier, fir eng Majoritéit ze erreechen. Bei de Walen um Donneschdeg haten d’Tories eng zolidd Nidderlag erlieft an ganzer zwiellef Sëtz verluer. Mat nëmmen nach 318 Sëtz feelen de Konservativen der aacht fir déi Absolut Majoritéit vun 326 ze hunn.

Eng Koalitioun mat der ultra-konservativer a protestantescher DUP ass awer ee gewote Schratt an dierft och an den eegene Reie vun der May-Regierung net op Eestëmmegkeet gestouss sinn. Esou stellt d’Ruth Davidson, Cheffin vun de schottesche konservativen, eng Rei Konditiounen: „Ech hunn D’Theresa May opgefuerdert, am Fall vun engem Accord mam DUP, Garantië virzeleeë fir sécherzestellen, datt d’Rechter vun der LGBT-Communautéit a Groussbritannien agehale ginn.

Dat ass dann och méi wéi nëmmen eng Warnung vun der Fra déi sech a kierzt mat hirer irescher Partnerin bestuede wëll. Eng gewollten Allianz mat der DUP, déi sech ganz kloer géint d’Bestuede vu gläichgeschlechtleche Koppelen an de Schwangerschaftsofbroch ausdréckt, huet zu enger Petitioun gefouert déi scho 600.000 Ënnerschrëfte sammele konnt. D’Petitioun denoncéiert „eng hoffnungslos a schockant Tentative fir un der Muecht ze bleiwen“.

Richteg ass dann och, datt d’Ofhängegkeet géintiwwer dem DUP d’Neutralitéit vun der britescher Regierung an Nordirland a Fro stellt. Ee Gebitt dat nach ëmmer ënner grousser Spannung steet, 20 Joer nom Enn vun den „Ausernanersetzungen“.

mat AFP

Foto: Anti-Konservativ an Unionistesch Demonstranten haten sech virum „Houses of Parliament“ afonnt fir géint eng méiglech Allianz an fir ee Récktrëtt vum May ze manifestéieren (© Justin Tallis/AFP)

Ähnlech Sujeten Groussbritannien, Theresa May
Nächsten Artikel Virrechten Artikel