Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Franséisch an eise Crèchen a Schoulen, erkläert
Neiegkeeten

Franséisch an eise Crèchen a Schoulen, erkläert

Vum Hierscht u soll an alle Crèche souwuel Lëtzebuergesch ewéi

Motivatioun fir Demokratie schafen
Neiegkeeten

Motivatioun fir Demokratie schafen

Um fréie Mëttwochowend war an der Escher Märei de Vernissage

What the Fakt – Alles am grénge Beräich um St. Patrick’s Day!
Neiegkeeten

What the Fakt – Alles am grénge Beräich um St. Patrick’s Day!

De 17. Mäerz steet ganz am Zeeche vum iresche Feierdag.

DP Nationalkongress: „Mir sinn iwwerzeegt, déi bescht Iddie fir eist Land ze hunn!“

DP Nationalkongress: „Mir sinn iwwerzeegt, déi bescht Iddie fir eist Land ze hunn!“

Sonndeg de Mueren 10:00 Auer: Den Auditoire am Tramsschapp um Lampertsbierg war briechend voll, d‘Stëmmung beschtens an u jonke Leit huet et net gefeelt. Fir de Nationalkongress vun der DP, déi beschte Viraussetzungen zouversiichtlech op d‘Chamberwahlen ze blécken.

Chamberwahlen, fir déi sech déi Demokratesch Partei gutt opgestallt gesäit, sollen an der Kontinuitéit vun de Gemengewahle stoen. Hei konnt sech d‘DP a ville Gemenge behaapten, och oder grad, well een deene Jonken an der Partei dat Vertraue geschenkt huet dat se verdéngt hunn.

An de Generalsekretär Claude Lamberty – dee mat iwwer 90% Zoustëmmung a sengem Amt bestätegt ginn ass – huet dann och den Akzent op eben d‘Jugend an der Partei (JDL) geluecht. Selwer emol ee vun de „jonken“, war et him wichteg ze betounen, datt hien, zesumme mam Xavier Bettel deemools agetruede sinn „fir d‘Welt ze veränneren“.

„Et ass fir d‘Zweet, datt d‘DP de Premier stellt. A wann d‘DP de Premier stellt, da passéiert och eppes“, betount de Generalsekretär a senger Erëffnungsried. „A véieranenhallef Joer hu mir dat beweegt wat agerascht war, dat ugepaakt wat d‘Virgänger an den ënneschten Tirang geluecht hunn“.

De Generalsekretär, deem – mat enger staarker Equipe – d‘Koordinatioun fir d‘Chamberwahlen uvertraut gëtt, erënnert drun, datt wéi déi aktuell Koalitiounsregierung 2013 d‘Geschécker vum Land iwwerholl huet, d‘Situatioun keng erfreelech war. Mat de Kurskorrekturen déi virgeholl goufen, kéint een awer houfreg behaapten: „Haut geet dem Land gutt“.

Sech net virun der Zukunft verstoppen

Fir dat Zil ze erreechen, ware sécherlech och onpopulär Entscheedungen noutwenneg, mee et hätt een haut Opweises. Den „Zukunftspak“ dréit seng Friichten, d‘Steierreform – déi deels grousser Kritik ausgesat war – gräift a kënnt bei deene Leit un fir déi se geduecht ass. D‘Trennung vu Kierch a Staat hätt een esou gutt hi kritt datt „d‘Kierch am Duerf bliwwen“ ass.

Mam vun der DP initiéieren Zukunftsfonds hätten een zudeem och Verantwortung fir déi nächst Generatiounen iwwerholl. An och beim Logement, dee fir Leit am Land zu enger reeller Suerg ginn ass, hätt ee vill erreecht, och wann an dësem Dossier nach vill Aarbecht op d‘Politik duerkënnt.

Et dierft een also roueg vu sech behaapten, esou de Generalsekretär, datt ee seng Hausaufgabe gemaach a seng Verspriechen agehalen hätt. E Fait deen och a virun allem dem Zesummenhalt vun de Membere geschëlt ass. De Claude Lamberty, geet an dann och zouversiichtlech an d‘Campagne, a rifft d‘Memberen op hir Kommentaren a Iddie mat afléissen ze loossen.

Bei de Rapporte vun de Presidente vun de regionale Komiteeën, ass et virun allem ëm den exzellente Bilan bei de Gemengewahle gaangen. De Max Hahn (Süden) huet sengersäits och nach emol d‘Engagement vun deene ville Jonke begréisst. Si hunn sech abruecht, bedeelegt a mat fir déi gutt Resultater gekämpft. Vu Generatiounskonflikt ass bei der DP keng rieds.

D‘Carole Hartmann (Osten) dat aus „dem klengsten awer schéinste Bezierk“ ze beriichte wousst, huet nach emol op dat iwwerzeegend Wahlresultat vum Lex Delles, Buergermeeschter vu Munneref, higewisen. Hei huet d‘DP iwwer 50% vun de Stëmmen erhalen. Am Osten ass d‘DP elo mat 6 Buergermeeschter (no der Halbzeit mat 7) präsent an och a 9 Schäfferéit vertrueden.

Déi Jonk Demokrate schwätze mat

De JDL-President Claude Schommer, huet seng Ried domatter ugefaangen, datt een an der Partei op déi vill „jonk Gesiichter“ sollt uecht doen. Si hätte vill gutt Iddien a Virschléi, déi vläicht deem engen oder aneren ze gewot erschéngen, sech awer der Entwécklung vun der haideger Gesellschaft géifen unhuelen. Dat bréngt mat sech, datt ee Fuerderungen huet.

Eng dovunner, d‘Legaliséierung vum Cannabis. Hinne geet et dann och net duer – ouni ze bestreiden datt et schonn e Fortschrëtt ass – datt de Cannabis elo emol soll zu therapeuteschen Zwecker erlaabt ginn. Nee, si fuerderen d‘Legaliséierung och fir de rekreative gebrauch.

Nach eppes wat, dem Claude Schommer um Häerz läit, an hien dem nächste Gesondheetsminister schonn elo wëll mat op de Wee ginn: „ënnerhuel eppes am Beräich vun den Organspenden!“ D‘Hollänner hunn ëmgesat, datt ee sech explizit muss dergéint entscheeden. Virreider hei waren awer d‘Lëtzebuerger, wou dës „Mesure“ säit 1982 gülteg ass.

Firwat gëtt dat net konsequent ëmgesat, freet sech de JDL-President? Géif een sech un d‘Gesetz halen, wiere vill Campagnen iwwerflësseg. Campagnen, wéi se an de leschte Jore gemaach goufen, rette kee Mënscheliewen. An hien huet och Zuelen déi dat androcksvoll ënnersträichen: vun 62 Persounen déi 2017 op eng Spend ugewise waren, hunn der 8 eng kritt. Datt kéint net sinn.

Och bei de Steiere misst nach emol nogeluecht ginn. En éischt Zil wier erreecht, mee d‘Steierpolitik misst der och neier Gesellschaftsform upassen. Et soll keng Ënnerscheeder méi gemaach, tëscht Bestuet, Gepaxt, oder Single ginn. Jidderee soll séi Liewen esou gestalte wéi et him passt. Avantage soll et awer ginn, wa Kanner do sinn, oder een et op sech hëlt, e Familljemember ze fleegen.

Eng kloer politesch Linn an Europa an zu Letzebuerg

De Charel Goerens op déi politesch Aarbecht vun der ALDE (Allianz vun den europäeschen Demokraten) agaangen, an do stoung dann och de Brexit am Virdergrond. Groussbritannien wier dem Nigel Farage an d‘Fal gaange. Deen huet sengem Land méi Problemer abruecht wéi Léisungen a sech uschléissend verfuusst. Och de Populismus dee „Gesellschaftsfäeg“ gëtt, ass ugeschwat ginn.

Den Eugène Berger, Fraktiounschef vun der DP um Krautmaart, huet op déi gutt Aarbecht an der Chamber higewisen. Et wier eng aner Politik gemaach ginn, eng wou de Mënsch am Mëttelpunkt stoe géing. All liberalen Deputéierten hätt sech am Interssi vum Land agesat, et hätt en den Opdreg vum Wieler eescht geholl. Dofir géif och bis zum leschten Dag an der Chamber geschafft ginn.

Fir d‘Corinne Cahen, Presidentin vun der Partei, muss festgehale ginn, datt d‘DP keng „Angscht“ verbreet, mee „Courage“ mécht. Dat gëllt besonnesch bei enger Gesellschaft déi ëmmer méi Digital gëtt. Dofir wier et besser vun de Chance vun der Digitaliséierung ze schwätzen, wéi vu Geforen.

Si fuerdert konsequent a geziilt an d‘Digitaliséierung ze investéieren. Dozou gehéieren och innovativ Aarbechtsmethoden. „Et dierf keen den Zuch vun der Digitaliséierung verpassen“. An dat hänkt dann och mat enger zukunftsorientéierter Ekonomie an dem Wuesstem zesummen. Hei dierf kee géint deen aneren ausgespillt ginn. Ökologie an Ekonomie gehéieren zesummen.

De Premierminister Xavier Bettel, geet voll motivéiert an de Wahlkampf. Et hätt och schwiereg Momenter ginn, mee et wier dëser Regierung gelonge besser Aussiichten op d‘Zukunft ze bidden. Wéi d‘Koalitiounsregierung iwwerholl huet, waren d‘Staatsfinanzen am roude Beräich, an awer hätt ee missen d‘Vergaangenheet verdeedegen iert een d‘Zukunft konnt opbauen.

„MS Lëtzebuerg ass nees op Kurs“ a stéiert roueg Gewässer hunn. Déi sozial Kohäsioun wier also nees hiergestallt, ouni datt engem eppes virgesat hätt. Ganz am Géigendeel, et géif jidderengem erméiglecht sech säi Liewensmodell opzestellen, et huet een elo de Choix.

An de Xavier Bettel mengt, datt ee sech sollt bewosst ginn, datt d‘Méisproochegkeet zu Lëtzebuerg an Atout ass. Dat dann och ouni eis „lëtzebuergesch“ mussen opzeginn. D‘Demande fir d‘Sprooch ze léieren ass esou grouss, datt een net méi nokënnt. An dat wier jo awer e Signal fir all déijéineg, déi mat nationalistesche Parollen de Leit Angscht maache wëllen, et géif e seng Identitéit verléieren.

Foto: De Premierminister a Spëtzekandidat vun der DP, steet fir den Zesummenhalt vun der Gesellschaft an. Hien trëtt dann och nach eng Kéier un, fir dat weiderzeféieren, wat eisem Land an de leschte Joren de Wee an d‘Zukunft bereet huet.

Ähnlech Sujeten Claude Lamberty, Claude Schommer, Corinne Cahen, DP Nationalkongress, Xavier Bettel
Nächsten Artikel Virrechten Artikel